Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Eng Affär Frank Schneider als chape de plomb? 

Eng Affär Frank Schneider als chape de plomb?
Image par Ruth Archer de Pixabay

SREL a Bommeleeër gehéieren zesummen wéi Pescht a Cholera. Ma zwee getrennte Prozesser, déi allebéid enttäuschend verlaf sinn, besonnesch deen iwwer dem Geheimdéngscht säin Arsenal u speziellen Aueren. Ween domadder gerechent hat, déi 3 fréier Mataarbechter géingen esou richteg auspaken, aus der Schoul plapperen, kräfteg ausdeelen, deen huet de Prozesssall hongereg verlooss. De fréiere Staatsminister Juncker konnt sech net méi u grad alles erënneren an déi 3 Ugekloten goufe fräi gesprach. De Parquet goung an Appell, ma et freet ee sech, ob et zum nächste Prozess kënnt, deen den Ament mol op de 26. Oktober festgesat ass.

Virun e puer Méint gouf ee vun deenen dräi Ex-SREL-Leit, nämlech de Frank Schneider zu Däitsch-Oth a Frankräich festgeholl. Den André Kemmer – an engem fréiere Liewen och mol SREL- beschreift d’Arrestatioun als iwwerdriwwen brutal :Souwuel seng Fra wéi och de Frank Schneider hunn d’Waff widder de Kapp gehale kritt, bis de Frank Schneider dunn an Handschelle louch. E Bild, en Trauma wat souwuel seng Fra wéi och säi klenge Bouf ni wäerte vergiessen. Et ass elo seng Fra Sophie wat un eis erugetrueden ass an eis all Eenzelheete vun der Verhaftung erzielt huet, wéi och deen administrative Misär, dass si sech vum Ausseminister Jean Asselborn am Stach gelooss fillt.

De Schneider gouf wéinst Bedruch mat Kryptowärungen international gesicht, mellt RTL zimmlech kuerz gebonnen den 30. Abrëll, säin Numm wier an engem Prozess ëm de OneCoin-Bedruch zu Nei-York e puer Mol genannt ginn. Do reift een sech mol d’Guckelcher: Déi fréier Nummer 2 aus dem SREL hätt also kromm Geschäfter gemaach?! Kommentar vu Kemmer a Steffen: De Frank Schneider ass an enger Affär mat Kryptowärung, wou hien am Optrag vun enger Cliente geschafft huet, vun der amerikanescher Justiz, duerch den FBI a Frankräich verhaft ginn. Keen kennt Detailer vun där komplexer Affär, mir och net.

Éischt Reaktioun: wann international nom Mann gesicht gëtt, wäert schonn eppes derhannert sinn; loosse mir d’Saach hire Wee goen. Zweet Reaktioun: firwat muckst sech keen vun der groussherzoglecher Press a freet mol no? Drëtt Reaktioun: firwat gouf de Mann 2 Kilometer hannert der Grenz a Frankräich festgeholl an net zu Lëtzebuerg, wou hien sech reegelméisseg ophält a schaffe geet? Véiert Reaktioun: firwat hunn d’Lëtzebuerger Autoritéiten sech bis dato net beméit, de Mann ausgeliwwert ze kréien? Schliisslech huet de Mann d’lëtzebuerger Nationalitéit!

Zanter iwwer 3 Méint sëtzt de Mann zu Nanzeg am Prisong, an zwar an Isolatiounshaft! An der Haaptsaach säi fréiere Mataarbechter André Kemmer – an och den André Steffen, setzen sech op facebook an domadder an der Ëffentlechkeet fir hien an: Dem Frank Schneider seng Fra huet an e puer Bréiwer eng ganz Rei vu pertinent Froen un den Ausseminister gestallt. Virun allem déi wichtegst Fro, firwat hire Mann net einfach zu Lëtzebuerg verhaft ginn ass an do als lëtzebuergesche Staatsbierger mat senge lëtzebuergesche Rechter, sou wéi se och bei den “Droits de l’homme” definéiert sinn, der Justiz hätt kënne Ried an Äntwert stoen. An also stellen och Kemmer a Steffen dem Ausseminister Jean Asselborn d’Fro: An ass et net esou Här Ausseminister, dass laut nationalen an europäeschen Traitéen, Lëtzebuerg seng Staatsbierger net ausweist?

An de Frank Schneider schreift och op senger Facebook-Säit e bësselche verbattert: Klar ist heute nur, dass das französische Justizsystem funktioniert und jetzt festgestellt hat, dass es nicht in der Lage ist, den Auslieferungsantrag der USA zu akzeptieren. Frankreich ist besorgt, wie es aussieht, mehr als mein eigenes Land, dass meine Rechte als Mensch nicht garantiert werden, sobald ich auf US-Boden bin.

de Fall gesat, Frankräich liwwert de Frank Schneider awer un déi amerikanesch Autoritéiten aus, fir do am Prozess seng Aussoen ze maachen, da kéint et mol gutt sinn, datt den Termäin vum 26. Oktober fir de SREL-Appellprozess net méi ze halen ass. A weider de Fall gesat, de Mann setzt sech zu Nei-York mat senger Affär, wou een bis ewell guer keng Detailer weess, tatsächlech an d’Brennnesselen, da kéint säi Rendez-vous virun de lëtzebuerger Riichter zwar net definitiv gestrach, ma dach op Mokuchsdag verréckelt ginn!

Verschiddener nëschelen vun enger Inzenéierung als de perfekte Wee fir e peinleche Prozess ze verhënneren. Wat Sënn mécht, wann ee weess, datt déi dräi Ugekloten am nächste Show-down virun de Riichter aneschters optriede wëllen, wéi am Prozess virun engem Joer. Politesch Raibergeschichten, déi kee soll héieren. Ech ginn zou, fir esou kromm ze denken, muss een all d’James Bond-Filmer auswenneg geléiert hunn, ma et soll jo Leit ginn, déi hir Zäit domadder verbréngen….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *