Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Mat Haass op déi Räich komme mir kee Schrack weider! 

Mat Haass op déi Räich komme mir kee Schrack weider!
Redaktionsnetzwerk Deutschland

Et huet sech an der Lescht eng Zort neie Sexismus an eisen Alldag ageschlach. Politik, déi vu Frae gemaach gëtt, ass déi besser Politik. Si ass méi mënschlech, de bessere Pendant zu enger Penis-beluedener Macho-Politik. Wann also eng weiblech Politikerin den “Opruff zu de Waffe” mécht, héiert sech dat vill méi human un ewéi wann deen Appell vun engem Mann kënnt. Déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock konnt sech gläich um Ufank vum Krich an der Ukrain erlaben, no däitsche Panzer ze jäizen iwwerdeems de Kanzler Scholz Woche laang just vu schwéierem Material geschwat huet.

Photo de Andrey Karpov: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/metal-fer-acier-arme-6619205/

Panzer a Granaten déi vun enger Politikerin de Seege kruten, hannerloossen awer deen nämmlechte materiellen a mënschleche Schued ewéi déi, déi vu Männerhand an den Asaz kommen. D’Madamm Baerbock schwätzt och bei all gudder Geleeënheet vun enger feministescher Aussepolitik. A wat derjomer ass dat dann?! Als Definitioun hunn ech dat heite fonnt: Feministische Außenpolitik basiert auf der Überzeugung, dass Geschlechtergerechtigkeit und gleichberechtigte Teilhabe Voraussetzung für nachhaltigen Frieden und Sicherheit in der Welt sind. Neen, wéi séiss! Do läit een sech dach direkt an den Äerm. All d’Mënschen ginn zu Bridder a Schwësteren.

Ech ginn dovunner aus, datt déi feministesch Aussepolitik wäert déi richteg Wieder fannen fir déi iwwer 50 Fraen, déi am Iran bei verschiddenen Manifestatiounen ëm d’Liewe koumen. Et geet ëm e Schal, ëm e Fischi, deen si laut dem Ayatollah-Diktat mussen undoen, an zwar net einfach hoppelahopp, ma korrekt; sos gëtt et eng Strof! Dommerweis hu vill Feministinnen bis zu dësem brutalen Tëschefall op iranesche Stroossen et net fäerdeg bruecht gehat, dat Diktat op d’Schäerfst ze verurteelen. Sinn déi 50 Fraen ieren en onnëtzen Doud gestuerwen?

Et huet sech an der Lescht och eng Zort Jalousie an der Gesellschaft entwéckelt, en Näid vun de méi Aarmen op déi Räich. Scho viru Joer huet et ugefaangen mam SUV. Kloer! Dee Weenchen brauch e puer Schluppe Sprit méi wéi aner Maschinnen, an esou kann een den SUV als Feind bezeechnen am Kampf géint de Klimawiessel. Ma wann een déi international Press liest, kënnt een zur Konklusioun, datt et duerchaus grad esou mat Jalousie ze dinn huet. Och zu Lëtzebuerg krut ech ze héieren, datt eng Madamm de Spigel vun hirem Auto mat engem Steen futti geschoss krut, mat der Remark, si géif eng Drecksschleider fueren.

Photo de Mike B: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/suv-jeep-noir-sur-route-asphaltee-noire-pres-de-pelouse-enneigee-104401/

Déi Entwécklung ass schlecht, mécht awer Schoul. Op Radio Lëtzebuerg schwëmmt eng Journalistin mat an dësem Mainstream a weist all deenen mam décke Portmonni de béise Fanger: dëse Wanter gëtt d’Privatpiscine doheem net gehëtzt! Domadder huet si e groussen Deel vun den Nolauschterer op der gewonnener Säit. Déi Räich consomméieren nun emol méi an also hannerloossen si och méi Ëmweltdreck. Hiren ekologeschen Foussofdrock ass grouss wéi eng Laatsch!

Domadder sinn déi manner Bemëttelt an hirer Responsabilitéit aus dem Graffsten eraus. A si ginn dobäi ënnerstëtzt vun Organisatiounen wéi Oxfam a Greenpeace, déi monter behaapten, déi 63 (!) Milliardären a Frankräich géingen esou vill Zäregasen hannerloossen wéi 50 Prozent vun der franséischer Populatioun! Pardong? Dat muss ech jo elo net gleewen. Zanter Joer steet fest, datt d’Privatfliger ronderëm d’Welt just fir 0,2 Prozent vum Co2 responsabel sinn!

Wann een higeet an all d’Privatfliger zesummerechent, all d’Piscinnen an all d’Golf-Terrainen, da kënnt ee mat e bësselche Kappverstand zur Konklusioun: een Impakt op de Klima huet dat net!

Wat mech allerdéngs besonnesch foxt, ass de Fait, datt déi aner Säit vun der Medaile glat a guer net beliicht gëtt. Jo! Et sinn ultraräich Leit. A si loossen munchmol gären d’Sau eraus, weisen an der Ëffentlechkeet, datt si méi Goss hunn ewéi Arcelor-Mittal. Doriwwer kann een sech iergeren. Ma déi Leit dinn och d’Wirtschaft dréien, wéi zum Beispill den Immobiliësecteur. Wéi zum Beispill d’Innovatioun an der Technik, an der Industrie, an der Pharmakologie.

Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/boitier-en-metal-gris-de-billets-de-cent-dollars-164652/

Zum gudden Toun gehéiert a verschiddene Kreesser – och am Journalismus- zu Lëtzebuerg, datt een iwwer de Finanzsecteur hierfält. Alles Banditten déi an de Prisong gehéieren. Am Beschten all d’Banken am Grand-Duché zoumaachen! D’Fongen-Industrie ass eng eenzeg Spelunk. Sex a Korruptioun! Déi kritesch Téin sinn natierlech erlaabt, ma et muss een op d’mannst wëssen vu wat datt ee schwätzt! Grad d’Journalisten missten sech bewosst sinn, datt de Räichtum vun eisem Land zu iwwer 50 Prozent aus de Bank-Guichet kënnt. Konkret gefrot: geet et eis wierklech besser, wann déi Räich eis verloossen?

D’Annalena Baerbock ass als Ausseministesch bis ewell wéineg Zuch gefuer, eemol op Bréissel, eemol op Kiev. Zweemol war e groussen Trapp Press derbäi. Zanter dem Krich an der Ukrain muss si mat anere Patroune spillen an hëlt reegelméisseg de Fliger. Et kann een hir dowéinst kee Reproche maachen. Wann awer eng Politikerin däerf hoch über den Wolken fléien, muss een dann net dat nämmlecht de Geschäftsleit, de RäichenSuperräichen zougestoen?

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Wat eng Madame Baerbock, gedriwwen vun hirem gréngen, verbassenen feministeschen Éiergäiz, hiren Wieler (O-Ton “meine Wähler”) finanziell octroyéiert huet, kann een jo all Dag an der däitscher Press noliesen. Et kéint ee bal mengen et wär een “wir schaffen das” am gréngen. Mä net nemmen “meine Wähler” kréien bei der Gas, Stroum an Mazoutsrechnung e roude Kapp – mat Hëllef vun hirer Landsmännin (!) von der Leyen gin och déi net-däitsch Portemonnaie’en ferme gebeidelt. Ech mengen ech schëcken meng Energierechnungen op Bréissel… oder besser, féieren se mam sportlech utilitären Vehikel gläich dohinner. Kann dann och direkt op hiren Kont do tanken goen!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *