Recent Posts

Post Categories

Esou net, Här Staatsminister! 
Dir hutt, Luc Frieden, déi lescht Woch eng anstänneg Ried gehalen zur Lag vun der Natioun. Do war duerchaus Substanz...
E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...

Blog Post

Divers

Frank Bertemes: De Reenert ass ëmmer nach aktuell … 

Frank Bertemes: De Reenert ass ëmmer nach aktuell …

 

d’Welt ass e Sak voll Kriibsen

wou een deen aner zwéckt.

                  Déi Iewescht gi gejuppelt

                  déi Ënnescht ginn zerdréckt.

Als engem, deen divers Strofen aus dem Michel Rodange sengem Reenert viru Joren beim Marc Olinger am Dikrecher Kolléisch auswenneg huet misse virdroen, ass déi dës puer Zeilen aleedend Strof als besonnesch wichteg am Gediechtnes hänke bliwwen. Och wann dat deemools lästegt auswenneg Zitéieren als jonke Schüler mat éischter wéineg Begeeschterung verbonne war, sou ass eebe grad déi Strof aus engem herrleche Wierk dach awer haut besonnesch aktuell.

Et mierkt een an diverser Hisiicht, datt déi „Iewescht“ ëmmer nach – a vläicht souguer méi wéi jee – gejuppelt an déi „Ënnescht“  zerdréckt ginn. Am Kontext „Corona“ – dee Virus, vun deem eigentlech kee méi eppes héiere wëll – wäerte mir ganz geschwënn, onweigerlech awer sécher, nach méi wéi elo schonn erliewen, wien Uewen a wien Ënnen op enger gewësser gesellschaftlecher Leeder erëmzefannen ass, déi och eis modern Gesellschaft egal wéi ëmmer nach definéiert. Geld regéiert eeben d’Welt, a Status ass a bleift eebe Status,  wéi dat och schonn am Reenert sou flott beschriwwe gouf :

 

„Wat läit mir un de Sitten

hu meng Popeire Kurs.

Dee schéinste Credo sange

meng Daalren op der Burs.“

 

An deem Sënn huet sech häerzlech wéineg nom Méchel Rodange senger Zäit verännert an d’Aschätzung vun all deenen, déi hien als Nationaldichter absolut aktuell gesinn, ass deemno méi wéi richteg! Säin Haaptwierk, de Klassiker „Reenert de Fuuss am Frack an a Maansgréisst “ (Info: komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert) ass ee Klassiker vun der Weltliteratur, een internationale „Stoff“ deen de Michel Rodange net einfach esou beim Goethe sengem „Reineke Fuchs“ banal ofgeschriwwen huet, mä sengem Reenert bei eis am Ländchen eng ganz kloer Heemecht ginn huet. Hien huet mat där Déierefabel de Lëtzebuerger vun deemools, krass gesot, ee Spigel virun hir Visage gehalen, wat awer nach laang net sou ganz gutt ukomm war – an haut wär et fir sou Munche vu eis „Luxusbuerger“ wuel kaum anescht…

 

„Géint aner jäitzt mer hareg

vu sech do schwätzt mer lues.

An ‘t hätt ee vëlleg Aarbecht

mam Schnapp a senger Nues.“

 

A battere Corona-Krisenzäiten beschäftegen eis awer aner Suergen. Nämlech d’Fro, wéi dat alles soll weidergoen. An dat ass eng ganz eescht Fro, déi vill vun eis sech stellen – an anerer sech misste stelle loossen! Wat géif de Fuuss am Frack eis dozou soen? Géif hie sech net och froen, wat do eigentlech gespillt gëtt, wat hannert de Kulissen fir wien, a wiem sengem Interêt leeft? Besonnesch awer wëssend, wien alt rëm wechfiert, wien rëm  bezilt a wien rëm, wéi ëmmer, gewënnt…

Well: d’Welt ass e Sak voll Kriibsen…

A wat huet sech doru geännert?

 

Frank Bertemes

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *