Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Op der stater Gare flitt gläich den Deckel an d’Lut! 

Op der stater Gare flitt gläich den Deckel an d’Lut!
Image parRepublica de Pixabay

de Chiffer ass impressionnant: 800 Leit ware gëschter an enger Informatiounsversammlung, fir iwwer d’Situatioun am garer Quartier ze diskutéieren, wat soen ech: fir sech ze iergeren, an zwar fatzeg. 800 Leit, eleng aus deem Quartier, dat woren der esou vill wéi um leschte Schwänzdag fir de Klima! Wären d’Awunner vu Bouneweeg mat invitéiert gewierscht, wäre mat Sécherheet nach emol 500 Leit derbei komm. D’Leit op der Gare hunn es sat: vill Heescherten, massiv Drogendealer a schliisslech d’Kiischt um Kuch: de Schantjen fir den Tram.

 

Eng Fra am Sall huet et esou op de Punkt bruecht: de Bierger huet d’Gewalt iwwer d’Place publique verluer; déi ass elo ënner Kontroll vu verschiddene Clanen. Dat ass schonn eng hefteg Ausso, déi een aaneschters ka formuléieren: et fillt een sech net méi sécher! Et géing een sech net méi trauen – als Fra scho guer net- fir no 8 Auer Owes vun der Gare bis op d’Stroossbuerger Plaz ze trëppelen. Ob dat iwwerdriwwen ausgedréckt ass, kann ech selwer net beuurdeelen, ma op alle Fall sinn déi “Garer” geheiereg frustréiert. An d’Politiker hunn net onbedéngt dat beschte Beispill ofginn, kritesch Observateuren mengen, si wiere selwer vun der allgemenger Roserei aus dem Sall iwwerrascht ginn. Ganz schlecht ewech kënnt dobei de Premier; de Xavier Bettel souz zwar net am Sall, krut allerdéngs an Erënnerung geruff, wéi hien sech als stater Buergermeeschter an d’Broscht gehäit hat, fir deene “Garer” Remedur ze verspriechen. Et erënnert ee sech u säi Bréif als Gemengepapp un de Staatsminister Jean-Claude Juncker, fir dréngend de ‘Platzverweis’ autoriséiert ze kréien. Elo ass hien zanter 6 Joer Regierungschef, a geschitt ass op deem Punkt bis dato absolutt näischt. Dat huet wuel eppes mam Fridden an der Regierung ze dinn, an der Haaptsaach mat deene Gréngen, déi de Polizeistaat fäerten ewéi den Dracula Kräiz a Knuewelek!

 

opgefall ass, datt déi nei Justizministesch Sam Tanson kee Piipcheswuert vu sech gouf. Bon, si ass nei an hirer Fonctioun, kennt awer d’Problematik aus hirer relativ rezenter Vergaangenheet als Stater Scheffin! Den Direkter vun der Police war och éischter am Sall als Dekoratioun, wëll heeschen, de Mann huet wuel nogelauschtert, awer selwer ni an d’Diskussioun agegraff. De Policeminister François Bausch huet nach déi beschte Figur ofginn, an d’Buergermeeschteg Lydie Polfer huet de Spagat probéiert, tëscht deem wat d’Gemeng kéint maachen an deem, wou si op d’Ënnerstëtzung vu Regierungssäit ugewisen ass. D’Garer Awunner hu sech op alle Fall net vu Statistikke kleng riede gelooss a méi wéi eng Kéier drop higewisen, datt d’Faass um Iwwerlaafen ass.

 

D’Politiker vun alle Borden krute gëschter den Dicks geriicht: si mussen eppes ënnerhuelen, an zwar esou séier wéi méiglech:“wann Dir et net maacht, da maachen mir et!” war d’Warnung aus dem iwwerfëllte Sall. Do ass d’Gemeng gefuerdert, an awer och d’Regierung. Et kann net sinn, datt matzen an enger Akaafszone gedealt gëtt op Deiwel komm eraus. Et misste méi Iwwerwaachungskamera installéiert ginn ( an fonktionnéieren) – och an de parking souterrain-, verschidde Plazen misste méi hell beliicht ginn a schliiisslech misst tatsächlech iwwer de Platzverweis nogeduecht ginn. Ouni mech wollen als Sécherheetsexpert opzespillen, muss ech feststellen, datt iwwerall do, wou dee Verweis am Ausland agefouert gouf, d’Situatioun sech berouecht huet. Dobäi däerf ee sech awer näischt virmaachen: Heescherten an Dealer réckelen domatter just d’Plaz. Mä, et ass dat, wat d’Garer gären hätten: fort aus hirem Quartier, bis zum Beispill bei de “Bouillon”, wou deen Ament eng aner Zëppchen géing gekacht ginn…

D’CSV huet am spéide Moien e Communiqué fort geschéckt. Déi “Garer” wäert et freeën, ma et däerf net bei Versprieche bleiwen. Pobeier ass bekanntlech gedëlleg….

Pressecommuniqué

D’CSV weist sech extrem besuergt iwwer déi dramatesch Situatioun am Garer Quartier, déi nach emol gëschter Owend an enger gutt besichter ëffentlecher Versammlung thematiséiert ginn ass.

Déi organiséiert Drogekriminalitéit, hannertdär déi nigerianesch Mafia stécht, an awer och de Vandalismus, Déifstall an Aggressiounen géintiwwer Fraen huelen dramatesch zou.

D’Awunner aus dem Garer Quartier bedaueren de Mangel vun Policepatrullen an Präsenz vu Polizisten um Terrain.

D’CSV ass schockéiert iwwert dës Situatioun. An engem Rechtsstaat dierfen et keng rechtsfräi Zone ginn. Dat ass eng Kapitulatioun vun engem vun deenen fundamentalen Missiounen vun engem Staat.

Aus dëse Grënn fuerdert d’CSV d’Regierung, a besonnesch d’Ministeren firbannent Sécherheet, Justiz, Immigratioun an Santé op, firmat alle méiglechen Mëttel ze intervenéieren, fir de Bierger den ëffentleche Raum erëm ze ginn.

Matgedeelt vun der CSV Fraktioun

Lëtzebuerg, den 26. September 2019

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *