Recent Posts

Post Categories

Déi schéin nei Welt koum e bësselche séier 
Et gi Noriichten, déi muss een e puer Woche sacke loossen, mautschen, verdauen, rëmknaen an nach eemol verdauen, ier een...
Informatiounsrecht kënnt viru Versammlungsrecht 
Déi groussherzoglech Press probéiert, e bësselchen Tapage ze maachen ronderëm dat geplangte Gesetz fir d’Demonstratiounsrecht zu Lëtzebuerg.Tipptopp! Ma dobäi däerf...
Frank Bertemes: Politik und Integrität 
Sein Mut, seine Würde, seine Integrität machen ihn zu einem Vorbild für uns alle. António Lobo Antunes   “Die Opportunität...
Pierre Obertin: Die Task Force-Files 
De Pierre Obertin ass aktiv am Grupp Expressisverbis, wou hien an de leschte Joer reegelméisseg Artikele publizéiert huet. Säi Leschte...

Blog Post

Justiz

Informatiounsrecht kënnt viru Versammlungsrecht 

Informatiounsrecht kënnt viru Versammlungsrecht

Déi groussherzoglech Press probéiert, e bësselchen Tapage ze maachen ronderëm dat geplangte Gesetz fir d’Demonstratiounsrecht zu Lëtzebuerg.Tipptopp! Ma dobäi däerf een déi journalistesch Aarbecht net op d’Kopp stellen,  D’Prioritéit vum Journalist läit beim informéieren, beim Beliichten, beim Explizéieren vun enger bestëmmter Info. Réischt duerno kann de Journalist och kommentéieren. Déi nei Generatioun vu Beruffskolleegen ass munchmol ze presséiert, kommentéiert op Däiwel komm eraus; schliisslech ass net jiddereen an där Positioun, dem Vollek kënnen ze soen, wat et ze denken huet.

Beispill: d’Demonstratiounsrecht. Mat deem, wat den Inneminister am gaangen ass, an der Spënnchen opzesetzen, wier eis Protestkultur am Schraufstack, heescht et schonn am Titel vum RTL-Commentaire. Dovunner ofgesinn, datt de Lëtzebuerger keng grouss Protestkultur huet,-ausser wat den Index betrëfft-, ass dat d’Kou vun hannen opgesuedelt. De Nolauschterer kritt eng Meenung zerwéiert zu engem Sujet, wou hien absolutt keng Erklärungen am Virfeld krut. Dann ass et schwiereg, sech selwer en objektiivt Bild ze maachen!

Net onwichteg ass ze bemierken, datt den Inneminister en avant-projet de loi ausgeschafft huet. Warscheinlech wosst hien, wat géing op hien duerkommen, nämlech vill Gejäiz a vill Ännerungsvirschléi. Eng chambre des salariés konnt d’Waasser net halen a gouf direkt schonn eemol en Avis eraus zu deem avant-projet, wat vun der Form hier duerchaus aussergewéinlech ass. Vergiess gëtt, datt de Léon Gloden just am gaangen ass, eng Motioun ëmzesetzen, déi nach a Pandemie-Zäiten an der Chamber unanime ugeholl gi war. Lëtzebuerg brauch e Gesetz iwwer d’Versammlungsrecht, dat den Ablack bei eis inexistent ass; gereegelt gouf dat bis dato via Reglement vun der Police. All Partei hätt dat gäre gehat, also soll och elo all Partei hire politesche Pefferkär dozou bäidroen!

Kritiséiert gëtt, datt eng geplangten Demonstratioun 5 Deeg am Viraus muss beim Buergermeeschter ugefrot ginn. Et muss matgedeelt ginn, fir respektiv géint wat soll protestéiert ginn, an d’Organisateuren sollen och uginn, mat wéi vill Demonstranten plus/minus ze rechnen ass. Et kann ee jo alles hannerfroen, ma genee dorëms geet et. Scho viru 50 Joer huet ee mussen eng Demande areechen, wann een zum Beispill wollt géint Kettenuewen  protestéieren. Am Commentaire op RTL heescht et – mat copy/paste aus dem Avis vun der Pokemon-CSL-: Um Enn ënnergruewen esou Moossnamen nämlech net just d’Fräiheet, fir ze manifestéieren, mee och d’gesellschaftlech Kohäsioun an dat demokratescht Fundament vum Land.

Ideologeschen Trallala! De Fall gesat, Dir organiséiert spontan eng Demo géint den Trump -spontan, also net erlaabt- a bei där Maniff kënnt onglécklecherweis eng Persoun ëm d’Liewen, da kann. dat Iech de leschte Su kaschten, well Dir sidd als (spontanen)Organisateur perséinlech haftbar! Genee esou ass et och am noen Ausland. Ee modernt Demonstratiounsrecht heescht jo net, datt keng Spillreegelen méi gëllen! De Commentaire op RTL iwwerhëlt gréisstendeels d’Argumentatioun vun der Chambre des salariés, déi der Meenung ass, datt de ganzen avant-projet vertikal misst klasséiert ginn. Konstruktiiv Kritik liest sech aneschters.

Et ass tatsächlech Hiererësseg, datt d’Organisateuren vun enger Mannif musse 4 Deeg waarden, bis si wëssen, ob oder ob net däerf manifestéiert ginn. Deen Delai muss kräfteg gestutzt ginn: Buergermeeschter a Schäffen solle gesetzlech opgefuerdert ginn, spéitstens bannent 48 Stonnen hir Decisioun bekannt ze ginn. Maachen si dat net, wär d’Protestaktioun d’office accordéiert.

Bedauert gëtt dann, datt dat Spontaant verluer geet, wéi zum Beispill wéi virun 10 Joer mat den Attentater op de Bataclan an op den Charlie Hebdo zu Paräis.. Glécklecherweis kommen där dramatesch Evenementer net dacks vir, ma fir esou Fäll kann ech mir duerchaus eng Prozedur à part virstellen. Allerdéngs misst och hei eng Autorisatioun virleien. Stellt Iech vir, e puer honnert Leit gi spontan virun déi israeelesch Ambassade demonstréieren. 500 Leit opgedeelt an zwee Clanen: d’Hallschecht aus Solidaritéit mat Israel no de brutalen Attentater vun der Hamas, déi aner aus Solidaritéit mat de Palästinenser. Déi zwou Säite kënnen sech net richen, et kënnt spontan zu enger Massekläpperei.

Fazit: alles der Rei no, am Journalismus ewéi an der Politik. Den Ament si mir a Präsenz vun engem avant-projet. Dee muss elo duerchgepléckt an auserneegeholl ginn, eng Diskussioun mat ville Propositiounen aus der Zivilgesellschaft. Et ass duerchaus erlaabt – esou wéi et bei eis Traditioun as, eriwwer an d’Nopeschlänner luussen ze goen. A Frankräch zum Beispill gëlle kräfteg Sanktiounen am Fall vun enger Maniff ouni Autorisatioun.

A sollt trotzallem näischt Anstänneges dobäi erauskommen, ass ëmmer nach Zäit genuch, an d’Beaumant’s-Gaass manifestéieren ze goen, ganz spontan.

Related posts

2 Comments

  1. Gast

    Mir schengt et och wéi wann et méi einfach wär fir vill „Journaliste“ vun Haut hier politesch Meenung als Wourecht ze verkaafen wéi ze recherchéieren an de Leit eng propper Informatioun ze liwweren. Färten se vleicht datt d‘Leit sech hier eege Meenung géinge bilden déi net hierer entsprecht. Dat mecht net nëmme mech rosen.

  2. Jean

    De problem ass effektiv dass dei meescht zeitungen an och aner medien net mei zweschen informatioun,opinion a souguer sponsored content ennerscheeden.
    Sou brengt kaum nach e journalist et faerdeg iwer Trump oder Putin ze berichten ouni negative kommentar oder iwer en zelenski ouni positiv bewertung.
    Dat aller skandaleist sin allerdings dei pseudo experten a geopolitik dei vun irgend enner waffelobby bezuelt gin an obtrieden wei wann se eng informativ wourecht giffe verzapen…an dat bei alle medien.
    Degoutant…wei de leider verstuerwene maitre giff soen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *