Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Bei deene Gréngen brennt de Bam! 

Bei deene Gréngen brennt de Bam!
image credits: Wikipedia

Déi Gréng mache schwiereg Zäite mat: zejoert wor de Camille Gira gestuerwen, dësen August huet de Felix Braz e kräftegen Häerzinfarkt gemaach; hie soll sech zwar erhuelen, ma esou lues, datt hien net méi zeréck an d’Regierung ka kommen. Courage,Felix, an weiderhinn, gutt Besserung. An der Partei selwer laafen den Ablack hefteg Diskussiounen ronderëm seng Successioun! Gewosst ass, datt d’Madame Tanson definitive de Ressort vun der Justiz iwwerhëllt; si behält d’Kultur, gëtt allerdéngs de logement of. U wien? Do kënnt d’Partei fir Kriesëtzungen zesummen.

 

logesch wär, datt d’Madame Josée Lorsché géing an d’Regierung noréckelen. Den Här Traversini huet sech bekanntlech selwer an den Abseits gestallt an hie soll och scho vu verschiddenen aus der Partei als persona non grata behandelt ginn, kee wéilt méi esou richteg mat him an d’Gespréich kommen. Do bleiwt d’Reaktioun vum Ex-Buergermeeschter ofzewaarden. D’Partei wéilt de renouveau riskéieren! Ech héieren, datt d’Madame Lorsché net méi an der Course wier, fir Ministesch ze ginn, ma dofir d’Madame Djuna Bernard, Joergang 1992. Doriwwer ass d’Madame Lorsché alles aneschters ewéi begeeschtert: éischtens misst si op e Ministerstull verzichten, zweetens weess si, datt fir déi nächste Wahlen d’Madame Bernard tête de liste am Südbezierk gëtt. Eng batter Pëll, déi och Nierwewierkungen huet op den Deputéierten Henri Kox:

image credits: Wikipedia

géing nämlech d’Madame Lorsché Ministesch ginn, wär hien de Mann, fir si als Fraktiounschef vun deene Gréngen an der Chamber ofzeléisen.

 

Fragezeichen bleiwt d’Carole Dieschbourg. Si huet sech an der Affaire Traversini nach net gemuckst. Dat ka jo net sinn, bei all deene Rumeuren a Beschëllegungen, déi zirkuléieren!! Datt si 1-2 Deeg waard, fir hir Positioun ze klären, ze schäerfen, ass ok; ma sech iwwerhaapt net zu Wuert mellen, dat geet guer net! Wou bleift do déi renoméiert gréng Transparenz? Weess d’Ministesch sech net fräi? Plot si dat schlecht Gewëssen? Stécht méi derhannert, wéi den Ament an der Ëffentlechkeet gewosst ass? Kënnt ieren eng weider Affaire hannendrun? Dës Froen kommen natiirlech zugläich als Ënnerstellung eriwwer, sinn awer berechtecht, esou laang d’Madame Dieschbourg sech net explizéiert!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *