Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Virun 80 Joer : d’Wonner vun Déifferdeng! 

Virun 80 Joer : d’Wonner vun Déifferdeng!
image credits: pixabay

Ausgerechent am Joer 1939 – also kuerz virum Reich, dat 1000 Joer sollt unhalen- huet Däitschland géint de Foussballzwerg Lëtzebuerg verluer. Dat sinn haut op den Dag genee 80 Joer hier. D’Sensatioun war deemols perfekt! “Es ist wohl die peinlichste Pleite in der Geschichte des deutschen Fussballs”, schreiwt DIE WELT.

Ech ka mir duerchaus d’Atmosphäre am Grand-Duché virstellen, wou an där Zäit knapp 300.000 Leit gewunnt haten, an et awer ëmmerhinn 76 Foussballveräiner gouf. Do goung et reng atmosphäresch wuel an der Haaptsaach drëm, sech esou deier wéi méiglech géint déi “houer Preisen” ze verkaafen, deene “Knaschtsäck vu Faschisten” ze weisen, wat mir vun hinnen haalen. Och wa Lëtzebuerg 3 Joer virdrun op den olympesche Spiller zu Berlin labber matt 0:9 verluer hat, wollte mir wuel de “Preise”  weisen, aus wat fir engem Holz mir geschnëtzt sinn. 10.000 Leit stoungen deemols am Stadion zu Déifferdeng a wore begeeschtert, wéi gehäerzt eis jonk Männer an den Ugrëff goungen.

image credits: pixabay

Déi däitsch Zeitung “Fussball-Woche” huet den Daag drop och gemengt, “eis Jongen” gingen ordentlich auf die Knochen , an et wier besser gewierscht, wann déi Däitsch an der Partie och alt mol “einen groben Klotz auf einen groben Keil” getässelt hätten. An der Halschecht stoung et 1:0 fir Däitschland, ma duerno goung et esou richteg lass mam FC Schinnegebeess . De Kicker huet geschriwwen vun “nach dem Rückstand wütend anrennenden Luxemburger” . Den Ausgläich koum zu engem Ablack, wou d’Lëtzebuerger nach just zu 10 um Terrain stoungen  an d’Partie goung tatsächlech 2-1 fir Lëtzebuerg aus! D’Wonner vun Déifferdéng war perfekt! Feelt just nach de passende Film dozou.

Haut gëtt et d’Preisen net méi, si sinn an eisem Sproochgebrauch verschwonnen. Wann ee viru 40 Joer nach als Giélemännchen vernannt gouf, nëmmen well ee vu Fernseh geschwat huet an net vun Televisioun oder Tölle, esou gëtt haut eis Sprooch alt méi teutoniséiert. Mä doriwwer schreiwen ech eng aner Kéier. Eigentlech wollt ech mech elo just driwwer freeën, datt et en neit Däitschland gëtt, mat enger staarker Demokratie, mat enger robuster Wirtschaft; däitsch Auto fiert de Lëtzebuerger am Léifsten, deutsche Gründlichkeit appreciéiere mir a bezuelen och gären eng Demark méi dofir, an d’Loft, déi vum Osten iwwer d’Mousel gezu kënnt, ass och net méi esou schlecht wéi an der Zäit.

Dës Victoire – sorry, mä, mat Sieg hunn ech ëmmer nach mäi Probleem-, dësen Erfollech vun der Lëtzebuerger Nationalekipp – Mannschaft?- sollt eis och drun erënneren, ëm wat dass et geet, wann an zwee Méint Europawahle sinn. Ech gehéieren zu der zweeter Generatioun, déi dës Welt wäert verloossen, ouni ee Krich an der direkter Nooperschaft mat erliewt ze hunn. Dat ass dach schéin, oder? Natiirlech ginn et haut aner Probleemer, och an der europäescher Unioun, iwwer déi een diskutéiere muss, ma dobei sollt een den Terrain net aleng de Populisten iwwerloossen.Den Ugrëff kënnt munnechmol vu riets, eng aner Kéier vu lénks, ma et lount sech ëmmer, d’Këscht ze verdeedegen: virun 80 Joer de Goal, haut d’Demokratie. Um Spill huet sech näischt geännert…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *