Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

MôssieuDame J.Asselborn a P.Lenert! 

MôssieuDame J.Asselborn a P.Lenert!
Image par Alexandra_Koch de Pixabay

nu lauschtert mol gutt no! Ech hunn als brave Bierger mech bis ewell un all Schutzmoossnamen gehalen. Net ëmmer aus Iwwerzeegung, dacks well et ganz einfach Gesetz war. Ech hun, grad ewéi vill aner Kompatrioten, och verschidden vun Aeren Decisiounen net besonnesch a Fro gestalt, ganz am Sënn vun enger Zort nationaler Solidaritéit. Elo wou d’Zuel vun den Nei-Infektiounen zanter Deeg am gaangen ass dichteg ze klammen -haut ëm 83- ,fänken ech allerdéngs un, rosen ze ginn!

Mengt Dir wierklech, Land a Leit hätten Suen a Gedold an en zweete Confinement gedriwwen ze ginn, nëmmen, well d’Regierung op Däiwel-komm-eraus Testen duerchféiere léisst? Sollt Dir där Meenung sinn, feelt Ierch als Politiker den Drot zum Vollek! Dir, Här Ausseminister sot selwer “mir maachen 9600 Tester pro 100.000 Awunner an enger Woch, iwwerdeems eis Nopeschlänner just op 500 bis 600 kommen”. Vill Tester bei eis, also och vill Infektiounen. Dir Madame Lenert, verdeedegt déi Tester wéi wann et Aer eege wären! Statisitiken allerdéngs just mat engem Wäert fir d’Wëssenschaft, net fir e Land.

11 Länner wëlle bis op Weideres näischt méi mat eis ze dinn hunn. Et sin dat: Zypern, Finnland, Rumänien, Dänemark, Estland, Irland, Lettland. Litauen, d’Slowakei, Slowenien an Norwegen. 11 Länner, déi eis op eng schwaarz Lëscht gesaat hunn. Dat ass net méi esou wäit ewech vun der Halschecht vun der europäescher Unioun. E que fait la Belgique? D’Land ass um Wackelen an huet eis als ‘zone orange’ klasséiert.

Dir, Här Ausseminister, hutt um Radio matdeele gelooss, datt Dir déi méi speziell Positioun vu Lëtzebuerg, – eben mat deem large scale testing- deenen aneren europäesche Länner wëllt explizéieren. War Aer diplomatesch Missioun iwwer de Weekend mat Erfolleg gekréint? Huet schonn eent vun deenen 11 genannte Länner decidéiert, de Grand-Duchée vun där schwaarzer Lëscht erofzehuelen? Ech ginn net dovunner aus, well sos hätt Dir et bestëmmt iwwer den Nationalsender bekannt ginn!

Wéi soll et da weidergoen? Lëtzebuerg hannert Schweden als Vize-Europameeschter vun den Infektiounen! Wat soll dat fir d’Zukunft bedeiten? Dës Woch gëtt déi schwaarz Lëscht erneiert, jee nodeem erweidert. Ech hoffen fir Ierch, datt net weider Länner op d’Iddi kommen, eventuel d’Grenzen mam Grand-Duché zouzemaachen. An Däitschland gëtt et e Bundesland, dat zanter enger Woch net een eenzege Krankheetsfall soll gehat hunn. Gleew roueg un de Kleeschen! Ma an Däitschland ginn just sougenannte Verdachtsfäll op de Corona getest. Sinn elo op eemol déi Däitsch net méi esou grëndlech?

Dir, Madame Lenert an Här Asselborn musst Ierch bewosst sinn, datt d’Land um Enn ass vu senge wirtschaftleche Méiglechkeeten an d’Leit um Bord sinn vun enger Nervekris. Ëmmerhinn wëllen dausende Leit als Tourist an d’Heemecht vun de Fritten reesen! RTL.lu schreiwt iwwregens den Owend: Leit déi aus Lëtzebuerg an d’Belsch reesen, dierfen zwar nach ëmmer eran, d’Grenz ass also net zou, ma et gëtt awer eng Quarantän rekommandéiert. Winke, winke,mit dem Zaunpfahl oder och mat der Scheierpaart? Sollten d’Belsch awer an eventuel weider Nopeschlänner tatsächlech d’Decisioun huelen, d’Grenzen op en Neits zouzemaachen, fäerten ech d’Implosioun vun der europäescher Unioun. Schonn d’Italiener hunn net vergiess, mat wéi vill Wochen Verspéidung en Hauch vun europäescher Solidaritéit ze spiere war; wann elo eng zweete Kéier d’Landesgrenze wéinst engem Virus verbarrikadéiert ginn, da soen ech just: bonjour les dégâts!

De Motto: “et kascht, wat et kascht!”, katzt mech an der Tëschenzäit unn. Dat war villäicht gutt um Ufank vun der Kris, ma elo wësse mir, datt dee Käschtepunkt vun eis all muss bezuelt ginn. Eng ganz Generatioun wäert dovunner betraff sinn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *