Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Justiz

Niwwelkäerzen ronderëm d’Persoun Frank Schneider 

Niwwelkäerzen ronderëm d’Persoun Frank Schneider
marc Thoma

 

Wann et ufänkt eescht ze ginn an der Politik, da ginn all d’Mëttele benotzt fir sech géint iergendwellech Virwërf ze wieren. Dat muss net gläich d’Dicke Bertha sinn, dat kënnen duerchaus och just Niwwelkäerze sinn fir vum eigentlechen Thema ofzelenken. Wat huet zum Beispill dem Schneider seng Gesellschaft Sandstone mat senger Ausliwwerung ze dinn? Et gëtt probéiert, d’Ëffentlechkeet duercherneen ze bréngen, keen op d’Iddi kommen ze loossen, datt et sech hei ëm déi prinzipiell Fro handelt: liwwert Lëtzebuerg seng Bierger un d’USA aus oder net?

Sandstone war iwwregens vun der Politik, vu Wirtschafts- a vun Finanzkreesser gewënscht. Jo, et war eng Fuerderung! Virwat? Ech ginn e Beispill. De Grand-Duché plangt eng Wirtschaftsmissioun an engem Land “x”. Un der Spëtzt, de Grand-Duc, begleet vun 100 Patronen aus Industrie, High Tec, Banken- a Fongensecteur. Déi Leit ginn net mat op d’Rees fir bei Kaffi a Kuch d’Daimercher ze dréien; si féieren op der Plaz Gespréicher, fir eventuell zu engem Geschäft ze kommen.

A wien ass de Gespréichspartner? Ass déi Persoun eescht ze huelen oder net? Huet si ieren Relatiounen mat der Mafia? Ass si bekannt fir Wäisswäschen vu Suen? Net auszedenken: de Wirtschaftsminister kënnt Heem mat engem Kontrakt an et stellt sech eraus, datt säin neie Partner Geschäfter mécht mat Waffenhandel! Oder mat Prostitutioun! Wéi stéing hien dann do? Wuel wéi e Generol am Kalzong!

De SREL, also de Geheimdéngscht konnt déi Zerwisser net leeschten. Deemno huet esou eng Gesellschaft musse gegrënnt ginn. D’Iddi koum 2006 op, ma et gouf eng Schwéiergebuert.

Luxemburger Wort

De Projet housch um Ufank CEFIN a gouf mam Staatsminister Juncker, mam Wirtschaftsminister Krecké a mat engem héije Vertrieder aus der Finanzwelt beschwat: d’Iwwerleeung war, datt Lëtzebuerg net nëmmen fir säi Wirtschaftssecteur eng defensiv, ma och eng offensiv Kapazitéit bräicht.

2008 gouf aus dem Projet Realitéit, allerdéngs gouf et gläich Oppositioun vun zwee Regierungsconseiller, wat der Renommée vun der neier Gesellschaft geschuet huet. Derbäi koum eng gewësse Jalousie aus dem SREL, mam Resultat, datt Sandstone manner fir d’lëtzebuerger Regierung geschafft huet ewéi fir auslännesch Regierungen a fir privat Firmaen… en delikaten Dossier bei der Europäescher Investitiounsbank, Geiseldramaen am Ausland a schliisslech dach nach am Grand-Duché d’Post an d’CSSF.

Sandstone – de Lëtzebuerger Sandsteen- huet also strictement näischt mat der eventueller Ausliwwerung vum Frank Schneider ze dinn.

Wikipedia

Et kéint een héchstens de Spunnes domadder dreiwen a soen: sollt de Mann sech tatsächlech eppes an der Affär OnceCoin zu Scholde komme gelooss hunn, dann hätt Sandstone net grad dichteg fir hien geschafft😂 Ma et geet net ëm Sandstone- op d’mannst net zu dësem Ablack, et geet ëm en net onwichtege Prinzip: liwwert Lëtzebuerg seng Bierger aus oder net?!

Aus den Alentouren vum Staatsminister héiert een, datt hien ufänkt, d’Saach aneschters ze gesinn: et hätt sech tatsächlech mat der causa Schneider e malaise an der Gesellschaft entwéckelt. Ëmmer méi Leit setzen sech nämlech fir hien an! Zum Beispill gëtt probéiert, eng Petitioun op den Instanzewee ze bréngen. Hei déi éischt Äntwert vun der zoustänneger Chamberkommissioun un d’Petitionärin:

 

Humouer oder pure Sarkasmus? Ëmmerhin hat sech déi groussherzoglech Press fir dëse Sujet Méinte laang ofgemellt, mat der Ausnam vu reporter.lu. Ma elo gouf se wakereg an et ginn éischt Beispiller vu gudden Artikelenhttp://bit.ly/3hMZffc an et ginn och ëmmer méi Bierger, déi zur Fieder gräifen a sech fir dëse Prinzip – deen och eis Verfassung betrëfft-asetzen; esou nach kierzlech de Vic Dupont deen ë.a. mengt: “…

La position du Gouvernement luxembourgeois et plus particulièrement de son Premier Ministre dans le dossier Frank Schneider est une honte.  On peut même se demander si elle ne va pas jusqu’à violer les plus grands intérêts de l’État et, partant, la Constitution.

Frank Schneider : qui est-ce ? Je ne connais pas personnellement ce personnage. D’après les informations publiques, il s’agit d’un « long-time member » – l’ancien N° 2 ! – du SREL[2], c’est-à-dire des services secrets luxembourgeois. Donc un ancien haut fonctionnaire qui avait accès pendant de longues années aux plus grands secrets de l’État luxembourgeois. De plus, c’était un personnage-clé dans l’affaire « SREL » qui a mené à la chute du gouvernement Juncker.

J’émets les plus grands doutes à propos de l’affirmation hardie du Premier Ministre que des raisons juridiques ne lui permettraient pas d’intervenir dans le dossier...”

Et kënnt also Beweegung an d’Spill, ma Politik ass kee Spill, sot de JCJ, an et wär gutt wa säin Nofollger sech dat géing zu Häerz huelen. An der Politik geet et ëm Mënschen, wéi zum Beispill ëm de Frank Schneider

Nach eng weider Niwwelkäerz. Vu verschiddene Säiten heescht et ëmmer nees, de Mann hätt eng Memberkaart bei der CSV. Dohier wier sech den Engagement vun där Partei.ze erklären. Dat awer gëtt vu béide Säiten dementéiert.

 

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Schein ze gesin dass de GK hei um ball bleiwt.
    An traureg,dass dei niwelkerzen virum allen vu leit opgestallt gin dei am leiwsten e Letzebuerger un d Amien giffen verkafen,wann dat hinnen erlabt innenpolitesch dreck op d CSV an den deputeierten Mosar oder op den ADR ze schmeissen,well dei zou recht d regierung an hir passiviteit kritiseieren.

  2. Frank Bertemes

    “Wahrlich keiner ist weise,
    Der nicht das Dunkel kennt,
    Das unentrinnbar und leise,
    Von allen ihn trennt.
    Seltsam, im Nebel zu wandern!
    Leben ist Einsamkeit,
    Kein Mensch kennt den andern,
    Jeder ist allein.

    Ee (leider) richtungsweisend Gedicht vum Hermann Hesse, dat sou Munches ausdréckt. Och eng Niwwelkäerz bréngt do kaum vill Liicht an déi Däischtert a ka beschtefalls een Hoffnungsschimmer duerstellen – fir mol reng “poetesch” ze bleiwen. Am Kontext geet et eigentlech tatsächlech och ëm d’Biergerrechter vu Lëtzebuerger, déi (net onbedéngt fräiwëlleg – cf- Logementspräisser!) am Ausland wunnen – a sech eventuell och kéinten (rechtlech gesinn) am “Niwwel” rëmfannen?
    An deem Sënn dierft den Här Schneider sech absolut net eleng fillen…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *