Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Pandemiegesetz: d’Regierung an der Féckmillchen? 

Pandemiegesetz: d’Regierung an der Féckmillchen?
Image par Hans Braxmeier de Pixabay

Guer keen Zweiwel! Den Drock op verschidde Regierungsmember ass grouss, an den Aarbechtspensum, dee vun hinnen ofverlaangt gëtt, deementspriechend. Den Drock op déi ganz Regierung ass zanter e Freideg nach méi staark ginn, well d’Oppositioun en bloc net méi wëll matspillen!

E Freideg war nees Sëtzung vun der conférence des présidents zesummen mam Chamber-Bureau. Do hätt sollen en avant-projet virgestallt ginn fir en neit Covid-19-Gesetz. D’Land sollt preparéirt sinn fir de Fall, wou et eng zweet Well vun Infektiounen sollt ginn. Dat mécht Sënn. D’Gesetz hätt just den Nodeel, datt et de facto eng Fortsetzung ass vum Noustandsgesetz, also eng Aushiewelung vun der Demokratie, e Fräischäin fir d’Regierung, wou d’Parlament (weider) den zweete Präis déit kréien. Déi gesamt Oppositioun wëll dat net!

héiert sech banal unn, kann awer schéi geféierlech sinn fir d’Regierung! E Freideg koum een politesch allemol kee grousst Stéck weider. De Premier war net esou gudd drop: hien huet e klengen operativen Agrëff hannert sech, dee schonn zanter Méint geplangt war. Trotzdeem: Châpeau fir den Asaaz! Munch aneren hätt sech do mol einfach e puer Deeg fräi geholl. Par contre huet sech d’Gesondheetsministesch musse krank mellen, an esou konnt keen iwwerschaffte Gesetzprojet virgestallt ginn.

D’Oppositioun – mat CSV, ADR, Lénk, Piraten- huet awer mol hire Veto ugekënnegt. D’Martine Hansen schwätzt vun engem “Ausnamezoustand duerch d’hënnescht Dir, vun engem Blankocheck fir d’Regierung”!  De Gast Gibéryen ass och der Meenung, datt esou Decisiounen am Chamberplenum ze huele wieren an net aleng der Regierung dierften iwwerlooss bleiwen.

D’Majoritéitsvertrieder goufen vun dësem Veto zum Deel iwwerrascht. Ofzewaarde bleift natierlech den definitiven Text vum geplangte Gesetz, ma et stellt sech d’Fro, ob d’Regierung dat Gesetz mat enger hauchdënner Majoritéit vun enger Stëmm tatsächlech wëll duerchboxen?! A sech dem Virworf auszesetzen, den demokratesche Fonktionnement vun eisen Institutiounen auszehiewelen?

Sollt et zu enger zweeter Well vun Infektioune kommen, steet d’Land jo net méi esou plakeg do ewéi bei där Eischter: déi ganz Regierung, mat virop den Departementer Gesondheet, Soziales, Aarbechtsministère an Edukatioun, huet empiresch bäigeléiert. Souwisou stellt sech déi net onwesentlech Fro, ob d’Land sech en zweete Confinement iwwerhaapt wirtschaftlech a gesellschaftlech leeschte kann!

 

Related posts

2 Comments

  1. steve melmer

    Jo du sees genau daat selwecht wei ech, dei Macht dei sie an all Regierung geng kreien wier gefeierlech, do se vir all moment keinten en etat de crise ausrufen wenn et hinnen an de krom passt…

  2. Mario Dichter

    Eine zweite Welle würde ja eine erste Welle voraussetzen, die es, wie uns die Zahlen lehren, de facto aber nie gegeben hat. Somit kann es also schon mal keine zweite Welle geben.

    Es ist eine Pseudo-Pandemie auf der Basis eines Fake-Tests, ausgerufen von einer an Interessenkonflikten erstickenden Welt-“Gesundheits”-Organisation, auf deren Pandemiegeschrei Regierende zum x-ten Mal hereingefallen sind.

    Setzen, 6!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *