Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Et gëtt Hoffnung: de Kapitalismus zerstéiert sech selwer! 

Et gëtt Hoffnung: de Kapitalismus zerstéiert sech selwer!
Image parStefan Schweihofer de Pixabay

Vum Faalen léieren d’Kanner goen ». Dat stëmmt wuel, well kee Mënsch wëll sech onnëtz e puermol hannertenaaner eng bluddech Nues huelen. Dat stëmmt just net fir Banquier a Politiker. Si  sinn nämlech am gaangen, déi nämmlecht Feeler ze maachen ewéi 1929 an 2007. Mir erënneren eis nach un den Haaptbegrëff vun där läschter Kriis: subprimes.

D’Spillreegelen vum casino royale woren einfach a komplizéiert zugläich. Jiddereen kruut an Amerika e prêt accordéiert, mam renomméierte Beispill vun engem Erdbierhändler, dee vu senger Bank zigdausenden Dollar wéi e Knapp geléint kruut. D’Bank goung op alle Fall e grousse Risk an, all d’Banken haaten d’Suen gestreet ewéi de Bauer säi Soom um Feld. Dat huet och gegollen fir e prêt ze kréien fir eng eege Wunnecht, onoofhängech, op d’Famill liquid war fir zeréck ze bezuelen oder net. Dës Prêten goufen a Stécker geschnidden, souzesoen an Tranchen (Salamitaktik) an an eng Hellewull aner Finanzproduit investéiert, dacks an där riskant Geschäfter. D’Resultat war, datt hernoo kee méi den Duerchbléck hat, wéi stark d’Banken sech exposéiert haaten. 2007 koum de Knall! “Ni méi !”gouf versprach, an elo leeft zanter Joer nees dat berüchtecht Riedgen. Kapitalisteschen Zynismus!

 

O ch haut accordéieren nees d’Banken där riskéiert Prêten a verkaafen se weider. Et gëtt nees titriséiert op Daiwel komm eraus, besonnesch d’Amerikaner si staark doranner, ma och d’Europäer loosen sech net lompen.

Image parMaklay62 de Pixabay

Mir schwätze just net méi vu subprimes, ma vun CLO, wat esou vill heescht ewéi : collateralized loan obligation. Dobäi ass den Numm egal, well fir déi näechst Kriis ginn et hoergenee déi nämmlecht Uursaachen an déi nämmlecht Auswierkungen.

 

iru 6 Méint loung den Total vun  dëse prêten schonn bei 1300 Milliarden Dollar, duebel esou vill, ewéi bei der subprime-Kriis; iwwer d’Halschent vun dëse Suen (prêt) sinn titriséiert a ronderëm d’Welt nei investéiert, esou, datt kee Schwäin méi den Iwwerbléck behällt. Iwwer 60 Prozent vun dëse Prêt faalen an d’Kategorie vu “ schlechter Qualitéit » an déi international Ratingsagencen ginn schéi brav hire Seegen fir dës Zort vu Geschäfter!

 

D’Zentralbanken missten also nees engkéier dat fault Geld doruechter opkaafe goen, just nach vill méi massiv wéi bis ewell. Wann ee bedenkt, datt eleng d’Deutsche Bank matt 60.000 Milliarden Euro exposéiert ass, da weess een, wat op een duerkënnt.

Eng vun de Konklusiounen ass da wuel, datt d’Vertrauen an de Finanzsysteem vun dësem Planéit definitiv stark ugekraazt ass. D’Kriis kënnt, an do hëlleft keng Mauer a keen drooten Zonk! Si kann an den USA lassgoen, an Italien, (eventuell esouguer an Däitschland) ma egal wou d’Feier fir d’éischt geluecht gëtt, et wäert sech verbreeden wéi e Bëschbrand!

                   

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *