Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesellschaft

Vu Covid-Dirängeler oder ‘ween ass méi wäert’? 

Vu Covid-Dirängeler oder ‘ween ass méi wäert’?
Image par Gerd Altmann de Pixabay

Ech mengen, mir sinn eis eens: wär déi ablécklech Pandemie-Situatioun ëmgedréit, géingen nämlech an der Haaptsaach Jugendlecher an net déi Al un der Infektioun stierwen, wär d’Welt eng komplett aner. Da géingen déi Jonk  prioritär geimpft ginn, an zwar op Däiwel komm eraus! Dag an Nuecht, am Minuttentakt! Eng normal mënschlech Reaktioun, schliisslech sinn d’Kanner eis Zukunft. Iwwer Ëmweeër wëllen elo an Däitschland d’Enseignant sech virdrécken. System-Relevanz. Net nëmmen si!

Den Ament ass et nach ëmmer esou, datt besonnesch déi eeler Joergäng un der Krankheet stierwen. D’Stierwen geet crescendo mam Alter an d’Luucht, wat jo iergendwéi un e biologescht Gesetz erënnert: bei deenen iwwer 60 Joer läit d’Stierflechkeetsquot bei 8,14 Prozent; bei deenen iwwer 70 Joer läit si schonn bei 21 Prozent a bei deenen iwwer 80 Joer esouguer bei 67 Prozent. Esou gesinn, war d’Decisioun bei eis a bei den Noper komplett richteg, mat der Vaccinatioun bei den Alen unzefänken an dorunner sollt een och näischt änneren, et sief, d’Situatioun géing sech dramatesch zu Ongonschten vun der Jugend entwéckelen.

An Däitschland ginn elo awer d’Enseignant iwwerraschend virgezunn a mat hinnen déi vill Leit, déi a Crèchen an a maisons relais schaffen. Argument: d’Kanner hunn dacks de Virus ouni datt si iergendwellech Symptomer vu enger Erkrankung hunn, an d’Léierpersonal wier hinnen laang ausgesat. D’Ustiechungsgefor wier also deementspriéchend grouss. De Schoulmeeschter géing also zesummen mat där Kategorie vu Leit geimpft ginn, déi als vulnerabel aklasséiert goufen. Do muss een sech mol d’Aen reiwen!

Spontan denken ech un eis fréier Helden zeréck, déi virun 10 Méint derfir gesuergt haten, datt mir genuch Wueren kruten fir de Mo ze stäipen. D’Caissière aus dem Cactus oder sos engem Supermarché war esou eng Heldin, déi haut allerdéngs just hir Aarbecht mécht, sans plus. D’Zäiten sinn längst eriwwer, wou een mat där Persoun als Merci fir hiren Asaz e léift Wuert ausgetosch huet. Déi nei Helden sollen elo d’Enseignant ginn a si benotzen als Geisel déi kleng Däbbessen, déi eis esou un d’Häerz gewuess sinn! Wee kann do schonn nee soen?

No Dirängelen gesäit et och aus an den Hôpitaux Robert Schuman. 3 Member vum Verwaltungsrot – de President Jean-Louis Schiltz a seng zwee Vizepresidenten Michel Wurth a Claude Seywert- goufen schonn an der Halschecht vum Januar geimpft, also zu engem Zäitponkt, wou déi iwwer 80-Järeg un der Rei waren. De Radio 100,7 war als éischte Media domadder un d’Ëffentlechkeet gaangen, RTL huet d’Informatioun Stonnen drop iwwerholl.

Den Nationalsender huet de Generaldirekter, den Dokter Claude Schummer schwätze gelooss, fir déi 3 Member aus dem Verwaltungsrot aus der Schisslinn ze huelen. Eng Konventioun mam Gesondheetsministère wär relativ vag formuléiert: et wär net präziséiert, wien soll geimpft ginn a wien net. D’Spidol hätt een Impfplang opgestallt, ma Ziel fir d’business continuity ze garantéieren, wll si dat als den Optrag vun der Regierung gesinn hätten. Un d’Botzpersonal an der Klinik, dat mat Sécherheet méi den Infektiounen ausgesat ass ewéi de ganze Verwaltungsrot zesummen, gouf natiirlech net geduecht. Ups!

An anere Wieder: ouni Loulou Schiltz geet näischt, och net un der Spëtzt vun RTL group, well och do ass hien President vum Verwaltungsrot. An dat däerf ee selwer esou decidéieren! Wär ech nach Chefredakter, géing ech also déi nämmlecht Argumentatioun kënne benotzen: ouni mech géingen d’Kolleegen aus der Redaktioun ewéi opgeschäichten Hénger doruechter lafen! Wann een déi Argumentatioun fir richteg erkläert, wou fänkt een domadder unn a wou hält een domadder op?!

Absolutt Prioritéit missten dann eis Politiker hunn, well si d’Land mat 626.000 Séile féieren. Also absolutt Prioritéit fir den éischte Bierger vum Land, de Chamberpresident, dann Bettel, Lenert a wéi si all heeschen, woubäi an dësen Zäiten e Paulette méi wäert ass wéi en Taina. D’Oppositioun um Krautmaart? Déi ka waarden, schliisslech huet si keng staatstragend Fonctiounen. E Patron vun engem Betrib mat 4000 Ugestellten ass méi wäert wéi e Patron vun 250 Salarié? Oder ass de Chef iwwer d’Eisebunn duerch hir Systemrelevanz net méi wichteg ewéi e CEO vun enger grousser Bank?

An där dote Logik geheie mir alles op d’Kopp: net méi déi potentiell Doudesafer si wichteg, ma de Fonctionnement vun der Gesellschaft. Déi Al droen bekanntlech net méi vill zum ekonomesche Liewe bäi, ausser, datt si vill bei den Dokter ginn a wa Gott wëll, an d’Sonn fléien.

Wou steiere mir hinn an dëser Gesellschaft! Déi Dräi aus dem Verwaltungsrot missten sech entschëllegen! Dat ass dat mannst, wat den Anstand verlaangt. E Kniefall! Mä, d’Gesondheetsministesch wëll kee Buttek an huet den incident schonn nees zougemaach: si benotzt wéi esou dacks an der Politik, den Term: Interpretatiounsdivergenzen. Wat schued ass! Well, hätt de Loulou Schiltz sech d’Pick setze gelooss an Zäiten wou hien nach Minister war, hien hätt de Moien um Bureau säi Stull vermësst!

Related posts

1 Comment

  1. Claude SCHENTEN

    -Ech fannen dat onméiglech, an ech soen a schreiwen dat och. Ann ech ennerschreiwen dat och

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *