Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesondheet

Patientendossier- Gemeckers vun der CSV! 

Patientendossier-  Gemeckers vun der CSV!
Image par Thanks for your Like • donations welcome de Pixabay

de Patiendossier kann eng gutt Saach sin, virausgesat, et leeft alles no de Spillregelen vun der Dateschutzkonscht. An op deem Ponkt huet d’Regierung nees villes verschloof. Si kruut an engem gepefferten Avis vum Staatsrot an och vun der nationaler Dateschutzkommissioun an deem Sënn d’Levite gelies an huet an der leschter Gesondheetskommissioun musse kleng bäiginn. D’Regierung, déi wëlles hat, esou e wichtege Projet just via e groussherzoglecht Reglement laanscht d’Chamber laafen ze loossen, huet mussen zouginn, datt si an hierem Text komplett déi Mannerjähreg vergiess hat; grad esou verjuppt war ginn, fir penal Sanktiounen virzegesinn, fir de Fall, wou ee sech net un den Dateschutz gehalen huet. Dat Penaalt awer kann ni iwwer e rgd geregelt ginn, ëmmer nëmmen via Gesetz!

Dat  eleng geet duer, fir dat groussherzoglecht Reglement zeréckzezéien a par contre e Gesetzprojet op den Instanzewee ze schécken. Et geet der CSV net drëm, déi nämmlecht Flënten erauszehuelen ewéi an de Casiersgeschichten vu Parquet a Police. Et geet der Oppositiounspartei drëm, eng Diskussioun an der Politik, an och an der Öffentlechkeet ze lancéieren. Ech selwer sinn erféiert, – jo, entsaat!-wéi wéineg Froen sech doriwwer gestallt ginn.

An de Patientendossier kommen all déi medezinnesch Resultater stoen, all ordonnance, all Rendezvous. Dat kann positiv sinn: et sëtzt ee virum Dokter/Doktesch “x” an dee gesäit Photoen vu virun 2 Joer beim  Dokter “y”; et geet een an d’Apdikt an do stellt de Patron fest, datt d’Medikament “a” net kompatibel ass mat engem Medikament “b”. Also duerchaus positiv! An awer stellen sech vill Froen: wee sin all déi “ professionnels du secteur”? Kann ech als Patient selwer entscheeden, wat a mäin zougänglechen Dossier dra stoe kënnt? Ass den Dateschutz gläich ze stellen mam Berufsgeheimnis? Wat fir Stroofen si virgesinn?

an de leschte Joer goufen mat Patienten op fräiwëlleger Basis schonn 59.000 Dossier opgemaach. Do ass näischt derglént ze soen, virausgesat, all déi Leit waren och en connaissance de cause. Elo allerdéngs, mat deem rezente groussherzogleche Reglement gëtt automatesch en Dossier fir all Patient opgemaach, et sief, dee seet ausdrécklech “Nee! Merci!”. Muss dee Patient dat elo bei all Dokter, bei all Infirmière, bei all Apdikter kloer an däitlech betounen?

Iwwer all dës Froen ass probéiert ginn, laanscht eng Diskussioun ze kommen. E groussherzoglecht Reglement hannert dem Réck vum Land, hannert dem Réck vum Patient, deen eigentlech misst am Mëttelponkt stoen! Ech bedaueren dat enorm! Sos si mir dach esou flénk, fir eis iwwer Saachen ze iergeren; hei awer, wou et ëm e wichtege Volet geet vum Dateschutz, loosse mir d’Caravane laanscht zéien. Dofir huet d’Gemeckers vun der CSV Sënn! Net géint de Patientendossier u sech, ma géint de Prozedere vun der Regierung.Wéinstens den LSAP-Deputéierten Mars di Bartolomeo -fréiere Gesondheetsminister- huet dat agesinn a schwätzt vun Nobesserungen…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *