Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Ass de Jeff Dieschburg senges Liewens net méi sécher? Himmelschreiend Sauerei, reagéiert de Gaston Vogel! 

Ass de Jeff Dieschburg senges Liewens net méi sécher? Himmelschreiend Sauerei, reagéiert de Gaston Vogel!

De Jeff Dieschburg ass en excellente Moler! Villäicht ass dat mat eng Explikatioun fir verschidde Reaktiounen op säi Präis dëst Joer op der Biennale zu Stroossen? Et schéngt allemol och vill knaschteg Wäsch gemaach ze ginn, op déi ech hei ganz bewosst verzichten. Dat ass béiswëllege Beschass, deen an d’Piffkaul gehéiert!

De jonke Mann krut also e Präis fir eent vu senge Wierker. Doropshin krut hien Plagiat virgehäit. Esou wäit, esou schlecht. Ma d’Roserei vun enger Partie Leit – déi sech op miserabel Artikelen aus der Press baséieren- koum elo déi lescht Deeg esou richteg a Schwong, datt een net derlaanscht kënnt, si ze thematiséieren.

Et gouf eng Petitioun géint den Artist lancéiert. Eng Petitioun also, déi als Zilscheif eng eenzel Persoun huet. Du jamais vu! Boycott à la reconnaissance du prix Biennale de J. Dischburg.

Am Titel an an der Motivatioun vun der Petitioun wimmelt et nëmmen esou vu grammatikalesche Feeler. D’Petitioun gouf wuel an engem Moment vun extremer séilescher Opgewulltheet geschriwwen. Ma och sos kachen d’Gemidder héich. An enger vun de Reaktiounen koum et zu enger Morddreeung. Natierlech ënnert engem Pseudonym.

Pseudonym, also anonym!. Den Harold Shipman war zu Nottingham Generalist. Hie soll fir op d’mannst 200 Morden verantwortlech gewiescht sinn. Dat seet genuch iwwer de séileschen Zoustand vun dëser Persoun, déi hir Morddreeung fir kuerz Zäit ënnert deem Pseudonym um Internet verëffentlecht hat. Dee Shipman koum iwwregens an de Prisong an hat sech do d’Liewe geholl.

De Gaston Vogel huet direkt eng Plainte géint dës Persoun agereecht. Ma hien huet och sos munches ze verzielen an ze kommentéieren. Dat huet hien virun de Kameraen vu Marc Thoma a vun apart TV gemaach. En Affekot am Asaz fir e Kënschtler an och fir d’Konscht. Hei den Interview vun den Owend op apart tv.

 

 

A wéi den Zoufall et esou wëll, am neie SPIEGEL geet och Rieds vum Sujet. Net vum Här Dieschburg, ma vun de Kopieën an der Molerei. Konschtbanausen däerfen sech eng Nues voll huelen.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *