Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

D’Madamm Tanson huet de Whistleblower gegrillt! 

D’Madamm Tanson huet de Whistleblower gegrillt!
Photo de Anna Tarazevich: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/sol-animaux-sous-terrain-gang-6796600/

Den Drock op d’Betriber ass enorm. Net nëmmen wat d’Energiepräisser ubelaangt. Deen Drock ass e ganz Neien, souzesoen eng Inconnue. Et ass nämlech ëmmer méi schwéier, geschoultent Personal ze fannen. Vun Beruffserfarung net ze schwätzen. A schonn guer net vun der Bereetschaft, Iwwerstonnen ze drummen. Wann een mat Patronen an d’Gespréich kënnt, kritt een erzielt, wou de Schong dréckt: am Léifsten d’35-Stonnewoch bei vollem Lounausgläich! An op d’mannst zweemol d’Woch home office. Et ass neierdéngs um Patron, de Knéifall ze maachen, souzesoen de Bauchdanz fir datt de Salarié gewëllt ass, d’Plaz unzehuelen. A Branchen déi besonnesch schro vun dëser Penurie betraff sinn, gëllt an der Tëschenzäit de Motto: e schlecht motivéierten Ugestellten ass ëmmer nach besser wéi iwwerhaapt keen.

Photo de Prateek Katyal: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/moins-de-1-plus-de-signalisation-sur-le-trottoir-2694344/

Natierlech ass et ze begréissen, datt d’Salariat mol eng Kéier um laangen Hiewel sëtzt a Fuerderunge ka stellen, wat seng Aarbechtskonditioune betrëfft. Dat kann allerdéngs och zu Exzesser féieren. Den L’EXPRESS (3715) schreiwt vun enger multiplication d’exigences plus ou moins extravagantes. En ce moment, les avocats spécialisés planchent ainsi sur de nombreuses demandes de pouvoir venir au bureau….avec son chien!

Frankräich huet nach en zousätzleche Problem. Dee vun de lanceurs d’alerte! Eisen Noper wollt et besonnesch gutt maachen an huet schonn zanter 2016 e Gesetz iwwer déi Whistleblower. Dat Gesetz gouf elo rezent op eenzele Punkten adaptéiert, och wat déi verschidden Delikter betrëfft, déi een anonym kann uschwäerzen. Am Gesetz Sapin II goung nach Rieds vun violation graveAn anere Wieder, de Salarié konnt net wéinst iergendenger Pippi-Kacka-Affär säi Patron uschmiere goen. Am neien Text, deen zanter dem 1. September a Kraaft ass, steet nach just violation. De grave gouf gestrach.

Domadder ass de Prinzip Whistleblower op d’Kopp gestalt. Déi Persoun sollt gesetzlech geschützt sinn, wann si eppes duerchaus Aussergewéinleches intra muros aus hirem Betrib ze verzielen huet, esou aussergewéinlech, datt méiglecherweis hiert eegent Liewen um Spill steet. Zum Beispill Korruptioun am grousse Style, Wäisswäschen vu Suen, Kannerpornographie asw. Mat deem adaptéierten Text geet allerdéngs schonn Pippifax duer, kënnen als lanceur d’alerte opzetrieden, zum Beispill wann Iwwerstonnen net bezuelt ginn oder wann eng Persoun sech harceléiert fillt.

Dat wat bis dato d’Aarbecht vun de Gewerkschaften war, fält an de Beräich vum Whistleblower. Net ze gleewen! A wat fir eng Gesellschaft rutsche mir?

op deem Punkt ass de Grand-Duché de Fransousen eng Nues vir! D’Justizministesch Sam Tanson hat zwar en änlechen Text an hirem Gesetzprojet virgesinn, ma glécklecherweis hat de Conseil de l’ordre si op d’Plaz gesat mat sengem Avis wou ë.a. dra stoung:

gouvernement.lu

« Il s’agit d’une véritable carte blanche aux délateurs de tous genres qui n’est pas digne d’un Etat de droit . Boufdeg! Déi souz! De Gaston Vogel hat dat esou kommentéiert: Les Verts exercent dans le pays une dictature des émotions qui, peu à peu, se traduit dans des textes qui font remonter le colon à la gorge. https://bit.ly/3CIXNTo

Der groussherzoglecher Press war dee Gesetzprojet net vill Zeile wäert, aus wat fir enger Ursaach och ëmmer, méiglecherweis fir déi gréng Ministesch net blouss ze stellen. D’Madamm Sam Tanson hat mat deem gutt motivéierten Avis vum Conseil de l’ordre tatsächlech eng op de Bak krut an hir blouf näischt aneschters iwwereg ewéi hire Gesetzprojet zeréckzezéien.

Dat huet si virun zwou Woche gemaach. Si huet domadder Mord an Doudschlag an de Betriber verhënnert!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *