Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Neit Kapitel am Drama Lausduer: de maître Baulisch wëll de Staat usichen! 

Neit Kapitel am Drama Lausduer: de maître Baulisch wëll de Staat usichen!

 

Tragik pur! Am Abrëll 2018 huet d’Police matzen an der Nuecht eng grouss Drogekontroll op der Wemperhardt duerchgezunn. Ee Chauffeur, deen Alkohol gedronk hat, krut de Bammel an hat demi-tour gemaach. D’Police séier hannendrun, gläich mat zwee Ween. Op der Héicht vu Lausduer huet deen éischte Policenauto abrupt wollen d’Kéier maachen, deen zweete Policenauto krut net méi gebremst a war mat héijer Vitesse an déi aner Maschinn gerannt.

En 39 Joer jonke Polizist war dout op der Plaz, seng Kolleegin gouf ganz schro blesséiert. De  Chauffeur deen sech duerch d’Bascht gemaach hat, gouf 24 Stonnen drop festgeholl a koum fir 7 Deeg an Untersuchungshaft. De Mann gouf wéinst homicide involontaire, wéinst coups et blessures involontaires an och wéinst Rebellioun ugeklot. Virdrun hat d’Police nach en anere Mann festgeholl, e Metzler op der Wemperhardt, mä deen giuf no e puer Stonnen nees fräigeloss, well et war dee Falschen.

Ugeklot och dee Polizist deen a seng Kolleege gerannt war, an zwar wéinst fahrlässiger Tötung a Kierperverletzung.

54 Méint no dëse Faiten koum de Verdikt elo de 27. Oktober: de Polizist gouf op der ganzer Ligne fräigesprach an de Chauffeur krut e Fuerverbuet vun 18 Méint mat Sursis plus 1000 Euro Geldstrof; donieft huet hien d’Justizkäschten vu 5000 Euro ze droen. Dat Urteel gëtt no 40 Deeg rechtskräfteg, virausgesat, et kënnt net zu engem Appell.

Mä den Affekot vum Chauffeur, de Me Baulisch wëll deen Ament de Staat usichen. Senger Meenung no wier säi Mandant zu Onrecht iwwert eng Woch an Untersuchungshaft gewiescht. En Interview vum Marc Thoma:

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Absolut verständlech Argumentatioun vum Me Baulisch an dëser Affaire, déi am Endeffekt just d’Police betrëfft an net ee Chauffeur, deen zwar à l’origine vun deem onglécklechen Accident hei war, mä net fir déi héchst dramatësch Kollisioun ka schëlleg gemaach ginn. An dee Mann an de Prisong ze setzen, war scho mol ganz onverständlech, och wann hien natierlech huet missen ugeklot ginn – dat war jo z’erwaarden. Et schéngt mir plausibel, wann de Me Baulisch de Stat verklot fir hei an engem Uerteel ee Précédent z’errechen,an esou däraarteg Konsequenzen, wéi een ongerechtfertegte Prisonsoptrëtt, dem Bierger generell z’erspueren. Wéi ongerecht eis Gesellschaft och an dësem Fall mat direkter Virveruerteelung reagéiert, wonnert leider kaum….Mir deet et Leed fir jiddereen, deen an dëser dramatëscher Saach betraff ass an ech kann hei just mäin éierlécht Matgefill ausdrécken. Chapeau dem Me Baulisch fir säin Engagement!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *