Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesellschaft

Madame Lenert: endlech eraus mat der Sprooch! 

Madame Lenert: endlech eraus mat der Sprooch!
Image par Markus Distelrath de Pixabay

ech kritizéieren net Äer Manéier, wéi Dir d’Pandemie-Kris gemeeschtert hutt. Sécher, et gouf déi eng oder aner Decisioun geholl, déi sech als méi oder manner grouss Bauzegkeet sollt erausstellen, ma ware mir net all vun deem Virus iwwerrascht ginn? An ass een net ëmmer méi schlau duerno wéi virdrun? Et feelt mir awer eng gutt Kommunikatioun vun Äerer Säit, fir d’Leit grad an dëser Joreszäit ze begleeden.

Ech kréien aus Dokteschkreesser gepëspert, datt am Kierchbierger Spidol an am Centre hospitaler zanter Wochen keen eenzege Covid-Patient internéiert ass (Stand: 13/07 am fréien Nomëtten)! Déi reservéiert Zêmmer wieren eidel. Par contre géingen all déi betraffe Patienten an den CHEM zu Esch ageliwwert ginn. Dat hätt och seng Ursaachen. Am Süde vum Land géingen et nämlech zwee kräfteg Cluster ginn, wou een deen aneren ugestach hätt.

Dir, Madamm, refuséiert zwar vu Cluster ze schwätzen, hutt awer de facto dës Informatioun schon e leschte Samschdeg an engem Artikel am Lëtzebuerger Wort confirméiert: Ein neues Phänomen, das vorige Woche beobachtet wurde, sei das Ausbreiten des Virus in Wohngemeinschaften. In zwei grösseren Gemeinschaften mit rund 20 Einwohnern, die auf sehr engem Raum zusammenleben, sei es zu den Infektionen gekommen. Dat deckt sech mat deem, wat ech zougepëspert krut. Firwat hei net vun engem Cluster schwätzen? Zwou Cliquen à 20 Persounen, dat fält an eisem klenge Land duerchaus an d’Gewiicht!

war et fir de Ball flaach ze halen! Laut der Gesundheitsministerin seien die betroffenen Einwohner zum Teil gar nicht regulär gemeldet gewesen und hätten wohl auch Schwarzarbeit geleistet. An dat an esou engem proppere Land ewéi Lëtzebuerg! Datt et dat nach gëtt! Ouni des Leit wëllen ze stigmatiséieren – si hunn et schliisslech scho schwéier genuch- héieren ech aus Dokteschkreesser, datt dës Leit tatsächlech kräfteg de Virus gestreet hätten! Natierlech an der Haaptsaach an den eegene Reien, ma och no baussen.

En aneren, also drëtte Cluster géing et am Norde vum Land ginn, behaapten déi nämmlecht Dokter. Dee wär allerdéngs méi kleng wéi déi am Süden. D’Dokter iergeren sech iwwer Äer Kommunikatioun. Dir sot och, Madamm Minister, datt just 12 Prozent vun den Nei-Infektiounen aus dem l-s-t kommen, aus dem large scale testing. Dont acte. Ma hutt Dir dobei net eppes vergiess?

Ech war an deen Test a krut zwee Deeg drop d’Resultat: positiv! Meng Fra gouf och an den Test gebieden, idem meng Kanner a meng Frënn a Kollegen; verschiddener ënnert hinnen waren och positiv, sinn also een indirekt “Affer” vum l-s-t! D’Beispill ass realistesch, allerdéngs komplett erfonnt, ma Dir selwer, Madamm Lenert, loosst an deem Wort-Artikel soen: 57 Prozent der Neuinfektionen konnten allein durch das Nachverfolgen der Kontakte ausfindig gemacht werden

Es gibt nichts zu beschönigen, ass Äere Message an deem nämmlechten Artikel. Da schwätzt endlech Tacheles. Dir hutt mam l-s-t genuch Daten fir eis Geschichten ze verzielen, Dir hutt genuch Daten fir eis opzeklären, wouhier déi vill Neiinfektioune kommen. Vun zig Leit krut ech mailen weidergeleet vun hirem reservéierten Hotel, mat der Warnung: wann Dir aus engem Land kommt, wou d’Infektiounen ze héich sinn, da braucht Dir guer net bis laanscht ze kommen. Zwar héiflech geschriwwen, ma dach eraus komplimentéiert! Muss dat sinn?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *