Recent Posts

Post Categories

D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...
Frank Bertemes: Es war einmal? 
Um eine Bewegung in Gang zu bringen, muss man Wünsche, Ängste und Triebe ansprechen. Das ist an sich bekannt. Von...
Frank Bertemes: Problem Rotationsprinzip 
Nach der Lektüre des rezenten Interviews mit den beiden emsigen, doch nun (leider) rotierenden Abgeordneten der Partei „déi Lénk“ im...
Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...

Blog Post

Innepolitik

Nom CSV-, de Spargel- oder den Andéiwestaat? 

Nom CSV-, de Spargel- oder den Andéiwestaat?
image credits: pixabay

Ech krut et vun zwou Säite confirméiert: d’Verdikter an der Affaire Fränk Schneider versus François Bausch goufen un d’Chefredaktioun aus de grousse Medienhaiser verschéckt, de Verdikt aus zweeter Instanz Enn Juni/Ugangs Juli zejoert. Et kann also kee soen, déi Affairchen wier “im Eifer des Gefechts” iwwersi ginn. Ëmsou méi drängt sech d’Fro op: wat ass da lass an eiser Medielandschaft? Huet wierklech keen – ausser Radio Lëtzebuerg- et fir néideg fonnt, iwwer dee Verdikt och nëmmen e puer Zeilen op de Pobeier ze kroozelen? Ass et wierklech esou oninteressant, datt e fréieren Deputéierten- haut Minister- um Geriicht fir schëlleg geschwat gouf? Oder war et éischter, well e “SREL-Mann” dee Prozess gewonnen hat? Dat wir gravissime!

Z

e hoffen ass, datt ech mech ieren, datt et net drëm goung, Saachen ënner den Teppech ze kieren. D’Argument: “et wollt ee virum 14. Oktober net nees engkéier Wahlen duerch SREL-Geschichten manipuléiere loossen”, kann ech zum Deel acceptéieren; an deem Fall hätt een allerdéngs déi Wochen duerno gutt Zäit gehat, vun de Verdikter ze schreiwen!. Dofir plädéieren ech fir de Spargelstaat! De Spargel schéisst zwar nëmmen eemol d’Joer, kënnt dann awer un d’Dagesliicht. E Chicon scheit d’Liicht a gëtt doduerger ëmsou méi batter. Elo hu mir Mäerz… a wéi ëmmer:wann een an eng Geschicht wulle geet, entsteet eng Eegendynamik an et kommen eng Rei pikant Detailer, einfach esou, wéi aus dem Buedem eraus….affaire à suivre! Schéine Weekend

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *