Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Politesche Krich an der Haaptstad? 

Politesche Krich an der Haaptstad?
ville de luxembourg

eigentlech ass alles kloer. An dat mécht et esou komplizéiert! De leschte Politmonitor huet d’Fronten festgeluecht fir gläich zwou Schluechten dat anert Joer, mat enger éischter Feststellung: de blo-schwaarzen Schäfferot an der Haaptstad gëtt zimmlech däitlech vun den 130.000 Awunner ënnerstëtzt. Déi Rout si quasi inexistent, hunn och Problemer Leit ze fannen déi bereet wären an 12 Méint opzemarschéieren. An déi Gréng wäerten mat hirem warscheinleche Spëtzekandidat François Benoy grad esou Sang- a Klanglos ënnergoen.

Zweet Feststellung: déi ablécklech Buergermeeschtesch Lydie Polfer steet ëmmer nach an enger méi ewéi kammouter Positioun. Drëtt Feststellung: d’CSV huet an de leschte 4 Joer vun der Situatioun profitéiert a konnt sech profiléieren. Alea jecta est? Quetschen och! Elo fänken d’Problemer eréischt un.

bei de Bloen an der Stad lafe bekanntlech Diskussiounen, an engem Joer mat neie Leit an d’Wahlen ze goen.

ville de Luxembourg

Absëns d’Corinne Cahen wëll grouss erauskommen. Si huet sech an de Kapp gesat, als Ministesch ze demissionéieren fir kënnen den Zepter um Knuedler an de Grapp ze huelen. Grad an de leschte Wochen huet si op Facebook reegelméisseg iwwer d’Stad geschriwwen a vun hir geschwäermt; si war och op stater Evenementer ze gesinn, wou eng Ministesch net onbedéngt eppes ze sichen huet.

De Politmonitor ass u sech schonn däitlech genuch. D’Madamm Polfer kënnt am Ranking op véierter Plaz, d’Madamm Cahen op der 27. Ma och hei gëllt et, sech den Detail unzekucken, grad fir d’Gemengewahlen ass de Lack vum Lokalcolorit wichteg! An och do ass am Sondage de Verdikt esou kloer, datt d’Situatioun nach méi verwurrelt gëtt.

De Politmonitor huet natierlech och den Detail vun de Statistiken aus der Haaptstad. D’TNS-ILRES gëtt déi Zuelen allerdéngs net gären eraus, aus wat fir enger Ursaach och ëmmer, ma warscheinlech fir net nach méi Stëbs opzewirbelen. Et héiert een awer, datt déi ablécklech Buergermeeschtesch Polfer op 67 Prozent kënnt, Sympathie a Kompetenz zesummegewierfelt. D’Corinne Cahen just op 41 Prozent, also wäit ofgeschloen! Domadder wär fir si den Dram geplatzt, d’Rudder an der Märei ze iwwerhuelen.

ville de Luxembourg

Als Invitée vun der Redaktioun déi lescht Woch op Radio Lëtzebuerg gouf si vun RTL esou resüméiert: Op d’Fro, ob si dann d’nächst Joer bei de Gemengewahlen nees wäert Kandidatin si bei der DP, wollt si net agoen. Et wier awer wichteg fir eng gutt Ekipp fir d’Walen opzestellen. An do wier och d’Corinne Cahen wëllkomm. Wëll heeschen: d’Madamm Polfer ass de Boss, si decidéiert!. Sollt si selwer nach eemool kandidéieren, da kënnt d’Corinne Cahen als Kandidatin mat op d’Lëscht, awer net méi! Op kee Fall als Spëtzekandidatin, och net als Duebel-Spëtzt.

“…A wéi gesäit et aus, wann et  dach nach aneschters kéim?…”

De Fall gesat, d’Madamm Polfer geheit d’Bengelen bei d’Tromm. Da fänkt déi politesch Polonaise réischt richteg un, well deen Ablack kann d’Spëtzekandidatin just Cahen heeschen.

ville de Luxembourg

Si kënnt wéi gesot op 41 Prozent am Politmonitor. De warscheinleche Spëtzekandidat vun der CSV Serge Wilmes kënnt dogéint op 54 Prozent. Natierlech sinn déi Prozenter net gläichzestellen mat “intentions de vote“, ma et ass duerchaus ze verstoen, datt déi Schwaarz -neierdéngs bloo-orange-wäiss- sech amuséiert an d’Hänn reiwen: déi Blo kéinten nämlech mat der Hëllef vun der Nach-Ministesch hier Haaptbastioun verléieren.

De Sprong vun der Gemengepolitik an d’Nationalpolitik gëtt vum Wieler als normal betruecht. Den ëmgedréite Wee, vun national op kommunal gouf an der Vergaangenheet ëmmer ofgestrooft, wéi eis déi éischter onglécklech Kandidaturen geléiert haten vum LSAP-Minister Robert Goebbels a vum Ex-Premier an Ex-Kommissiounspresident Jacques Santer.

An den nächste Méint ginn d’Lëschten fäerdeg gemaach fir d’Gemengewahlen. Tëscht der politescher Rentrée an der Chrëschtdaagsvakanz misst – esou oder esou- d’Corinne Cahen aus der Regierung demissionéieren. Grouss politesch Initiativen sinn sech vun hir bis dohinner kaum ze erwaarden, ganz dovunner ofgesinn, datt si rezent ze verstoe gouf, datt si de Familljeministère midd ass.

ville de Luxembourg

Zanter dësem Weekend ass si no 7 Joer net méi DP-Presidentin. Si krut  um Kongress eng standing ovation. Bei enger Rei DP-Memberen awer net onbedéngt als Merci, ma éischter als groussen “Uff”!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *