Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesellschaft

Vu Botzfra a vu Coiffeur 

Vu Botzfra a vu Coiffeur
Image par Ryan McGuire de Pixabay

et war keen op d’Pandemie preparéiert, an esou goufen Decisioune geholl, déi onlogesch, carrément falsch sinn. Zum Beispill wat d’Botzfra betrëfft an zwar déi, déi bei d’Leit heem schaffe geet. E groussen Deel vun hinnen geet schwaarz schaffen, sinn also sozial net ofgeséchert. E gudden Deel vun hinnen waren déi leschte Wochen ouni Aarbecht, well hir Clientèle aus Virsiicht keng friem Persoun doheem wollt hunn. Si sinn also och ouni Akommes.

Ma déi besser Leit, déi net déi néideg Kompetenzen hunn fir selwer de Stëpps anzefänken, hu wuel net op hir Dëngschter konnen verzichten. An do besteet eng komplett Onlogik! Ech kann also weiderhinn meng Botzfra doheem empfänken, awer net eent vu menge Kanner gesinn?! Grad, wéi wann déi Fra net och de Virus kéint iwwerdroen! Do woen ech d’Behaaptung, datt déi “Déck” pro domo geduecht hunn! Géingen meng Elteren nach liewen, géing ech mech als Botzmann umellen a kéint esou gemitterlech bei si op Besuch goen…

an dann dee léiwe Coiffeur. Et gëtt schonn gutt an de soziale Medien driwwer gelästert: ween ënner de Politiker huet laangt struwwelegt Hoer, ween ënnert de Politikerinnen fänkt unn, groen Nowuess ze kréien? Wëll heeschen, wee geet heemlech bei de Coiffeur? Dat ass natiirlech ganz populistesch, ma de Leit grad an dësen Zäiten wichteg. Een fir se all, all fir een! Am Krich géint de Virus haale mir all zesummen, ënnert der Viraussetzung, datt d’Spillreegelen fir jiddereen déi nämmlecht sinn!

Image par Ryan McGuire de Pixabay

Dat erënnert e bësselchen un d’Zäit, wéi d’Politik d’Visioun hat vun Null-Toleranz am Stroosseverkéier. Net ze séier fueren, näischt ze vill drénken. Ween och nëmme liicht driwwer läit, gëtt bestrooft an zur Kees gebieden. Déi éischt Méint a Joer gouf et eng regelrecht Hexejuegd op Politiker: wann dësen oder deen bei enger Kontroll erwëscht gouf, war hien eng breet Couverture vun de Medien sécher. Ministeren, Ex-Staatssekretairen, Deputéierten, jo, esouguer e Procureur waren do drënner gefall, schliisslech gëllt de Motto: wee Gesetzer mécht, muss sech och selwer drunn halen!

Am Fall vum Coiffeur ass et wuel éischter: wer anderen eine Grube gräbt, fällt selbst hinein! Eklatant Beispill ass d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Si steet wahrscheinlech all Dag um 5 Auer op, fir sech ze stylen. Och zu Lëtzebuerg ginn et männlech Regierungsvertrieder, déi sech vun Zäit zu Zäit erausfiize loossen. Ech soen dozou: jidderengem Säint! An ech wäert mat Sécherheet net d’Roll vum Denunziant spillen. Et wär awer schéi gewierscht, wa mir wéinstens op deem Plang Solidaritéit gewisen hätten, jiddereen no zwee Méint am Look vun engem ruckelzege Beatle oder vun enger frömmeger Nönnchen; mä, dat goung jo net, schonn nëmmen eleng net wéinst de Männer mat Glatz.

Bon! Déi Déck hunn hir Botzfra a loossen sech d’Hoer fierwen a schneiden. An de Rescht vum Vollek? Déi meescht halen sech strikt un d’Reegelen, ma hei an do ginn dach kleng Ausnahme gemaach. Esou hält sech d’Vollek an der Riicht!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *