Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Justiz

Film-Fong a causa Schneider: Eischte Bilan a Fortsetzung 

Film-Fong a causa Schneider: Eischte Bilan a Fortsetzung
Photo de Kebs Visuals: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/creatif-sec-metal-brouiller-4390518/

 

D’Press als véierte Pilier vun eiser Demokratie? Am Sënn vun “ déi aner dräi Pilier observéieren, kritesch begleeden, kritizéieren“? Déi klassesch Press ewéi Wort,Tageblatt,RTL hunn op deem Ponkt an de leschte Joer méi wéi just e Mëttestëmpchen gehalen a goufen – op d’mannst fir Insider- an de soziale Medien iwwerholl. Ech erënneren drun, datt d’Affär vun de casiers multiples hiren Ursprong op dëser Websäit hat an néirewou sos! Déi groussherzoglech Press huet et vill méi spéit als Sujet opgegraff, zu engem Ablack wou si net méi derlaanscht koum: d’casieren waren an der Tëschenzäit zu engem Politikum ginn!

Gut’ Ding will Weile haben! Et dauert eben munchmol ganz laang éier d’Politik wakereg gëtt. Ëmsou méi begréissen ech, datt d’CSV sech gerëselt huet a sech neierdéngs begeeschtert fir d’Onregelméissegkeeten am Film-Fong a fir déi geplangten Ausliwwerung vun engem fréieren Chefspioun un d’USA. Felix Eischen an Diane Adehm klaameren um Film-Fong, Laurent Mosar um Frank Schneider. A si loossen net lass! Dat ass gutt esou, well och a virun allem d’Parlament eng Kontrollfonktioun huet op d’Regierung.

Marc Thoma

Datt d’Majoritéitsparteien éischter duerch d’Fanger kucken bei iergendwellechen Verfeelungen vun engem Minister, dorunner huet een sech gewinnt. Dofir ass jo grad d’Oppositioun esou wichteg! An an déi Roll ass endlech d’CSV eragewuess. Op d’mannst an dësen zwou Affären a virausgesat, si léisst net labber. Well grad wat d’Ausliwwerung vum Frank Schneider ugeet, ass d’Nervositéit a Regierungskreesser an dësen Deeg extrem héich. Ugefaangen bei der LSAP déi eng aner Meenung an dësem Dossier vertrëtt ewéi déi Liberal.

Bei him geet et wéi gesot ëm eng prinzipiell Fro a beim Film-Fong ëm Steiersuen. Zanter iwwer 15 Méint schreiwen ech mir d’Fanger stompeg an der Causa Schneider, zanter e puer Joer hunn Journalistekolleegen um Dossier Film-Fong geschafft. Et wier gutt, wann all déi Aarbecht net ëmsoss wor. Ech begréissen et also expressis verbis, wann d’Oppositioun -a virun allem déi gréisste Partei- endlech aus dem Schlofwandel erauskënnt.

De Staatsminister Xavier Bettel sot zwar, datt hien fir de Schneider kee Fanger wéilt kromm maachen, ma hien ass Fuuss genuch fir matzekréien, datt et op zwou Plazen gehéiereg brennt, an datt ëmmer méi Bierger sech vun him eng Interventioun erwaarden. Ech héieren, datt d’Politik elo wéilt mam Fanger op de Parquet weisen, deen net bereet war (och ass?), am Fall Schneider en Dossier opzemaachen. Schéin a gutt, ma in fine just wéi eng Klatzeschluecht.

Och wat de Film-Fong ugeet, klammen d’Tensiounen, an der Politik, am Fong selwer. Ech kréien gepëspert, datt déi concernéiert Kreesser Kontakt ophuelen mat der Politik, datt si probéieren mat Vertrieder aus der sozialistescher Fraktioun zesummenzekommen. An engem Communiqué hu si schonn ënnert anerem wësse gedoen, datt si awer och guer net mat der Analyse vum Rechnungshaff averstane sinn. Dat ass hiert gutt Recht, ma d’Kritik huet sech gewäsch:

force est de constater que ce qui a été mis en exergue des différents documents publiés (rapports d’audits, de la Cour des Comptes) n’est pas toujours basé sur une analyse objective et factuelle, mais semble volontairement à charge.

A Gespréicher mat Politiker – den Ament fokusséiert op d’LSAP-, soll also déi richteg Wouerecht op den Dësch kommen? U sech erwaarden ech mir dat, wann d’Enn vum Mount déi respektiv Chamberkommissioun zesumme kënnt! De Versuch an der Politik bäizekommen weist, datt schonn elo mat de Féiss geschäert gëtt.

De Premier weess genee, datt hie muss liwweren. Villäicht sech vum Guy Daleiden als Direkter vum FF trennen? Villäicht awer als Retter in der Not de Schneider virum Gaalgen befreien? Hien decidéiert, ma d’Oppositioun kann mat wierken. Endlech!

 

Related posts

4 Comments

  1. Frank Bertemes

    Tatsächlech zwee intressant Dossieren, déi besonnësch hei um Site vun Ufank un thematiséiert gi sinn – et pour cause!
    Wa verschidde Leit mengen, sech an hirer Selbstherrlechkeet kënnen z’erlabe, wat ëmmer si wëllen, da gouf et héich Zäit fir deenen ze weisen, datt dat eben net esou ass-och wann een ee Protégé vum Premier ass! Der Krug geht so lange zum Brunnen, bis er bricht – och dat dierft net onbekannt sinn. Wat net geet, dat geet ganz einfach net – a muss Konsequenzen hunn! Datt d’CSV sech (endlech!) an hirem Rôle fonnt huet amplaz ze motzen, ass ze begréissen – och datt si sech aus deem “Hohen C” selwer befreit, ass begréissenswäert-an dat och an deenen zwee Dossieren, ëm déi et hei geet…Et dirf ee gespaant sinn, wéi dat hei weider geet – de Waltermin vum 8ten Oktober 2023 steet!

  2. Jean

    An der causa filmfond kann ech mer virstellen dass den Daleiden demnaechst als bauer geopfert gett…ech wenschen dem mann neischt schlechtes well en huet wahrscheinlech duerch seng lax approche beim verdeelen vu gelder an mangelhafter kontroll geduecht dei politik vun der regierung a sachen promotioun vum film zu Letzebuerg ze ennerstetzen.
    Mei dramatesch ass dei affaer Schneider..hei riskeiert e Letzebuerger duech dei skandaleis passiviteit an ewechkucken vun der regierung un dei mettelalterlech justiz vun den us amerikanesche frenn ausgeliwert ze gin.

  3. Jeannot Hansen

    Ech hun elograd (17/11/2022)am heute-journal der Rechtsexpertin vum ZDF nogelauschtert wei se Urteel vum Prozess iwer de Fliegerofschoss MH17 kommenteiert huet.Absolut kuckenswert. Mme huet do iwer Rechtsstaatlechkeet,Symbolik,modern Ermettlungstechniken asw geschwaat.Vill Leit dei egal a waat fir enger Positioun eppes mam “Fall Schneider” hei am Land ze dinn hun keinten do emol un Grübelen oder op Ideen kommen ( Kommt mir elo weg net mat ” waat huet daat eent mat deem aaneren ze din”)…….

  4. Jean

    An der causa Schneider recommandeiere ech den exzellenten Lieserbreif vum Vic Dupont deen seit haut op RTL.lu online ass.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *