Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Spiegelgate! 

Spiegelgate!
image credits: pixabay

D’Affaire Spiegel- well et ass tatsächlech eng Affaire- ass en Desaster fir de ganze Journalismus. Eischtens geet et guer net, sech ganz Geschichten, oder wéinstens Deeler dofunner ënner den Neel erauszesuckelen, also fräi ze erfannen; zweetens confirméiert et d’Bild vum Journalist a groussen Deeler vun der Gesellschaft, datt mir just Paperazzi sinn, dat schreiwen a schwätzen, wat eis an de Krom passt, datt mir un allem interesséieert sinn, besonnesch u Skandaler, awer séier wéineg un der Wouerecht! De Schued, deen de Claas Relotius hannerlooss huet, ass gewalteg fir déi ganz Zunft!

 

Wat de Spiegel elo aus dem Fall mécht, léisst och déif blécken. Do gëtt eng schéin a virun allem laaang Geschicht iwwer de Fall geschriwwen, an aus där Geschicht geet de Relotius als geeschteg Kranken ervir! Eng kleng matt der Ratsch muss de Mann wuel hunn, well seng erfonnte Geschichten ginn heiando extreem wäit, a spéitstens, wéi hien ee Präiss fir säin Erfundibus iwwereecht kruut, hätt hie matt sengem Luch a Bedruch missen ophaalen!

De Relotius ass awer net onbedéngt esou op d’Welt komm, et ass wuel éischter de System SPIEGEL, deen hien dozou gemaach huet:Sagen, was Sache ist!ass d’Devise, wou sech hannendrun awer den enormen Drock op de Reporter verstoppt, net nëmmen séier ze liwweren, ma och nach eng Geschicht, déi een nierewou sos ze liese kritt. Dobäi besteet de SPIEGEL, wéi sos vill aner Zeitungen a Magaziner, souwisou aus Gesinnungsjournalismus. Wann een duerch déi Zeitung bliedert, weess een am Viraus, wat op een duerkënnt: eng Analyse vun der Politik an der Gesellschaft mam Brëll vun der gauche, an nëmmen vun der gauche. Ex-SPIEGEL-Journalisten hunn an der Ëffentlechkeet méi wéi engkéier drop higewisen, wéi si vun der Chefredaktioun gesot kruuten, datt den homme à abattre an der Zäit de Franz Josef Strauss war, egal zu wat fir engem Präiss. Ech wëll dee fréieren CSU-Mann net a Schutz huelen, war aawer schonn deemols katastrophéiert iwwer dës Zort vu Journalismus. Déi nämmlecht Iwwerleeung gëllt natiirlech och fir deen aanere Bord, also dee rietsen. Gutt Beispill war an ass d’BILD. An där enger Zeitung begéint de Relotius Mënschen, déi – wee wonnert et!- kee Probleem hunn matt de Flüchtlingen, an deem anere Blat begéint ee just an exklusiv Probleemfäll. Et ass fir de Lieser, net ëmmer einfach, sech do e kloert Bild ze maachen! Eng Zeitung aleng geet meeschtens net duer.

 

image credits:pixabay

Matt der Objektivitéit ass dat esou eng Saach! Déi meeschte Journalisten probéieren, do hiert Bäscht ze maachen, ma jidfer perséinlech Objektivitéit ka jo awer in fine just subjektiv sinn!

Ech denken do un gewësse Situatiounen zeréck aus der Redaktioun. Do hat ech mol de Sujet vum Styropor un de Fassaen proposéiert. Ee Kolleg huet direkt gemengt :”Et kann een eng gudd Saach och gläich nees futti rieden”. An anere Wieder: dee Reporter war fir de Sujet net ze kréien, aus ekologescher Iwwerzeegung. Ech gouf de Sujet weider un e Stagiaire, deen tatsächlech vun de Berufspompjee d’Ausso krut, datt Fassaden mat Styropor, jenodeem wat fir eng Kalitéit, kann brandgeféierlech sinn. Zwee Joer duernoo sinn an engem tower zu London iwwer 120 Mënschen lieweg verbrannt. Op dee Reporter aus där Erfahrung bäigeléiert huet? Ech woen et ze bezweiwelen, ouni awer seng ekologesch Astellung a Fro ze stellen.

 

Anert Beispill: dem Jean-Claude seng SREL-Affaire! Kloer goufen et do Informanten, politesch Informanten, deenen et prioritär drëm goung, de Premier an d’Brennesselen ze puchen. Richteg dreckeg gouf et, wann déi Informanten d’Chefredaktioun iwwersprongen hunn an d’Info direkt un e Reporter weider goufen; wann ech dann de Kolleg frot:”ween ass däin Informant? Ass d’source fiabel?”,kruut ech direkt de Fanger gewisen:” Berufgeheimnis!” Ech hu mech also musse blannemännerches op mäi Reporter verloossen, oder awer, wann Zäit do war, meng eege Recherchen maachen. De secret professionnel partagé gëtt et nun emol net juristesch zu Lëtzebuerg!! Grouss Responsabilitéit fir de Reporter, an awer och fir d’Chefredaktioun!

image credits:pixabay

Aus den Telefonsecouten gouf eng Regierungskriis. Radio Lëtzebuerg gouf an där Zäit de roude Sender ge(ver)nannt, well nun emool alles géint de Premier a géint d’CSV gelaaf wor a well déi Rout duechten, et géing hinnen an d’Gräpp spillen. Och esou eng Saach vun Objektivitéit an Subjektivitéit…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *