Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Politik

Eng Visite op der cloche d’or! 

Eng Visite op der cloche d’or!
Image parcocoparisienne de Pixabay

et wëll ee schliisslech kënne matschwätzen, dofir goung ech gëschter e bësselche an deen neie centre commercial virwëtzen. Schonn wann een an de parking souterrain erafiert, weess een, wat op een duerkënnt: alles räich, zu Eieren vum homo consumens, dee gebieden ass, säin Auto esou séier wéi méiglech ze verloossen, den tapis rullo ze huelen an uewen aus, op rez-de-chaussée an 3 Stäck esou vill ewéi méiglech seng Suen hänken ze loossen.

ech si kee Mënsch, dee vill Zäit an esou groussen “Haale” verbréngt, dofir hunn ech d’frësch Loft ze gär, ma ech muss soen, datt dësen Akaafszenter iwwersiichtlech konzipéiert ass. Fir de Rescht allerdéngs, copy/paste vun der stater Groussgaass: nëmme grouss Marken,

Image parВиктория Бородинова de Pixabay

Nimm, déi ee kennt, déi lues a lues déi reng lëtzebuerger Geschäftsleit verdriwwen hunn, déi sech horrent Loyer an der Stad vun iwwert 20 Mille de Mount kënne leeschten. Ech stelle mir d’Fro, wéi héich de Loyer dann esou an engem centre commercial soll sinn? Bestëmmt och net grad e Cadeau! A wéi bréngt eng chaîne wéi H&M et fäerdeg, e Geschäft op gläich dräi Niveau vun dëser Haal, pardon, vun dësem Tempel ze hunn? Wéi kann do d’Keess nach stëmmen? Op enger Blouse déi 5€95 kascht, kann d’Gewënnmarge jo net der Deiwel ausmaachen! Et sief, déi Blouse gëtt tatsächlech an Indonesien fir ënnert engem hallwen Euro produzéiert!

 

war et Zoufall? Op der Sich no enger neier Valise hunn ech déi nämmlecht erbléckst, ewéi e puer Stonne virdrun an der Groussgaass, mam iwwerraschenden Ënnerscheed, datt se an der Stad 35 Euro manner deier war. Ech goung zeréck an d’Groussgaass,

Image parCouleur de Pixabay

krut nach 10 Prozent Reduktioun, soudatt den Ënnerscheed gutt 50 Euro ausgemaach huet. Dobäi kréien ech, als “Akaafszenter-Laien” zanter Joer de Contraire erzielt, datt nämlech e centre commercial vill méi bëlleg ass ewéi d’Stad. Ech menge bal, wéi wann do Verschiddenes matenee vermëscht gëtt: d’Loyer an der Stad sinn tatsächlech extreem héich an esou geet de Verbraucher dervunner aus, datt de Kommerzant déi Onkäschten einfach op seng Verkaafspräisser drop schléit. Ass dat awer realistesch? Besonnesch am klenge Lëtzebuerg géif sech séier erëmschwätzen, datt eng grouss Châine méi deier ass an der Stad ewéi an engem centre commercial. Datt d’Stad de schlechte Ruff huet, esou deier ze sinn, huet wuel mat e puer Luxusmarken ze dinn: scho virun 30 Joer hat ech e Fraëpyjama gesinn fir 48.000 Frang, spéider bei Chanel e String fir 700 Euro an bei enger anerer Mark, wou ech den Numm net méi weess, eng Posch fir 21.000 Euro. Ma d’Geschicht vu menger Valise ka jo och eng Ausnahm gewierscht sinn

Grénge Kapitalismus? Do si mir – Klima hinn a Greta hier – wuel nach wäit dervunner ewech. Op der Cloche d’Or ass fir jiddereen eppes derbäi, fir dee méi klenge Portemonni ewéi fir dee méi décken. Besonnesch jonk Leit schéngen an esou Haalen auszeflippen. Wee wonnert et?! Et gëtt, Häerz -wat- begiers- de! Et ass, wéi wann permanent Kleeserchesdag an Hellejerowend wier.

Verschidde Kollapsologen verlaange jo, datt an Zukunft de Mënsch nach just 1 Kilo Kleeder d’Joer sollt däerfe kafen, iwwerspëtzt ausgedréckt: en hallwe Wantermantel all 12 Méint. Wann dat antrëtt, ass d’Cloche d’Or séier zu enger Steenwüst. Mä, et gëtt Hoffnung: a 70 Deeg geet an der Stad de centre Hamilius op, mat nach méi Kleeder, accessoiren, Blingbling a Klimperklimper. Gutt, datt Plastiksgeld näischt kascht!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *