Wann een d’Ministeren aus der Regierung Gambia I op den 1,2 Milliounen-Awunnerstaat ugeschwat huet, da gouf een op den Ekonomist Jeremy Rifkin verwisen. Eng politesch Diskussioun iwwer déi demographesch Zukunft vum Land war onerwënscht. Elo ass dee Mann gestuerwen, op d’mannst seng Theorie. D’Begriefnes ass an der Intimitéit.
Am L’EXPRESS schreift den Nicolas Bouzou: Ah! qu’elle semble loin l’époque où certains prophètes comme Jeremy Rifkin nous expliquaient doctement que le numérique et l’intelligence artificielle allaient tuer l’emploi, et que le monde trouverait son salut dans le revenu universel de base. Geschitt ass nämlech just de Géigendeel!
Ronderëm d’Welt si verschidde Matière Premieren extreem knapp a si kommen net séier genuch erbäi, aus där enger oder anerer Ursaach. Allgemeng kann ee festhalen, datt nom Confinement d’Weltwirtschaft gehéireg ugerappt huet an datt den Aarbechtsmaart hannendru leeft. An Amerika soen 50 Prozent vun de Betriber, datt si Schwieregkeeten hunn, Leit anzestellen.
Zu Lëtzebuerg ass d’Situatioun net vill aneschters. Dat spigelt sech erëm an de Statistiken vum Aarbechtsmaart.
am September zejoert waren 17.900 Persounen ouni Aarbecht. Virun zwee Méint waren 15.600 am Chômage. Dat weist, datt massiv agestallt ginn ass um Wupp vun der drëtter Pandemie-Well. Virun allem awer – a fir de gudde Jeremy ze widderleeën- goung den Aarbechtsmaart wärend der Pandemie massiv erop: am Hierscht zejoert haten 446.570 Persounen en Job, haut sinn et der schonn 461.000 , an anere Wieder, et goufen 14.430 zousätzlech Aarbechtsplaze geschafen.
Frontalier hu mir an der Tëschenzäit der 215.000, wärend dem Viruskrich koumen der also 8400 bäi. Net schlecht fir 12 Méint! Jeremy: mierks du wouropper ech wëll eraus? Lëtzebuerg wiisst! Wéi Gambia un d’Muecht koum, ware mir zu 563.000. Neierdéngs wunne bei eis 640.000 Séilen, bannent 6 Joer also e Plus vu 77.000! Trotz Krich!
Fir net falsch verstanen ze ginn: ech hunn näischt géint eng Populatioun vun enger Millioun. Ganz am Géigendeel, mir sinn op de Wuesstem ugewisen.
Et stellen sech awer eng Partie Froen. Wuesstem bedeit als Niewewierkungen extreem Erausfuerderungen. Op där enger Säit ass et gutt fir d’Staatsfinanzen opzefëllen an de Pensiounssystem laangfristeg ze garantéieren. Op där anerer Säit bedeit et fierchterlechen Drock op eise Wunnengsmaart wou geschëppt a geschëppt gëtt an et geet nawell net duer.
Et bedeit och gewaltegen Drock op eis Ëmweltpolitik. Den CO2 geet net erof, ma erop, oder awer et musse bedeitend méi Ustrengunge gemaach ginn wéi dat bis ewell vun de Ministeren Dieschbourg an Turmes ugekënnegt gëtt. De Konsum u Waasser a Stroum hëlt zou, grad esou de Stroosseverkéier, well kaum dermadder ze rechnen ass, datt d’Frontalier zu 220.000 mam Vëlo an d’Land kommen! Wuesstem bedeit massiv Investissementer an déi verschidden Infrastrukturen. Oder bleiwt jiddereen am Home-Office? Schoudrez vous!
All dat ass vum Jeremy Rifkin net ugeschwat ginn. All dat gëtt vun der Regierung net thematiséiert. Si weess och firwat a si huet den Dadder!
Ech kann mech un de Kreesch an der Populatioun erënneren wéi de Juncke’sch Jean-Claude vun engem 700.000 Séilen Staat geschwat huet. Lo sin mir nëmmen knapps 10% dovunner ewech… an dann nach eng Kéier bal dat selwecht drop… do kann een nawell gären den Dadder kréien… net nëmmen d’Regierung!