Vun enger Steieroas, déi duuschtereg mécht a vu ruling on the river

0
390
Image par klimkin de Pixabay

d’Finanzplaz suergt fir d’Halschecht vun eisem Räichtum. Dat muss ee sech mol op der Zong zergoe loossen! D’Halschecht vun de Staatsrecetten kommen iergendwéi vu Banken, Assurancen, Investmentfongen, vun de big four, vun enger vun den dausenden Finanzkonstrukter. Oder ëmgedréit: wann 10 Milliarden un de Sozialstaat verséiert ginn, da kënnt d’Halschecht dovunner vun der Finanzplaz. Net jiddereen hei am Land ass sech dees bewosst, dofir ëmsou méi am Ausland, wou jalous op eis Finanzfestung geluusst gëtt.

Vun Zäit zu Zäit gëtt da méi oder manner schaarf op Banken a Konsorte geschoss. Vun der Politik, wou déi däitsch SPD eis schonn emol d’Kavallerie wollt schécken, vun de Medien, wou op France deux en David Pujadas de Premier Juncker an d’Maangel geholl huet an dobäi mol net wosst, datt de Grand-Duché Member ass vun der Europäescher Unioun. An de Krimien op der Televisioun gëtt Lëtzebuerg och reegelméisseg genannt, ëmmer am Kontext vum décke Fric. D’Finanzplaz kritt hir schlechte Ruff als Pirat wuel nach esou bal net lass.

Image par janeb13 de Pixabay

Et huet 15 Joer gebraucht, fir eist Bankgeheimnis am Ausland ofzeschafen an d’Banken fir sech ze reorientéieren. Dobäi gouf et massiven Drock aus der europäescher Politik an och vun auslänneschen Zeitungen. Déi neisten Medienattack nennt sech OpenLux. Lëtzebuerg, rapp déng Fënsteren op! Allgemeng Feststellung: wann viru Joer journalistesch Investigatiounsaarbecht iwwert (géint?) eis Finanzplaz sech gewäsch hat, esou hunn d’Kriticken am Laf vun der Zäit dach staark ofgeholl! Op d’mannst wat den Inhalt ubelaangt, manner wat d’Form ugeet, déi sech ëmmer nach op de Virworf resuméiere léisst: Steieroas!

Datt Lëtzebuerg e ganze Strapp méi transparent gouf, ginn d’Journaliste selwer zou, wann si schreiwen, datt am Ganzen d’Donneeën vun 140.000 Gesellschaften duerchliicht konnte ginn. Dat héiert sech jo mol gutt un. Eng Datz gëtt et awer wat d’Kontroll vun den Daten an den zwee Regëster betrëfft; esou sollen zum Beispill hannert verschiddene Gesellschaften d’Nimm stoen vu Persounen, déi am Kontext mat der Mafia-Organisatioun Ndrangheta genannt ginn. Oder och déi politesch Eminenzen aus dem Venezuela! De régistre des bénéficiaires effectifs ass zanter 2019 obligatoresch a betrëfft all Muppeveräin a Poretteclub.

Eigentlech gëtt een an deenen 2 Regëster villes gewuer, zum Beispill de Joresëmsaz vun engem bekannte Schongbuttek; oder Kuriéises, datt zum Beispill den däitsche Komiker Didi Hallevorden och mat senge Mécken op Lëtzebuerg koum. E Regëster als Beschasseck!? Feelt nach just d’Steiererklärung vun de Betraffenen! Esou wäit kann et natierlech net kommen. Eng Finanzplaz lieft och vun Confidentialitéit an Diskretioun, déi iwwregens d’nämmlecht gëllt fir ee vun den Aktionären vun der Investigatiounszeitung “Le monde”!

Allgemenge Fazit aus lëtzebuerger Siicht: d’Finanzplaz huet am Laf vun de Joer sech an déi richteg Direktioun entwéckelt, ma et kann een et ëmmer nach besser maachen. Ganz geschéckt huet sech an deem Sënn d’Justizministesch Sam Tanson ausgedréckt.

“…helleg Allianz an der Politik zu Gonschten vun der Finanzplaz….”

Déi Gréng maachen den Ament Virus-änlech Mutatioune mat! Si, déi 30 Joer laang kritesch waren vis-à-vis vun allem, wat mat Finanzen ze dinn hat, si, déi ëmmer op d’Barrikade gaange waren, wann Suen a Waffen- oder a Pëtrolgesellschaften investéiert goufen, hunn de Wollefs- géint de Schofspelz getosch. Kee Wonner! 30 Joer op der Oppositiounsbänk war eng haart Zäit, wou een sech d’Aaschkrippchen wonnt geriwwen huet an also wëll een nach laang op der Sonnesäit vun der (Regierungs)Politik klunschelen.

Image par Rudy and Peter Skitterians de Pixabay

Wann also den europäesche Gréngen Sven Giegold mat sengem bekannte Mantra kënnt, datt et zu Lëtzebuerg Steiervirdeeler fir multinational Gesellschafte gëtt, dann äntwert seng lëtzebuerger Bluttgruppegefährtin Josée Lorsché: de Sven soll seng Virwërf emol beweisen. A weider:” Ech kann nëmme bezeien, datt mir an der Chamber Woch fir Woch Gesetzer stëmmen, déi Steierhannerzéiung oder Optimiséierung ënnerbannen”. Duerno rattert si dann d’Virdeeler vun der Finanzplaz erof, déi d’ABBL hir net besser hätt kënnen virschreiwen. Kloer: gréng wierkt! Zanter datt si mat un der Muecht sëtzen, ass d’Welt an Uerdnung…op d’mannst fir si.

Souguer de Piraten-Deputéierten Marc Goergen mécht de Spunnes a weist drop hinn, datt d’Spriecherin vun de jonke Gréngen sech dozou hiräisse gelooss huet, fir Reklamm fir eng Bank ze maachen. Eleng d’Tilly Metz, hires Zeechen gréng Europadeputéiert, resistéiert a verlaangt, zesummen mat hirem LSAP-Homolog Marc Angel, datt de Grand-Duché sollt op déi gro Lëscht vun de Steierparadäiser gesat ginn. Wéinstens bei hir ass d’Ideologie nach méi staark wéi d’Realpolitik….

“…Den Duerchbléck am Jugurtsdëppchen?…”

E bësselchen méi Transparenz géif och net schueden am Dossier vun der geplangter Jugurtsfabréck Fage. De Projet ass 4 Joer laang schleefe geloass ginn, fir ën am leschten Hierscht schliisslech ze begruewen. D’Besëtzerfamill huet sech aus fräie Stécker zeréckgezunn. Zwou brisant Froe stellen sech: wisou konnt de Wirtschaftsminister Etienne Schneider am Joer 2017 en Industrieterrain u Fage verkafen, ouni am Virfeld extern Expertisen gefrot ze hunn? Wisou wosst kee Regierungskolleeg- an der Haaptsaach de Finanzminister- doriwwer Bescheed? Kënnen esou wichteg Projet entaméiert ginn, ouni datt och nëmmen e Piipcheswuert doriwwer am Regierungsrot verluer goung? D’Geschicht mat de Fënsteren a mam Lëften…

Image par Gerd Altmann de Pixabay

An et erënnert ee sech: d’CSV hat eng Denonciatioun beim Parquet gemaach, well si gewëssen Irregularitéiten am Projet FAGE net konnt ausschléissen. Och wann d’Michèle Detaille als Presidentin vun der FEDIL dee Schrack kontraproduktiv gesäit, de Parquet hëlt et net op d’liicht Schëller a bis haut ” sinn nach verschidden Iwwerpréiwungen am gaangen”, wéi den Henri Eippers op Ufro äntwert, als Spriecher vun der Geriichtsverwaltung. Ma net nëmmen den Etienne Schneider riskéiert an d’Labyrinthen ze kommen, och e Pierre Gramegna.

De Finanzminister gouf an der leschter Sëtzung vun der Budgetskontrollkommissioun konkret op FAGE ugeschwat: gouf et fir déi Gesellschaft rulingen, also steierlech Accorden am Virfeld? De Minister sot erféiert, hie wéisst dat net! Hie géing dat awer nokucken.Et waart een als Observateur mat Soudbrennen op déi nächst Sëtzung. An et freet een sech, wéi laang d’Genossen nach hirem fréiere Vizepremier a Minister politesch de Réck kënnen a wëlle stäipen. D’Geschicht “Join” ass schlisislech och nach an der Schwief….

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here