Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Ëmwelt

Jeannot Weber: Natur- a Klimaschutz an der Dréchent vum leschte Summer 

Jeannot Weber: Natur- a Klimaschutz an der Dréchent vum leschte Summer
Photo de Markus Spiske: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/sec-sol-aride-terre-96865/

De Jeannot Weber ass zwar an der Pensioun, ma hien huet sech ëmmer fir d’Natur interesséiert. Fir d’Natur a fir den Ëmgang mat hier vum Mënsch. A sengem éischte Bäitrag op dëser Websäit beschäftegt hie sech mam ‘fauchage tardif’, respektiv mam Uz deen domadder gedriwwe gëtt. De Marc Thoma hat schonn doriwwer deen een oder anere Video gedréit, an de Jeannot Weber kënnt am Detail dorobber zeréck, besonnesch wat déi extreemt Dréchent an dësem Summer betraff huet.

Hei ënnendrënner Text a Video

Datt och Haut de moderne Mënsch vu Wieder a Natur ofhängeg ass, dat huet dëse Summer 2022 emol méi gewisen . Eng Hetzwell no der aner, mat enger Dréchent déi vill Problemer gestallt an och enger ob Produktioun ausgeriichtenen  Landwiertschaft Grenze gewisen huet. Am August eidel Felder, villes ass fréi an d’Scheier geholl ginn,  verdréchent Kulturen déi net méi gewuess sinn.  Wisen brong- giel mat Kéi déi hu missen ob der Wiss am August gefiddert ginn, Plakeg Wisen wou natierlech Elementer wéi Beem a Hecken feelen déi kéinten an esou Situatiounen bei villes hëllefen. Hecken a Beem sinn ideal fir Schied ze maachen an als Ënnerstand, domat  wier eop d’mannst den Déiereschutz garantéiert; donieft offréieren natierlech Elementer méi Bio- Diversitéit, net ze vergiessen den Impakt ob eng Klima Verbesserung.

Bei Klima- an Naturschutz stinn Gemengen a der éischter Rei heescht et dacks. Gemenge si no beim Bierger, flexibel a kënne praktesch séier a villes beweegen. Villäicht ass och hei déi eng oder aner Gemeng gudd opgestallt, a gëtt deem a Punkto Natur an Ëmwelt gerecht. Leider ginn et awer nach vill ze vill där Gemengen déi dëst net unerkennen oder sech dësen Erausfuerderungen komplett verweigeren.

Hei als Beispill déi kleng Gemeng Käerch aus dem Eischdal. Zanter Joeren eng Klimabündniss Gemeng an och Member beim Naturschutz Syndikat Sicona

Gemeng Kåerch suergt och an engem Summer wéi deen vun 2022 wou et méintelaang net reent ,  alles verdréchent ass , an néischte méi wiisst  mat engem Propretéit- Virus,  laanscht Feldweeër, laanscht ofgeraumten an eidel  Kultur Landschaften, dat och hei keng Natur sech weisen kann.  D’Servicer vun der Gemeng Käerch  suergen esou och am Summer 2022 dat ower och néierens iergend eng natierlech Liewensform laanscht e Feld Wee eng Chance kéint hunn. An dëst ëmmer erëm-propper- maachen, geet vum Fréijoer un bis  definitiv näischt méi wiisst. Scho bal zwanghaft  drastesch gëtt all Natur zerstéiert an dat ouni Gronn,

Net eleng laanscht Feldweeër, och an de Gréng- Anlagen, direkt laanscht Bëscher bleift an dësem Summer just brongen iwwerdriwwe gefleegten a plakege Buedem ouni Schutz  der Sonn ausgesat. Do wou zanter Juni sou gutt wei näischt méi gewuess ass, fueren déck schwéier Maschinnen driwwer, fir eng puer  Milimeter héich zum Deel ofgestuerwen Vegetatioun ze mulchen! Gemenge wei Käerch verschwenden weider ëffentlech Suen     vum Steierzueler, verschwenden  weider ëmmer méi rar Energien an dat och am Summer 2022!

Energie gëtt ëmmer méi knapp Energie, gëtt méi deier, all Dag kommen Appeller, Energie ze spueren. Mä fir Gemengen wei  Käerch spillt dëst  och nach am Summer 2022 keng Roll. Si ignoréieren de gesonde Mënscheverstand, well wien huet schonn am Juli an August eng Wiss geméit?  Wuel Keen! Souguer bei der Grill Wiss  huet keen Wues musse geméit ginn.  Awer d’Servicer vun der Gemeng Käerch hunn och nachmol en August fir d’X-te Kéier dëst Joer hire Propretéits-Fimmel duerchgezunn…Et handelt sech hei ëm reng Feldweeër mol keng Vëlosweeër, an och ëm eng Strooss, déi zanter Joer fir de Verkéier gespaart ass! Muss laanscht esou eng Strooss tatsächlech permanent propper gemaach ginn? Dëst permanent propper – maachen ass eigentlech näischt anescht wéi eng Natur-Zerstéierung, e permanente Massaker un der Bio Diversitéit. Traureg wa mer et mol net fäerdeg bréngen eng gespaarte Strooss mat  breeden Borduren, mat Randsträifen, wou vill Natur kéint ongestéiert entstoen, der Natur eng Chance ze ginn. Eng Landschaft gëtt op Deiwel-komm-eraus propper gemaach, wichteg Réfugiéen fir Flora a Fauna ginn gemulcht zerstéiert,  laanscht Maisfelder déi verdréchnen, Bëscher déi ofstierwen

A  Gespréicher mat de Verantwortlechen vun der Gemeng Käerch ewéi Buergermeeschter, Fieschter, Service technique ass mer ëmmer erëm verséchert ginn fir Verbesserungen  bei dëse Méi- Aktiounen ze suergen .

Et gesäit een däitlech, datt esou Gemengen iwwerfuerdert sinn bei Froen vun der Biodiversiteit, Energie Krise, an och Klima-Wiessel.

An hei ass de Link zu sengem Video

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Félicitatiounen dem Här WEBER fir déi Däitlechkeet….ass deem nach eppes derbäizesetzen?
    Ausser datt déi viséiert Gemeng sécherlech net déi eenzeg ass…
    Mä traut Iech mol, engem Bauer d’Praxis vun där intensiver Landwirtschaft virzewerfen- wéi et engem bei där scho minimalster Kritik ergeet, hunn ech scho selwer erliewt-dann ass een nämlech ee “béise Gréngen”, déi alleguer (dixit ee Bauer) “um nächste Bam opgehong misste ginn”!
    Fir all dat festzestellen, brauch een allerdings kee “Gréngen” oder “Klimafanatiker” ze sinn….d’Realitéit beweist, wat de Mënsch alles verbrach huet (ouni de “Klimawandel” als Argument ze beméien!)

    Déi Mëscht brénge mir scho selwer fäerdeg!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *