Recent Posts

Post Categories

Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...
D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun 
Eigentlech misst et heeschen: “…an der Kommunikatioun vum Staatsminister Luc Frieden”. Well et ass de Regierungs- a Parteichef deen op...

Blog Post

Schnoken

62 fichier a keen däerf matenaner schwätzen! 

62 fichier a keen däerf matenaner schwätzen!
Image parWikimediaImages de Pixabay

virun e puer Deeg krut ech Owes géint 22 Auer 15 Besuch vun zwee Polizisten. Si frote mech, ob ech e Bësch hannert dem Haus hätt an ob ech 10 Minutte virdrun mat enger Täscheluut derduerch trëppele gaange wier? Komesch Fro ëm déi Auerzäit, ma déi zwee manéierlech Agenten goufe mir d’Explikatioun: en Noper vu mir hätt esou eng Täschelut am Bësch gesinn an dowéinst der Police ugeruff. Ech hunn doropperhinn deenen zwee Männer de Wee gewisen, ma fonnt gouf keen an näischt.

Den Dag drop hunn ech mir dunn awer Froe gestallt: wéisou huet deen Noper net mir ugeruff oder koum net bei mir laanscht? Waren et wierklech “richteg” Polizisten?! Ech hunn géint Mëtteg um Überfall ugeruff (113) a gouf vun do bei d’Police vun der Gemeng Lëtzebuerg verwisen. Meng Fro war also: hat et wierklech en offiziellen Asaz ginn wéinst enger Täschelut? De Polizist um Telefon sot mir, dat géing ënner den Dateschutz falen; hie kéint an däerft mir näischt soen, well hien net an dee fichier erakéim, do misst ech schonn mat der Nuetsschicht schwätzen. Ech war e bësselche perplex! Et goung jo just ëm eng Täschelut, ech wollt keen Numm wëssen, just d’Confirmatioun kréien, datt et sech ëm en Asaz gehandelt huet vun der police grand-ducale. De Mann awer war formell a sot – a menger Interpretatioun- e bësselche verbattert:”d’Spillreegelen goufen net vu mir opgesat”.

Wéi gesot: eng Banalitéit! Wat wär da gewierscht, wann et sech ëm e gréisseren Tëschefall gehandelt hätt?! Wann ech zum Beispill iwwerfall gi wär? Wa bei mir – mat oder ouni Täschelut- agebrach gi wär? Hätt ech och do allkéiers musse waarden bis déi respektiv Schicht ugefaangen huet, fir mat der Police kënnen ze schwätzen? Am Sënn vun efficassem Schaffen ass deen dote Prozedere wuel net. Awer kee reproche un déi verschidden Agenten: si waren alleguerten manéierlech, an d’Nuetsschicht huet mir no laangem Sichen um PC den Asaz fir d’Täschelut confirméiert.

An der ablacklecher Diskussioun ëm déi sëlleche Fichier (62), déi am Laf vun de Joerzéngten entstaane sinn, geet vill Rieds vum Dateschutz. Dat ass gutt esou! Mä mäi klengen Tëschefall ëm eng Täschelut weist, datt een et och kann iwwerdreiwen!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *