Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Greta-Generatioun: Selbstkasteiung? 

Greta-Generatioun: Selbstkasteiung?

D’Corona-Kris ass den Ablack esou wäit gemeeschtert. De Krich an der Ukrain geet leider an d’Verlängerung, ma huet eis – wéi dat dacks bei Kricher de Fall ass-, d’An opgemaach: Europa huet sech an d’Ofhängegkeet manövréiere gelooss. Wärend der Epidemie hu mir gestaunt, datt vill Medikamenter fir eis a China oder an Indien produzéiert ginn; elo, matzen an der russescher Militärinterventioun kréie mir confirméiert, datt déi europäesch Energieproduktioun zimmlech ouni Bedeitung ass. Masutt, Gas a Stroum gi vill méi deier a mir kënnen net vill dogéint ënnerhuelen. E Fall fir d’Greta-Generatioun!

Ech ginn dervunner aus, datt den Ament Diskussioune lafen an de Lycée tëscht engagéierte Schüler an der Direktioun, datt fir déi nächst kal Saison den Thermometer am Gebai op maximalen 16-18 Grad agestallt gëtt. Mir musse spueren, wéinst dem Präis a wéinst dem Klima. Ëmsou méi wou 20 Schüler an engem Klassenzëmmer jo och eng Hëtzquell duerstellen. Nei wär dat net. Och d’Generatioun vun de Baby-Boomers huet dat an de 70-ger Joer matgemaach, deemools bedéngt duerch de Pëtrolschock. An de Gäng vun der Schoul waren d’Heizkierper komplett aus, am Klassesall selwer war et och näischt ze waarm; an dobäi war de Wanter viru 50 Joer nach wierklech kal!

Den Ament allerdéngs ass et dobaussen um Ufank vum Summer richteg waarm. D’Klimaanlagen lafen op Héichtouren. A Frankräich gëtt dermadder gerechent, datt sech doduerch de Stroumverbrauch wäert verduebelen. Ech huelen un, datt d’Klimatisatiounen verbuede ginn. Schliisslech hunn d’Baby-boomers hir Jugend och ouni déi Apparater gutt iwwerstanen. Et hat ee just permanent eng fiicht Haut, een huet deem aneren säi Schweess geroch, och well een sech deemools net all Dag geduscht huet.

Den Europäer keeft all Joer am Schnëtt fir 26 Kilo nei Kleeder a schmäisst 11 Kilo an d’Poubelle. 80 Prozent dovunner ginn verbrannt. 26 Kilo, dat ass enorm vill an dat huet virun allem domadder ze dinn, datt d’Gezei esou bëlleg ass. Och op dësem Punkt ass d’Greta-Generatioun gefuerdert. Zanter enger Dose Joer gëtt et en neie Koloss an der Moudebranche, déi chineesesch Firma SHEIN. Si ass nach méi bëlleg ewéi Zara, H&M a Konsorten aus dem ganz einfache Grond, well Shein exklusiv iwwer Internet verkeeft an esou laanscht deier Loyer kënnt.

INTERNET! Da frot mol Är Bomi wéi laang et hier ass, datt si sech eppes um Schierm bestallt huet! SHEIN viséiert grad ewéi déi aner Chaînen d’Jugend tëscht 18 an 25 Joer. Shein mécht et d’nämmlecht ewéi déi aner Kleedermarken a kënnt all 8-14 Deeg mat enger neier Kollektioun eraus. Wien flippt doropper? Déi Jonk! Ech kann dat zwar net verstoen, ma verdenken kann ech Iech dat och net.

Reegelméisseg kënnt et vir, datt op Amazon bestallt gëtt an een net zefridden ass mat der Wuer, déi een Heem bruecht krut. D’Kleed sëtzt net oder den Artikel entsprécht net deem, wat een sech vun him vun der Fotell aus esou dovunner erdreemt hat, oder well den Artikel futti ass oder ganz einfach well! Basta. Virun 2 Joer goufen et eleng an Däitschland 315 Milliounen där Retour-Päck. Villäicht awer iwwerdriwwenen Akafsfrust?

Foto von Amina von Pexels

D’Kleeder sinn dacks esou bëlleg, datt et sech net rentéiert, si ze wäschen! Ass dat normal? An deiert Gezei muss een dacks separat wäschen! Och dat ass net normal, well et bedeit e fierchterlecht Verbëtzen vu Waasser, Stroum a Wäschmëttel!

D’Produktioun vun enger eenzeger Jeans-Box brauch tëscht 6000 an 10.000 Liter Waasser. Donieft gëtt vill Chimie agesat, fir déi Box ze bleechen. Denkt dorunner, datt d’Jeans entwéckelt gi war als Aarbechtsbox, déi e Liewe laang sollt halen. Fir déi deemoleg working poors. E Liewen dauert méi laang wéi 6 Méint!

Dir sidd an Ärem Elan géint de Klimawiessel duerch d’Pandemie gebremst ginn. Wéinstens op där Front ass et den Ament roueg. Dir hudd also freihe Bahn! A wann Dir der Meenung sidd, datt Diskussiounen mat der eelerer Generatioun näischt bréngt, dann diskutéiert an decidéiert ënnert Iech selwer. Ech hunn e puer Beispiller opgefouert wou Dir selwer kënnt den Zepter an d’Hand huelen. Oder d’Peitsch!

Dee sougenannte Klima-Biergerrot schéngt sech op alle Fall zu enger Farce ze entwéckelen. 100 Bierger waren zeréckbehale ginn fir an deem Gremium matzeschaffen, eng ganz Partie hu schonn Route gewénkt an op eng weider Kollaboratioun verzicht. Et héiert een an et liest een, datt villes an der Organisatioun iwwer de Knéi gebrach wier, an datt d’Wëssenschaftler munchmol ze vill op der Regierungsligne stéingen.

Et kéint allerdéngs och sinn, datt esou Biergerpartizipativ Gedanken déi sech einfach schrecklech demokratesch unhéieren, – Iddien déi aus dem Vollek kommen ginn besser vum Vollek ugeholl- zu guer näischt féieren. Ënner deenen 100 Bierger si mat Sécherheet déi eng oder aner “Extremisten” drënner, an déi eng Richtung ewéi an déi aner. Wéi sollen déi eens ginn, sech op eng gemeinsam Ligne eenegen?

Ass et net esou, datt mir 60 Männer a Fraen an * gewielt hunn, fir grad dat Vollek ze vertrieden, am Déngscht vun deem Vollek ze schaffen?! Souwisou huet d’Politik dat lescht Wuert, ausser all 5-6 Joer. Esou gesinn wär et un der Zäit, datt d’Greta-Generatioun sech politesch engagéiert. Sech kritesch ausernanersetzt mat deenen engen wéi mat deenen anere Positiounen. Och mat der Press. Firwat ass et fir d’Journalisten zum Beispill keen Thema, datt ausgerechent déi Gréng a Finnland fir den Atomstroum sinn?! Esou guer d’Jugendsektioun vun der grénger Partei gesäit dee Stroum als Klima-neutral!

Esou kënnen d’Meenungen auserneegoen. Déi eng Meenung géint déi aner ënnerdrécken ass eng Form vun Diktatur. D’Demokratie kann een net op Amazon bestellen!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *