Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Kannergepiddels an der Chamber 

Kannergepiddels an der Chamber

D’Djuna Bernard ass d’Co-Presidentin vun deene Gréngen. Si ass also net egal ween. Am Interview mam Paperjam sot si kierzlech, si kéint sech virstellen, déi éischt gréng Staatsministesch ze ginn.Elle ne se prend pas pour de la merde! seet de Fransous, obwuel, bis dohinner ass nach e wäite Wee ze goen. D’Madame misst sech wéi de Robert Habeck an Däitschland en Drei-Tage-Bart wuesse loossen, a virun allem, si muss nach vill politesch bäiléieren.

Gëschter zum Beispill am Plenum vun der Chamber, wou si e fervente Plädoyer gehalen huet, fir eng Crèche an der Chamber – oder an den alentouren, fir weiblech a männlech Politiker, fir d’Fonctionnairen a Beamten, déi fir d’Chamber schaffen. Ausgerechent d’ADR koum mat enger Resolutioun, déi si viru Joer an deem nämmlechte Sënn am Plenum deposéiert hat. De Joergang vun där Motioun kruut ech op Chamber-TV net mat, dofir awer, datt déi Resolutioun deemools mat de Stëmmen vun deene Gréngen oofgebottert gi war.De Fernand Kartheiser – souzesoen den Urfeind vun der grénger Partei -huet also gëschter déi nämmlecht Resolutioun op en Neits zum Vote bruecht, mam Resultat:d’Djuna Bernard huet dergéint gestëmmt. Also awer keng Crèche!

Anscheinend huet de François Bausch op der Regierungsbänk gekacht an d’Madame war no bei den Tréinen. Esou geet Politik muennechmol, awer  mam vum Faalen léieren d’Kanner bekanntlech goen, och an enger Chamber-crèche!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *