Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Neiwahlen? 

Neiwahlen?
Photo de Edmond Dantès: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-femmes-epingle-a-l-interieur-7103166/

De Weekend ass gutt iwwerstanen an zanterhier dréit een eng Rumeur méi mat sech erëm. Fir d’éischt krut een si vun de Genossen ze héieren, elo och vun de Liberalen. Et wéisst een net, ob een an der Gambia-Regierung nach déi nächst 12 Méint bis zu de regulären Nationalwahle packt oder net. De Klima ass schonn zanter Joer ënnerierdesch, neierdéngs ginn politesch Divergenzen an der Ëffentlechkeet ausgedroen. Rezent Beispill, d’Aussoen vum Dan Kersch, fréiere  roude Vizepremier, deen elo als Deputéierten aus der zweeter Rei schéisst.

Déi Aussoen op Radio Lëtzebuerg haten et a sech: D’LSAP hätt op der Tripartite Ufanks der Woch u sech kritt wat se wollt, allerdéngs erwaart se sech nach virun de Walen Upassungen a Punkto Steieren. Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch sot en Donneschdeg de Moien hei op RTL, d’DP wier “total nieft der Plack” well et wier d’DP, déi eng Steierreform géing blockéieren a sech esou net un de Koalitiounsaccord géing halen. D’DP wier an hirer Positioun och isoléiert, esou den Dan Kersch. (rtl.lu)

De fréiere Minister huet also dräi Kritikpunkten dohinner geplättelt!

  1. D’DP ass total nieft der Plack, wann si keng Steierreform wëll hunn
  2. Domadder hält si sech net un de Koalitiounsaccord. Déi zwee Koalitiounspartner – LSAP an déi Gréng- géingen hannert d’Liicht gefouert ginn a wuel och de Wieler!
  3. D’DP ass isoléiert. D’Tzozialisten an déi Gréng verlaangen also déi ugekënnegte Steierreform.

Dat liest sech scho bal wéi en Ultimatum. Den Dan Kersch gëtt zum lénke Bord vun der LSAP gezielt, och zimmlech no beim OGBL. Déi gréisste Regierungspartei kritt souzesoen d’Messer op d’Broscht gesat. Ma schonn virun zwee Joer krut ech vu rouder Säit gepëspert, datt een mat Gambia2 d’Flemm hätt an datt een sech duerchaus kéint eng Koalitioun mat der CSV virstellen. Et hätt een zwar genee ewéi Gambia eng hauchdënn Majoritéit am Parlament, ma déi Rout kënnen sech u roueg Zäiten mat der CSV erënneren, eng laang Zäit, wou gutt Frëndschaften entstane sinn.

D’DP kolportéiert zanter dësem Weekend Änleches. Et géif een sech net méi weider vun de Soozen dreiwe loossen. Si sollten ophalen an der Ëffentlechkeet mat de Féiss ze schären, schliisslech hätten si jo op der Tripartite dat krut, wat si gäre gewollt hätten. Op alle Fall wär de Gedoldsfuedem am gaangen ze zerräissen an et géing net méi vill feelen. Déi stater DP fir hieren Deel géingen Neiwahlen allemol arrangéieren, well si op déi Manéier ee personelle Probleem manner hätten: d’Corinne Cahen misst nach eemol mat an d’Chamberwahlen, kéint also net an der Haaptstad kandidéieren!

A wat seet de Big Boss? Ech krut zwar net mam Xavier Bettel ze schwätzen, ma aus liberale Kreesser heescht et, datt hien géint Neiwahlen ass. Hie wéilt onbedéngt als Premier déi Koalitioun zu Enn bréngen. Also och politesch de Motto et kascht, wat et kascht! Wann allerdéngs déi Gréng a virun allem d’Sozialisten ëmmer nees mat der Fuerderung no enger Steierreform optrieden an d’DP mat hiren Argumenter dergéint ass, dann blaméiert sech d’Dräierkoalitioun bis op d’Schanken!

“…am Meeschte laacht déi Véierten!…”

Sollt d’Koalitioun tatsächlech an d’Bréch goen, dann ass et jo evident, datt d’CSV sech zwar muss wiele loossen, ma datt si schonn am Viraus als Koalitiounspartner feststeet. Well wann der Dräi auserneeginn, kënnen déi Dräi net um Wahlowend mat där nämmlechter Koalitioun weiderfueren. Déi Chrëschtlechsozial laachen sech also an d’Fäischtchen an et fält op, datt grad si sech den Ament an deem Gepëspers éischter zeréck halen.

Dat huet warscheinlech och domadder ze dinn, well si alles aneschters ewéi prett sinn fir eventuell Neiwahlen. Wien soll Spëtzekandidat ginn? Bis ewell goung een an der CSV dovunner aus, datt een no de Gemengewahlen am Fréijoer géing méi kloer gesinn, datt op Grond vun de Resultater sech dee beschte Spëtzekandidat géing erausschielen. Mat Neiwahlen wier deen Zenario futsch.

Sollt et zu enger DP-CSV-Koalitioun kommen, bléif de Xavier Bettel zimmlech sécher Premier. Wien gëtt säi Co-Pilot op der Säit vun der CSV? Et ass also alles aneschters ewéi kloer…an et ass wéi gesot, just eng Rumeur. Bei där sech allerdéngs muss d’Fro gestallt ginn, firwat datt si grad elo gespreet gëtt?! Bekanntlech zitt deejéinegen, deen d’Neiwahlen provozéiert, an der Reegel 3 Méint drop de schwaarze Péiter.

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Spéitstens nom “Optrëtt” vum Dan Kersch op RTL dierft et kloer sinn, datt d’Lompen an där Koalitioun färrem sténken. Datt de Sieur Bëttel (aus puer opportunistësche Grënn) keng Neiwale wëll (an net nëmmen hien an där Koalitioun, déi scho laang keng méi ass, mee just nach een Zweckbündnis) – ass grad esou kloer. Och wann d’LSAP “Morgenluft” ze wittere méngt, sou huet grad déi Partei, déi ëmmer méi “liberal” ofgerutscht ass – sech awer elo kuerz virun där nächster Waléchéance rëm wëll opfänken – et bei sou munche Wieler “verschass” an zimlech vill u Glaafwierdegkeet verluer. Wou ass dann nach d’Gauche an der LSAP, déi just nach um Gewerkschaftsfliggel ze fannen ass a sech soss der wirtschaftsliberaler Beliibegkeet oder dem Polit-Waschi-Waschi erginn huet? Et héiert ee leider ëmmer méi, datt den ADR u Stëmme wärt gewannen – an dat mat populistëschen Téin a rechtslastegem Gedankegutt – wouvun déi awer offiziell näischt wëlle wëssen…Politverdrossenheet mécht sech ëmmer méi breet – wee wonnert dat?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *