Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

D’Ambitiounen vum Pierre Gramegna 

D’Ambitiounen vum Pierre Gramegna
Image par Bruno /Germany de Pixabay

de Lëtzebuerger Finanzminister wëll Chef ginn vum Eurogrupp. Dat ass säi gutt Recht. Et bleift allerdéngs journalistesch interessant, ze wëssen, wat de Pierre Gramegna als Finanzminister seet an als potentielle Kandidat fir deen Eurogrup esou denkt! Hie gouf der Zeitung DIE WELT en Interview, wou gläich den Titel aschléit ewéi eng Bomm:” Ich sehe neue EU-Steuern eigentlich sehr positiv”. De Mann léisst also d’Kaz aus dem Sak. Wann et op nationalem Plang ëmmer nees heescht, datt Steierhaussen net a Fro kommen, esou ginn déi Steieren op europäeschem Plang begréisst!

an deem Interview klappt de Kandidat Gramegna sech fir d’éischt mol selwer op d’Schëller. Hie wier de gëeegente Mann, well hien laang Joer Diplomat wor a well hie schonn 6,5 Joer Member an deem Eurogrupp ass. An anere Wieder: hie weess wéi den Hues leeft. Dat ass normal, datt e Kandidat probéiert sech an d’Vitrine ze stellen. Am Gespréich mam Journalist Tobias Kaiser – net mat mir Famill!- seet de Pierre Gramegna ënner anerem dat heiten: wenn ich Vorsitzender wäre, sässe auf meinem aktuellen Platz in der Euro-Gruppe ein anderer Vertreter Luxemburgs, der die nationalen Interessen vertritt.

Do ginn et zwou Méiglechkeeten als Interpretatioun: entweder de Gramegna zitt sech als Lëtzebuerger Finanzminister aus der Regierung zeréck a mécht d’Presidence vum Eurogrupp haaptberufflech; oder Lëtzebuerg gëtt an deem Gremium an Zukunft vum Wirtschaftsminister vertrueden.

“…et kascht, wat et kascht, well et ass souwisou de Bierger dee bezilt!…”

Wat déi eventuell Steieren op europäeschem Plang ugeet: Die Diskussion darüber läuft noch. Vor allem wenn sie an höhere Ziele wie Klimaschutz gebunden sind, sehe ich neue EU-Steueren eigentlich sehr positiv. Ich könnte mir zum Beispiel eine Plastiksteuer vorstellen. Ich kann mir auch eine Kerosinsteier vorstellen. An anere Wieder: wat mir net bei eis Doheem fäerdeg bréngen, soll op europäeschem Niveau passéieren. Zu Lëtzebuerg gi mir politesch net eens fir eng zousätzlech Steier um Spritt, da gi mir eben Bréissel de schwaarze Péiter.

De Pierre Gramegna kritt vum Journalist d’Fro gestallt: Der Vorschlag der EU-Kommission für das Programm (Wiederaufbaufonds) sieht vor, dass, gemessen am PIB, kein Land so viel einzahlen soll wie Luxemburg, nämlich 5,4 Prozent des PIB. Ihr Heimatland soll 20 Mal mehr einzahlen, als es herausbekommt. Können Sie das zu Hause politisch durchsetzen? Doropper äntwert de Finanzminister zimmlech evasiv, am genre: dat misst alles nach gekuckt ginn.

Kee Piipcheswuert och vum Minister, datt et doriwwer a sengem Heemechtsland nach iwwerhapt keng Diskussioun gëtt! Et kascht eben, wat et kascht! Oder?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *