an de soziale Medien zirkuléiert eng Photo vum Dan Kersch virun engem décke Moto. An doriwwer gëtt sech zum Deel kräfteg gëiergert. Wéisou fiert de Minister spazéieren an onserengs muss mam Auto doheem bleiwen?! Dobäi huet de Minister näischt Falsches gemaach. Et däerf een tatsächlech an dësen Corona-Zäiten mam Motorad hifueren, wou ee wëll, well de Moto grad ewéi de Vëlo als “activité de loisir” agestuuft ass. Ech hätt allerdéngs als Minister d’Motorad diskret aus der Garage bruecht, den Helm opgesaat a wär lass gebriedert, ouni datt ee mech erkannt hätt.
Ma schonn virun dëser Photo haaten sech eng Partie Leit bei mir gemelt, fir op eng Zort Diskriminatioun hinzeweisen. Esou ginn et nun emool Leit, déi entweder ze al sinn oder ze gebriechlech, fir nach mam Vëlo oder mam Moto ze fueren an déi elo zanter 5 Wochen den Auto just eraushuelen, fir an de Supermarché akaafen ze goen. Eng “Sortie”, en Ausflug kann een dat net grad nennen.
besonnesch bosseg gëtt et, wann een de Verglach mécht mat engem Cabrio. An esou engem Auto sëtzt een grad wéi um Moto och an der frëscher Loft. Wat also mécht den Ënnerscheed zum Motorad aus, fir net och an d’Kategorie vun “Fräizäitbeschäftegung” ze falen? A wou bleiwt den Automobilclub? Huet deen d’Meckeren verléiert?
Kloer. Et gëtt bei wäitem net esou vill Vëlofuerer a Motocyclisten ewéi Automobilisten. A wann een just de Cabrio zouléisst an nach déi “historesch” Ween, da fillen sech déi aner ëmsou méi virun de Kapp gestouss. Am Beschten wier et wuel gewierscht, et hätt een fir d’Motorieder keng Ausnahm gemaach, da wier déi doten Diskussioun och net opkomm! Déi nämmlecht Iwwerleeung gëllt och fir de Sport als Fräizäitbeschäftegung. Ass am Tennis de social distancing net garantéiert? Wéi ass et mam Golf asw?
Iwwregens: op dësem Sonndeg Mëtten sinn nawell vill bleche Kutschen viru menger Hausdir laanscht gefuer. Ech wosst net, datt esou vill Leit missten um Sonndeg schaffen! Oder waren déi alleguerten an hire Supermarché, deen net op huet?
Betreffend “activité de loisir”
Da kann een jo nemmen schlussfolgeren, dass een hautzedags, fir Moto ze fueren, wat jo eng “activité de loisir” ass, een muss 2G+ sin, dat heescht 2x geimpft an geboostert. Oder gesin ech dat falsch?