Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Corona-Tester: fräiwëlleg-gezwongen?! 

Corona-Tester: fräiwëlleg-gezwongen?!
Image par wal_172619 de Pixabay

do huet d’Regierung en décke Coup gelannt! D’ganzt Land gëtt op de Virus getest, wann et muss sinn, esouguer méi wéi eng Kéier. Domatter kënnt een an d’international Medien; nom gratis Transport fir jiddereen, elo de gratis Test fir Jenni a Menni. Käschtepunkt fir de Staat: 40 Milliounen Euro! Et stellt sech d’Fro, ob déi Suen gutt investéiert sinn?

Et gi jo verschidde Méiglechkeeten:

  1. d’Persoun ass den Dag vum Test positiv a gëtt souzesoen “aus dem Verkéier geholl”.
  2. d’Persoun ass negativ, ma riskéiert, den Dag nom Test positiv ze sinn.
  3. d’Persoun hat de Virus schonn, ma dat gëtt duerch dësen Test net festgestallt (Antikierpertest)

Et sollen also déi Persounen a Quarantaine kënne gesat ginn, déi de Virus hunn ma keng Symptomer opweisen; an uschléissend, duerch den tracing, och aner Bierger, mat deenen déi Persounen evenuell a Kontakt waren. Héiert sech gutt unn, ma et weess een net, ob et d’Suen tatsächlech wäert ass.

Am groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz heescht et net ëmsos: “…que les différentes mesures réglementaires se limitent à ce qui est indispensable et strictement nécessaire et qu’elles sont adéquates et proportionnées au but poursuivi…” Indispensabel? Dat ass net de Fall! Ëmmerhinn soll den test jo op fräiwëlleger Basis oflaafen. A wat fräiwëlleg ass, ass automatesch net liéwensnoutwenneg! Oder ass dat mat der Fräiwëllegkeet net esou eescht ze huelen?

am Communiqué vun der Regierung heescht et ënnert anerem: “…einen grösstmöglichen Teil der Bevölkerung zu testen und anschliessend negativ getestete Menschen von restriktiven Massnahmen zu befreien” Hoppla! Wat soll dat dann heeschen?! Et schéngt nawell wichteg ze sinn, well, et gëtt am Communiqué op enger anerer Plaaz widderholl :“…für negativ getestete Personen werden die Beschränkungen des lockdowns aufgehoben!”

Am Lëtzebuerger Wort kënnt de Prof. Dr. Ulf Nehrbass e bësselchen méi am Detail dorobber zeréck. Hien ass den Direkter vum Luxembourg institute of health an de Sriécher vun der Task Force covid-19: “Bei einem negativen SARS-CoV-2-Test und keinen Symptomen werden die Beschränkungen aufgehoben und man kann zur Arbeit oder in die Schule zurückkehren”. Also fir däerfen schaffen ze goen, ass den Test obligatoresch?!

Sinn déi Iwwerleeungen allgemenger Natur oder betreffen si just en eenzelne Grupp vu Leit? Ech gi mol dervunner aus, datt een sech hei éischter onpräzis ausgedréckt huet. Ma et gëllt et, kloer ze stellen, well et geet och a virun allem ëm eis demokratesch Wäerter. Dofir och den Appell, an Zoukonft déi respektiv Kommissiounssëtzungen net hannert zouen Diren ofzehalen, ma si live iwwer chamber tv ze diffuséieren. Da kéinten esou Mëssel liicht ënnerbonne ginn!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *