Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

9000 Neiinfektiounen den Dag! 

9000 Neiinfektiounen den Dag!
Image par Vojtěch Kučera de Pixabay

op déi Zuel hätt Däitschand gëschter komme mussen, héichgerechent op d’Statistik zu Lëtzebuerg. Ronn 90 Neiinfektiounen op 800.000 Persounen- Frontallier also derbäi gerechent-, dat wären der bei eisem Noper ronn 100 mol méi! Däitschland koum gëschter awer just op 425 Persounen, déi mam Virus in flagranti erwëscht goufen. Sinn déi däitsch Virsiichtsmoossnamen besser ewéi eis? Sinn déi Däitsch méi streng mat sech selwer? Wann een de Medien nolauschtert, wär éischter de Géigendeel de Fall!

Domadder wäre mir nees bei den Tester gelant. Et gouf an de leschten Deeg vill driwwer gefachsimpelt, polemiséiert, Griéf gezunn: déi, déi un d’Tester gleewen, also vum systemateschen Testen iwwerzeegt sinn, ginn op  d’Säit vun de Wëssenschaftler gestallt. Gudde Choix! Déi, déi mengen, datt grad duerch den l-s-t (large scale testing) d’Land op esou héich Infektiounszuele kënnt, ginn an den Eck vun den Net-Gleewegen gedréckt, vun de Konservativen (géint de Fortschrëtt), vun de Verschwörungstheoretiker. Schlechte Choix!

Et ass jo evident, datt den l-s-t keng Infektiounen schaaft. Persounen sinn einfach do, hunn de Virus, dacks ouni et ze wëssen. Si ginn duerch den Test detektéiert. Et ass ze vergläichen mam Autoverkéier. Mir wëssen, datt et Automobiliste gëtt, déi ze séier mat hirem Won ënnerwee sinn. Mir wëssen et, well jiddereen vun eis selwer déi eng oder aner schlecht Erfarung mat presséierte Macadamm-Piloten gemaach huet, ma mir wëssen et net genee. Konkret gëtt et eréischt, wann Radaren opgeriicht ginn, also eng Zort Test fir de Chauffeur. Mat de Radaren geet d’Zuel vun den Delikter an d’Luucht.

ma wat hëlleft d’Zuelematerial, dat een mat esou Tester sammelt a si net an der Ëffentlechkeet verwäerten däerf? Et huet Wochen gedauert, ier d’Madamm Lenert mat där Covid-Kaart eraus geréckelt ass. Zanterhier wësse mir, datt de Kanton Esch am meeschte betraff ass an zanterhier gëtt kritizéiert, et géing ze vill mam Fanger op déi Escher Leit gewise ginn.

D’Madamm Lenert huet esouguer hiren Santésdirekter Jean-Claude Schmit mussen recadréieren, dee virun enger Woch op RTL behaapt hat, de Contact Tracing wier net méi a vollem Mooss méiglech. Mir hunn déi Saach wierklech am Grëff! sot si gëschter an der Chamber ouni allerdéngs zousätzlech Informatiounen bekannt ze ginn. An esou zirkuléieren déi wëllste Rumeuren ënner dem Vollek. E Contact Tracing mécht wéineg Sënn, wann all d’Informatiounen wéinst dem Dateschutz am Tirang leie bleiwen!

Fakt ass, datt an der Regierung – besonnesch am Gesonndheetsministère- sech ganz grouss Suerge gemaach ginn fir d’Enn vum Kollektivcongé. Da kommen dausende Leit zeréck aus hirer Vakanz am Süden vun Europa: deen Ament wier tatsächlech mat enger zweeter Well ze rechnen, et gëtt esouguer gefaart, datt eis Spideeler kéinten iwwerfuerdert sinn!

A ween ëmmer nach net genuch huet vum Corona, hei e Link zu engem Artikel vum Mario Dichter.

https://nues-am-wand.lu/virus-und-ansteckung-von-der-kollektiven-illusion-zur-kollektiven-hypnose/

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *