Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Vu Schongbuttek an Tram 

Vu Schongbuttek an Tram
Image parpixaoppa de Pixabay

d’Madame Cahen iergert sech iwwer den Tramschantjen op der Gare. Do steet si net aleng do, allerdéngs huet si sech um Adressat gëiért: de stater Geschäftsverband kéint wuel tatsächlech méi ënnerhuelen, fir hir Memberen ze ënnerstëtzen, ma et ass jo net de Verband, deen un der Basis steet vum ablacklechen Horrorscenario! Et ass grad esou wéineg d’Gemeng Lëtzebuerg, déi natiirlech och kéint méi ënnerhuelen, grad elo, wou sech de komplette Verkéierschaos op der Gare ukënnecht. D’Corinne Cahen hätt sech mussen un hir eege Regierung adresséieren, a virun allem un de Minister François Bausch, deen onbedéngt als Minister TRAM wëll an d’Geschicht agoen. Mä, et ass jo ni ze spéit fir et gutt ze maachen! Déi ablacklech Situatioun – zanter e leschte Sonndeg- ass kee Provisorium! D’Gare soll e Quartier ginn ouni Auto oder quasi! Wann dat alt mol gutt ausgeet! De Bausch huet all d’RGTR-Bussen an d’Verbannung geschéckt, an d’ville de Luxembourg huet zum Deel nogezunn. Dat kritt seng Konsequenzen fir de Quartier! Ech perséinlech hunn mol e Rendez-vous beim Aandokter op der Gare gestrach, grad esou eng normal medezinesch Untersuchung an der Zitha-Klinik, an zwar well et den Ablack extreem komplizéiert ass, an deen Eck vun eiser Stad ze kommen, et sief, ech huelen Velo an Trottinette eraus.

an engem Joer muss ech, fir op d’Gare ze kommen e Bus huelen, dee mech op de Kierchbierg féiert: fir d’Waarden a Kutschéieren rechnen ech 8 Minutten. Um Kierchbierg trëppelen ech 2 Minutten op de Quai a waarden op den Tram. Ech trammen, du trammst, hien trammt… Merde! Just verpasst! Ech waarde weider 7 Minutten a klammen eran. Vum Kierchbierg bis bei de Rousegäertchen/Paräisser Plaz schätzen ech brauch den Tram 18 – 20 Minutten. Am Ganzen also 35 bis 37 Minutten fir ee Wee, fir deen ech bis e leschte Freideg mat der direkter Busligne der maximal 20 gebraucht hunn, ouni mussen ëmzesteigen. Tatsächlech e Quantesprong, oder wéi d’Regierung esou gäre seet: e Paradigmewiessel! Dat gëtt keng einfach Zäit fir Bistrot, Restaurant, Butteker, Dokter asw. Villäicht kann ech mech jo vum Bistrotier invitéiere loossen a ginn dann bei hien mam Auto op Besuch?… Och wann ech dat anert Joer meng normal Busligne huelen, esou muss ech fir op d’Gare ze kommen, an der Halschecht vum Trajet op den Tram ëmsteigen, ma e bësselchen trëppelen ass gutt fir d’Gesondheet…

Dobäi ass den Haaptprobleem guer net geléist! Wéi nämlech kommen Dag fir Dag 450.000 Leit op hir Aarbecht, wéi sinn déi iwwer 200.000 Frontallier am Beschten op der Aarbecht ze “parken”, ouni datt den totale Chaos op den Haaptoderen vum Stroossereseau entsteet?! D’Zich sinn elo schonn zu de Spëtzestonnen iwwerfëllt, d’Leit kommen erausgetrollt wéi aus enger Sardinnebéchs, d’Kadenz vun den Zich kann net eropgesat ginn. Mä mam Tram gëtt alles besser, gellu? Dass de net geess! Amplaz elo wëllen verschidden Autobunnen op dräi Pisten ze vergréisseren misst laanscht déi Escher an Diddelenger Autobunn e “séieren Zuch” decidéiert ginn: mir sinn elo zu 615.000 Awunner, bannent 8 Joer eng Hausse vu genee 100.000, wat fir d’Zukunft bedeit, datt mir an 32 Joer zu enger Millioun sinn an datt wahrscheinlech 400.000 Frontallier bei eis schaffen! Do ass eng drëtt Pist just eng Drëps op e waarme Steen, wéi an de Mo gespaut! Grouss Decisiounen brauche bei eis bekanntlech iwwer 25 Joer, et géif also esou lues Zäit ginn!

De Wonsch aus dem Vollek gëtt ëmmer méi grouss, eng oppen an éierlech Diskussioun ze féieren iwwer de stännege Wuesstëm. Keng eenzeg Partei huet de Courage dozou! Manner Wuesstëm wir nämlech héichkarätesch dramatesch: nëmmen e puer Joer mat engem Wuesstëm vun engem Prozent, an de Pensiounssysteem ass a Gefor, déi ganz Lounstruktur- virun allem an der fonction publique ma och am Privatsekteur, muss no ënnen revidéiet ginn, de Staat muss sech kräfteg verschëlden…

 

keen ass fir den Nullwuesstëm, ma et sinn der ëmmer manner fir de Milliounestaat! D’Regierung äntwert mat Rifkin. Brilliant Rhetorik! Wat feelt, ass eng grouss ugeluechte Campagne, fir dem Vollek ze erklären, virwat en Nullwuésstëm fir eist Land net méiglech ass an zugläich Pisten opzezeechnen, wéi et an Zukunft kéint weidergoen. Am Vollek ramouert et kräfteg, zum engen bedéngt wéinst den ëmmer méi chaoteschen Zoustänn op de Stroossen, zum aneren wéinst dem Gefill vun der naionaler Zougehéiregkeet. Vill Lëtzebuerger fillen sech net méi wéi op hirer eegener Mëscht, a matt hinnen, ëmmer méi auslännesch Mattbierger, déi sch viru Joerzéngten bei eis néiergelooss hunn. D’Parteien sollen déi Onzefriddenheet net ënnerschätzen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *