Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

Jamaika zu Berlin? 

Jamaika zu Berlin?

D’Meenungsfuerscher fir d’Bundestagswahlen an Däitschland hu sech an der Lescht an der Haaptsaach op d’Nullitéit vun CDU an Armin Laschet fokusséiert. Der Unioun hir Wäerter sinn esou déif am Keller, datt sech déi Responsabel selwer d’An reiwen, Nuets wuel net gutt schlofen, well si sech d’Fro stellen, ob si mat hirer Foto vum ablécklechen politeschen Ambiente iwwerhaapt richteg leien. Och ech stelle mir déi Fro a weisen zugläich drop hin, datt an der Interpretatioun vun den Zuelen vill Wonschdenken dra verpak ass.

Eent mol virausgeschéckt: déi verschidde Meenungsëmfroen gi wuel just als “Momentaufnahme” verkaf, ma well et där esou vill gëtt, setzen si de Rhythmus erop vun deenen Opnamen, aus engem Moment ginn der vill. Méindes Laschet schlecht, iwwer d’ganz Woch net gutt, an also Freides miserabel! Wëll soen, wien eemol schlecht an engem Sondage ofgeschnidden huet, ass quasi vu vireran condamnéiert. Eng gewësse Manipulatioun vum Wieler duerch Meenungsëmfroen ass wuel kaum ze leegnen

Déi Gréng Madamm Baerbock ass aus der Course fir Kanzlerin ze ginn, eraus. Bleiwen der nach zwee, den Olaf Scholz vun der SPD

Wikipedia.org

an den Armin Laschett vun der CDU. De Sozialdemokrat hätt an deem Duell déi besser Chancen. Wann een him seng perséinlech Wäerter vergläicht mat deenen vum Chrëschtdemokrat ass dat tatsächlech esou, an nawell sinn seng Chancen fir Chef d’équipe am Bundeskabinett ze ginn, net esou grouss. PP ass net gläich P, Prozent-Punkten eleng si keng Politik!

De Scholz hätt all d’Méiglechkeeten eng Koalitioun ze maachen, heescht et, a grad dat ass net richteg. Do wär mol déi hypothetesch Koalitioun mat de Gréngen. Si ass ausgeschloss! Den Ament kënnt esou eng Konstellatioun op 366 Sëtz am Bundestag, néideg sinn der 399. Do misst also nach villes geschéien. Ze vill!

Déi zweet Méiglechkeet besteet an enger rout-gréng-rouder-Koalitioun, also SPD, Gréng, Déi Lénk. Si ass mat 418 Mandater mathematesch méiglech, bréngt allerdéngs zwee gréisser Problemer mat sech: wirtschafts- an aussepolitesch ginn et fatzeg Diskrepanzen tëscht Sozialdemokraten an deene Lénken, an doriwwer eraus ass d’Akzeptanz vun esou enger politescher Allianz ënner dem Vollek zimmlech kleng. Et sief et géing een d’Maxime gëlle loossen: eng Majoritéit ass eng Majoritéit!

Allgemeng bestinn vill aner Méiglechkeeten vu politeschen Allianzen. Do wär emol eng Koalitioun vun de Schwaarzen mat deene Gréngen, zesumme mat de Bloen, déi an Däitschland giel sinn. Jamaika also.

rfi.fr

Dat war viru 4 Joer schonn emol probéiert ginn, ma den F.D.P.-Chef Christian Lindner war aus Angscht virum eegene Courage kuerz virun der leschter Ligne droite ofgesprongen. Fir d’Wahlen 2021 huet hien sech allerdéngs méi wéi eng Kéier fir esou eng Koalitioun ausgeschwat. Den Ament kéim esou eng Allianz op 430 Sëtz am Bundestag.

Bei wäitem besser ewech kéim eng Koalitioun mat Bloen a Gréngen plus d’SPD. Dat wär dann d’Ampelkoalitioun, mat 479 Mandater, also mat enger ekrasanter Majoritéit. Déi politesch Inhalter tëscht de Sozialdemokraten an de Liberalen leien allerdéngs wäit ausernaner, schliisslech ass déi liberal Partei d’Heemecht fir de Mëttelstand a fir d’Familljebetriber. Fir si gëllt d’Reegel ” De Maart reguléiert sech selwer”, iwwerdeems fir d’Sozialdemokraten ” de Staat iwwert allem” steet.

De Lindner ass kee Frënd vun deene Gréngen, versteet sech awer net schlecht mam Habeck.

bundestag.de

Fir laanscht d’Ëmweltpartei ze kommen, wier fir déi Liberal nach eng Koalitioun mat CDU an SPD méiglech, mat dann dem Scholz als Bundeskanzler. Fir de Laschet géing dat bedeiten wär’s du doch in Düsseldorf geblieben”! Dat wär dann déi sougenannten Deutschland-Koalition.

Wat sécher ass: Däitschland wëll no 16 Joer MUTTI e Wiessel. Awer net ze vill, just e bësselchen. A fir dee Wiessel op en zolitte Sockel ze stellen, gesäit et den Ament esou aus, wéi wann déi nächst Regierung net aus zwou, ma aus dräi Parteien wäert bestoen. Dat ass d’Resultat vun der Zerspläiterung vun der Parteielandschaft! No der SPD riskéiert och d’CDU als Vollekspartei ze verschwannen.

An trotzdeem, kee radikale Wiessel! Schliisslech huet een sech 16 Joer um Schouss vun der Merkel gutt gefillt. Dofir eng Regierung mat nach e bësselchen Unioun, mat engem gestutzte Kanzler, deen d’Problemer vum Land energesch misst ugoen fir sech 4 Joer drop politesch retten ze kënnen. Mat enger CDU, enger F.D.P. a mat deene Gréngen wär de Mëttelstand méi wéi ofgedeckt; Wahlen decidéieren sech bekanntlech an der Mëtt. An d’Schickeria kéint och mam Glas Schampes an d’Kameraen wénken!

Datt den Armin Laschet nëmmen op 9  bis 13 Prozent vun de Wielerstëmme kéim, wann de Kanzler op direktem Wee déit gewielt ginn, ass op d’mannst erstaunlech. Esou schlecht war säin Optrëtt am ZDF Klartext net. Et gëtt deem Mann einfach net zougetraut, d’Kompetenzen an de Charisma ze hunn, e grousst Land wéi Däitschland féieren ze kënnen. Bestoungen net och déi nämmlecht Bedenken wéi d’Merkel eng éischte Kéier Kanzlerin gouf? An och nach eng éischte Kéier eng Fra! Ass also elo de Scholz de Mann vun der Stonn?!

Wat mir an deene verschiddenen Emissiounen (bis dato) opgefall ass: et gëtt sech éischter ëm e Sujet echaufféiert ewéi d’Rechter vun enger lesbescher Koppel mat engem adoptéierte Kand ewéi iwwer zeg dausenden Aarbechtsplazen, déi am Laf vun de Joer an der Industrie vun der Braunkohle verschwannen. Kloer! Déi Koppel wëll och hir Rechter, an awer geet et hei éischter ëm individuell Fäll.

Weider däerf de Sujet net ze komplizéiert sinn, besonnesch dann net, wann sech dorausser kéint e Skandal entwéckelen. De Scholz huet d’Affären WIRECARD a CumEx Files unhänken. CumEx wat?

Wikipedia

Dat Finanzkonstrukt ass vill ze komplizéiert, verkeeft sech schlecht an de Medien! Do luewen ech mir dann éischter eng Baerbock, déi an hirem Buch eventuel geknäipt hätt. E bësselchen Onéierlechkeet, e Schotz Moral, dat ass Fudder fir d’Massen! Um Freideg goufen et iwwerraschend Perkisitiounen am Finanzministère vum Scholz, villäicht léisst sech jo dorauser eng flott Geschichtche schreiwen. Souzesoen als Géigegewiicht zum Armin sengem deplasséierten Kavalkade-Gesiicht no den Iwwerschwemmungen. Mä, halt! Et ass net d’Zäit vum Zynismus, et geet ëm d’Zukunft vun engem grousse Land, op d’mannst fir 4 Joer.

55 Prozent vun de Wieler sinn dem ZDF-Politbarometer no derfir, datt d’Sozialdemokraten eng Ampelkoalitioun probéieren. Also de pendant zu Jamaika. Domatter sinn déi Liberal an déi Gréng elo schonn sécher an där nächster Regierung. Freet sech just nach, mat wat fir engem Kanzler.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *