Marc Thoma op apart tv: Eesebuerer Schlass am Daréischeschlof

0
293

      

Virun iwwer 20 Joer stoung d’Schlass vun Eesebuer zum Verkaf. Ausgerechent de fond du logement huet et kaf. D’Schlass sollt komplett renovéiert ginn, eng richteg Erausfuerderung fir all gudden Architekt.

Geschitt ass allerdéngs zanterhier esou gutt ewéi guer näischt. E bësselche Gepiddels hei, e bësselchen Gedokters do, an esou ass d’Gebai am Laf vun der Zäit ëmmer méi zerfall. Wuelverstanen mam Staat als Proprietär. Elo allerdéngs gëtt et en neien Ament: en Deel vum Gebai soll ofgerappt ginn an et sollen nei Wunnechten entstoen. Et kann een sech liicht virstellen, datt esou e Projet net op d’Unanimitéit vun alle stéisst.

De Marc Thoma goung op apart TV där Saach no.

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here