Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se bis ewell net an de Medien, an all d’Parteien zu Lëtzebuerg hate Schwieregkeeten, iwwerhaapt eng Lëscht zesummegestallt ze kréien. Dobäi wär et déi Kéier mat engem Krich um Kontinent den Asaz wäert. Aner grouss Themaen sinn d’Immigratioun an. de Klimawiessel. De Risk ass grouss, datt enttäuschte Wieler aus Protest extreem wielen, sief et lénks, sief et riets.
Déi Europäesch Kommissioun behëlt sech, wéi wann d’EU eleng op dëser Welt wier a kënnegt fir déi nächst 15 Joer eng Baisse un vum CO2 an der Gréisstenuerdnung vun 90 Prozent. Wonnerbar! Et ass awer China dat den Ament bis zu 12 Milliarden Tonnen CO2 ausstéisst, wat 32 Prozent ausmécht vum Total um ganze Planéit! Mat deem Verglach ass duerchaus ze fäerten, datt déi europäesch Ekonomie d’Schlappe verléiert. Ekonomie interesséiert awer keen!
En Ausleefer vun der Europäescher Wandmillen-Ekonomie sinn allemol déi héich Energiepräisser. Eng grouss Belaaschtung fir d’Industrie, besonnesch par rapport zu hire gréisste Konkurrenten aus China an Amerika.
De Fall gesat, Amerika ännert seng Aussen- a Verdeedegungspolitik vis-à-vis vun der Ukrain an och an der NATO selwer, da steet déi Europäesch Unioun militäresch an engem Siess zimmlech plakeg do. A Russland leeft d’Militärwirtschaft den Ament – an aus verständleche Grënn- op Héichtouren. Ech wëll kee “Krichsdreiwer” sinn, ma alt erëm: et misst driwwer geschwat ginn!
“…Europawahlen sinn ëmmer och Nationalwahlen…”
Leeft et politesch, wirtschaftlech an allgemeng gesellschaftlech gutt an engem Land, ginn d’Parteien an der Regierung dofir an den Europawahlen belount. Dat huet d’Vergaangenheet eis gewisen. A ville Länner awer ass de Frust vis-à-vis vun der nationaler Regierung extreem grouss beim Bierger, an deementspriechend héich ass de Risk vum politeschen “extreem”. Ëmsou méi wou sech kee grousse Bäistand vu Bréissel oder Stroossbuerg ze erwaarden ass.
Waasserkapp, bürokratesche Rateschwanz, Politik am Schleekentempo, EU-Kommissioun an EU-
Parlament hunn net grad dee beschte Ruff ënner de Bierger: hei eng Veruerdnung iwwer Kappkëssen versus Schlofkëssen, do eng Direktive iwwer Kornischongen déi net däerfen ze kromm gewuess sinn a ganz aktuell dat sougenannten Lieferkettengesetz. 120 Säiten Affekote-Buschtawen, fir zum Beispill kënnen e Wirschtchen op europäesch Rees ze schécken mat der Garantie, datt an der Produktioun vum Wirschti net op Mënschenhandel a Kanneraarbecht zeréckgegraff gouf. Mat vill Utsch a Wéi gouf sech schliisslech op en Text gëeenegt.
Grad de russesche Krich weist op een Neits déi wonn Punkten an der europäescher Aussepolitik.: de franséische Staatspresident huet um Kaffisdësch säi lues gekachtent Ee net verdroen a schwätzt an der Ëffentlechkeet vun der Méiglechkeet, Zaldoten an dee Krich ze schécken. Einfach esou! Ouni sech mam Kanzler Scholz nach mat sos engem Regierungschef ofgeschwat ze hunn. Egal wéi déi verbal Interventioun geduecht oder z’interpretéiere ass, dat war mam Feier gespillt. An iwwerhaapt: ob Krich oder net, dat ass eng Fro déi d’Vollek ze decidéieren huet, an net de geeschtegen Zoustand vun engem Politiker.
Wou ass dee politesche Messias deen d’Intelligenz an d’Iwwerzeegungskraaft huet fir d’Bierger mat op eng nei europäesch Rees ze huelen? Ech gesi wäit a breet keen, an esou wäert déi Wahlcampagne an der Mediokritéit ënnergoen an dem Wieler säi Frust nach vergréisseren!
An dës EU kann ee keen normale Bierger Vertraue méi hunn – ‘t gëtt all Dag méi kloer!
Wann ee gesäit, wéi eng bedenklech korrupt Commissioun agéiert a wéi iwwerhieflech selbstsécher eng Madame VDL sech ongenéiert a quasi siegessécher an dat trotz alle Skandaler rëm fir hire Spëtzeposten weiderhinn ze bekleeden bei dëse Walen presentéiert, ka just de Kapp rëselen. De Rechtsruck orchestréiert déi Damm fir hir politësch konservativ Couleur mat hirer Ubiederung un déi dach esou verdaamte Rechtsparteien (cf. hirt penibel “Frëndschaft” mat där douteuser Mme Meloni etc…), déi si jo offiziell sou “bekämpfen” a géint déi sou vill Leit an hirem Heemechtsland (Stéchwuert AfD) op d’Strooss gaange sinn- hannerëm gëtt deemno schonn op EU – Niveau eng Koalitioun vun der Droite (réunie) organiséiert! Wir schämen uns nie-wéi schonn den Herbert Grönemeyer géint déi “C-Parteien” a sengem köstleche Lidd (Mit Gott) gesongen hat. Datt all Kritik a Mësstrauen géint déi total korrupt EU-Politik total berechtegt ass, soll ee rezent bei der ARD gewisenen, exzellente Film geziilt beschtens illustréieren, Mediathek-Tipp: Am Abgrund | ARD Mediathek
“Gerd Meineke reist als Wahlbeobachter des Europarats nach Baku. Vor Ort wird ihm klar, dass Regierung und Lobbyisten von Unternehmen Politiker benutzen, um sich Glaubwürdigkeit für den Abbau kritischer Rohstoffe zu verschaffen.(…) Dee Film seet eigentlech alles….schokéierend däitlech! A voir!