Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Fondéiert Kritik vun “eran, eraus…an elo?” un der Justizministesch Sam Tanson 

Fondéiert Kritik vun “eran, eraus…an elo?” un der Justizministesch Sam Tanson
Photo de RODNAE Productions provenant de Pexels

Stellungnam:

Projet pilote: Transitiounsprogramm fir Ex-Prisonéier

 

 

Eng Prisongsstsrof vun e puer Méint bis e puer Joer huet fir bal all Prisonéier déi selwecht Konsequenzen: Verloscht vun der Aarbechtsplaz, der Wunneng, der Famill an de Frënn. Ze bemierken ass, dass bei ganz vill Prisonéier[1] och nach eng Drogeproblematik dobäi kënnt.

 

Déi franséisch Doktesch Cyrile Canetti[2] seet dozou Folgendes : « La prison démolit un peu tout le monde. C’est une machine à broyer les hommes. »

 

Vill Prisonéier stinn um Enn vun hirer Prisongsstrof virun enger ongewësser Zukunft. Et ass zu dësem Zäitpunkt ganz wichteg, dass déi betraffe Persounen ënnert d’Äerm gegraff kréien.

 

Am Prisong hëlleft d’Personal vum SPSE (Service Psyco-Socio-Educatif) an d’agents de probation vum SCAS (Service central d’assistance sociale) dem Prisonéier sech esou gutt wéi méiglech op ee Liewen dobausse virzebereeden.

 

Rapport Ombudsman

 

Et ass zanter Jore bekannt, dass déi bestoend Betreiung net duer geet – sou huet Mme Monti, an hirer Fonktioun als ‚contrôleuse externe des lieux privatifs de liberté’ am Kapitel 5 ‚La période après l’incarcération‘ Folgendes[3] geschriwwen :

 

«  (…) il est tout de même évident qu’il ne peut nullement être dans l’intérêt des acteurs concernés que les mesures intra-muros mises en place soient anéanties dès la sortie d’un détenu et ce de manière tout à fait évitable.

 

(…)  L’accès au travail est un facteur clé de la réintégration, mais constitue également un vrai challenge compte tenu d’un niveau d’éducation généralement bas parmi les détenus, un niveau d’expériences professionnelles piètre, ainsi que d’une vraie stigmatisation suite au séjour dans un centre pénitentiaire.

 

(…) Le logement constitue également un problème réel pour nombreux détenus puisque bien trop souvent les anciens liens familiaux n’ont pas tenu face aux séquelles psychologiques causées par la séparation impliquée par l’incarcération ou alors le niveau d’éducation initiale ne leur a tout simplement jamais permis de se « construire » une existence avant l’incarcération. Le manque de formation(s) et la stigmatisation susmentionnée ne changeront guère la mise. Pour de nombreux détenus il ne reste donc que le choix entre la rue et les œuvres sociales. Néanmoins, les œuvres sociales ne constituent guère une solution « clé en main ». En effet, certains interlocuteurs ont fait part au Contrôleur externe de pratiques du moins douteuses mises en place par certaines de ces œuvres conventionnées par le Ministère de la Famille et de l’Intégration et à la Grande Région. Il serait monnaie courante pour certaines d’entre elles de demander les détails du jugement, le casier judiciaire ainsi que des expertises de tout genre sur le « candidat » et tout cela pour ne même pas leur fournir de motifs sur un refus si dernier se matérialisait. »

 

Dëse Rapport weist d‘Haaptproblemer an der Period no der Prisongsstrof an déi beschte Léisung ass, eiser Meenung no, d’Ëmsetzen vum Projet ‘maisons de transition‘.

 

Etüde ‘maisons de transition‘

 

Am Joer 2015 ass eng ganz interessant Etüde gemaach ginn – Caritas Accueil et Solidarité (CAS), zesumme mam Criminologue Guy Schmit, hunn een exzellente Projet-Pilote ausgeschafft an all Acteur[4] deen eppes mat der Resozialiséierung ze dinn huet, huet dëse Projet-Pilote och gutt geheescht.

 

Op dëser Plaz wëllen mir net dëse ganze Projet-Pilote[5] virstelle – mir wëlle just zwee Punkten ervir hiewen:

 

« (…) 2. Description du projet pilote : le projet (…) a l’ambition de gérer la phase de transition entre l’incarcération d’une personne (…) et la réinsertion sociale de la personne. A l’heure actuelle, un service social avec telle mission est inexistant au Luxembourg (…).

 

Dans : 1. Des logements individuels,

  1. Un logement communautaire de trois à quatre personnes
  2. Dans un foyer d’accueil d’environ huit personnes

sont accueillies entre douze et quinze usagers (…)

 

  1. Analyse des besoins et finalité du projet : Le projet pilote a pour objectif d’assurer la transition réussie entre l’incarcération et la liberté d’une personne. Une mise en autonomie en fonction des capacités de la personne est un objectif primordial de Caritas Accueil et Solidarité a.s.b.l. Composée d’assistants sociaux/éducateurs gradués, l’équipe socio-éducative d’une maison de transition travaille ensemble avec d’autres services spécialisés sur l’épanouissement de la personne (…).»

 

Et huet keen iwwerascht, dass dëse Projet-Pilote am Koalitiounsprogramm[6] vun 2018 folgendermossen erwähnt ginn ass : « Les travaux relatifs à la création de maisons de transition seront poursuivis afin de continuer à promouvoir la réinsertion sociale des détenus. La préparation à une réinsertion sociale réussie des détenus ne s’arrête pas au moment de leur sortie de prison. Afin d’éviter que les efforts de réinsertion sociale faits en prison soient vains, ce projet vise à soutenir ces personnes, pendant une période de transition et principalement en termes de logement et d’autres aides psycho-sociales, afin qu’elles puissent retrouver définitivement leur place dans notre société. »

 

Ze bemierken ass, dass et esou Projete vu ‚maisons de transition’ an all eisen Nopeschlänner gëtt – hei puer Beispiller:

 

Frankräich :    – Structure d’accompagnement vers la sortie de prison[7] – SAS

– Centres d’Hébergement et de Réinsertion sociale[8] – CHRS

 

Däitschland : – Verein Hoppenbank[9] e.V.

 

Belsch :           – Maison de transition[10]

Et ginn esou änlech Strukturen och an Holland – hei wëlle mir de Projet Exodus[11] ernimme – iwwert dëse Projet schreift de Criminologue Guy Schmit[12] : « Un aspect important est celui des finances, les études aux Pays-Bas du projet Exodus ont prouvé que l’investissement financier dans un tel projet se montre bénéfique par rapport aux coûts épargnés. »

 

Bei esou engem Projet geet et net nëmmen drëms fir engem Ex-Prisonéier eng Wunneng ze fanne – och wann dat natierlech, haaptsächlech zu Lëtzebuerg, ganz wichteg ass – mee et geet drëms fir enger Persoun een adequaten Encadrement ze bidden.

 

Hei gëtt oft vun engem ‚Übergangsmanagment‘ geschwat – professionnell Equippe musse probéieren eng Bréck tëscht dobannen an dobaussen ze bauen. D’Problemer déi musse bewältegt gi si riseg: Wunneng, Aarbecht, Scholden, psychesch Krankheeten, Drogenproblematik, asw.

 

Fir eis als ‚eran, eraus … an elo?‘ besteet keng Alternativ zou esou engem Projet:

 

  • éischtens ass et wichteg der Persoun ze hëllefen de Wee zréck an d‘Liewen ze fannen;

 

  • zweetens ass et wichteg, dass keng ‚récidive‘ stattfënnt – mir wëllen hei ze Bedenke gi, dass mir zu Lëtzebuerg een héije ‚taux de récidive[13]‘ hun. Fir dass een Ex-Prisonéier no senger Strof erëm ee Liewen op der riichter Bunn féiere kenn, mussen eis Politiker bereet sinn déi néideg Mëttelen ervir ze bréngen.

 

 

Programme de transition entre la prison et la vie en société

 

De Projet aus dem Koalitiounsprogramm ass op Äis geluecht ginn. D’Justiz- a Familljeministesch Sam Tanson a Corine Cahen hunn d’lescht Woch e Pilotprojet virgestallt dee ganz wéineg mat dem initiale Projet ze dinn huet.

 

An den nächste Zeile wëlle mir virweisen firwat dëse Programme den Ufuerderungen net gerecht gëtt:

 

  • Duerch dëse Programme gëtt keng eenzeg zousätzlech ‚offre d’hébergement‘ genéréiert. Bei allen Associatiounen déi an dësem Beräich schaffen (CNDS, Croix-rouge, Caritas, Stëmm vun der Strooss, etc.) ginn et schonns haut laang Waardeleschte fir eng Schlofplaz. Mir froen eis wéi eng Associatioun 50-80 Plaze fir dës Ex-Prisonéier soll hier huelen. Vill Associatiounen aus dem Secteur sinn, eisen Recherchen no, deels komplett ausgebucht –  et ass utopesch fir dës zousätzlech Plaaze mussen opzebréngen.

 

  • Hébergement d’urgence (maximum 7 Deeg): Een Prisonéier deen entloss gëtt, a keng Plaz fir ze wunnen huet, gëtt ‚en relation‘ mat engem ‚agent de liaison’ gesat deen dann eng Plaz an enger ‚structure d’hébergement d’urgence de type halte de nuit‘ soll arrangéieren.

 

Wärend dësem Zäitraum engagéiert sech den ‚agent de liaison‘ eng Wunneng ‚à moyen terme‘ ze fannen an den Ex-Prisonéier a sengen administrativen Demarchen z’ennerstezen.

 

Heizou stelle mir fest :

 

  • Am Reportage vun RTL ass de Numm vun der Wanteraktioun genannt gi – d’Wanteraktioun fënnt laut der Internetsäit vun der Caritas vum 1. Dezember bis den 31. Mäerz statt, dat si ‚just‘ 4 Méint am Joer.

 

Bei deenen aner Cliente vun dëse Strukture handelt et sech dacks em ‚personnes sans domicile fixe‘ bei deenen der ganz vill eng Drogeproblematik hunn.

 

Mir fannen et inakzeptabel fir Persounen déi frësch aus dem Prisong kommen erëm an esou een Environnement ze setze – zemools fir Persoune mat enger Drogevergaangenheet.

 

  • Dann wëlle mir nach d’Problematik vum ‚casier judiciaire‘ opwerfen : d’Mme Monti seet, dass verschidden Associatiounen de Casier judiciaire resp. d’Detailer vum Jugement froen éi si eng Persoun ophuelen (cf. Säit 1 vun dësem Dokument) – mir froen eis ob déi Responsabel vun dësem ‚programme de transition‘ dës Problematik beduecht hunn?

An engem Artikel[14] vum MDR aus Däitschland gëtt en däitsche Bewährungshelfer folgendermoossen zitéiert: “Meist entscheidet sich in den ersten vier Wochen nach der Haft, ob die Wiedereingliederung und Resozialisierung gelingen.“

 

Mir bleiwen bei eiser Meenung, dass et immens wichteg ass d’Ex-Prisonéier an enger geeegneter Struktur z’encadréiere wou d’Personal an dësem Domaine spezialiséiert ass – an dëst zemools an enger éischter Phase, sou dass den Ex-Prisonéier eng Chance huet am Liewen unzekommen, an net schonns no 7 Deeg erëm muss an eng aner Struktur transferéiert ginn.

 

  • Hébergement à moyen terme (maximum 6 mois) : Wärend maximal 6 Méint kenn den Ex-Prisonéier an enger Struktur vun den ‘associations conventionnées’ bleiwen. Den Ex-Prisonéier gëtt an dëser Phase vu sengem ‘agent de liaison’ an dem sozio-edukativem Personal vun dëser Struktur begleet.

 

  • Hei stellen sech déi selwecht Froe wéi an der éischter Phas no der Entloossung: éischtens si genuch Plazen disponibel fir 50-80 Prisonéier pro Joer an zweetens wat geschit mat Ex-Prisonéier déi wéinst hirem ‚casier judiciaire‘ refuséiert ginn?

 

  • Mir vu ‚eran, eraus … an elo?‘ hunn an de leschten 2 Joer den Tour vu ganz villen Associatiounen hei zu Lëtzebuerg gemaach. Mir si begeeschtert vun der gudder Aarbecht vum sozio-edukativem Personal aus all deenen Associatioune – si ginn sech alleguerte Méi fir och schons elo den Ex-Prisonéier esou gutt wéi méiglech ze hëllefen. Vill Associatiounen hu wierklech ganz vill Meritten an dem Encadrement vun Ex-Prisonéier. Mir sinn gewuer ginn, dass d’Personal aus dëse Strukture mat ganz vill ënnerschiddleche Problemer konfrontéiert gëtt – an dofir net genuch spezialiséiert ass, fir den Ëmgang mat engem Ex-Prisonéier.

 

Et wier sécherlech eng Stäerkt vun engem veritabele Projet ‚maisons de transitions‘ gewiergt fir eng Ekippe ze hunn déi spezialiséiert ass an der ‚réinsertion sociale‘ vun Ex-Prisonéier.

 

  • Autonomisation : Orignal Text aus dem offiziellem Communiqué[15] : « Après cette période de 6 mois, elle peut intégrer un logement durable»

 

Den Encadrement ass op 6 Méint (a 7 Deeg) limitéiert.

 

  • Agents de liaison: Mir begréissen dës Iddi vun den ‚agents de liaison‘ – dës Persounen hu eng ganz schwéier Aufgab virun sech: si musse Schlofplazen arrangéieren an dëst bei enger minimaler Offer.

 

An enger éischter Phase gi 2 Agents de liaison agestallt fir 50-80 Fäll pro Joer: des Offer geet net duer.

 

  • Lëtzebuerg huet een ‘taux de détention préventive’ vun 48 % – domadder sin mir traurege Spëtzereider a Westeuropa. Bal d’Hallschent vun de Prisonéier sinn net verurteelt. Een héichen Undeel vun dësen Untersuchungsprisonéier komme virun hirem Prozess fräi. Si kënnen eng ‚demande de libération provisoire‘ maache bei der ‚chambre de conseil’ an dann kréie si bannent e puer Stonne matgedeelt ob sie fräi gelooss ginn oder net.

 

Eis Associatioun ass oft konfrontéiert mat esou Persounen déi sou kuerzfristeg aus dem Prisong eraus kommen. Hei gesinn mir sécherlech ee grousse Problem vun dësem ‚programme de transition‘ – een ‚agent de liaison‘ huet net genuch Zäit fir esou kuerzfristeg engem Prisonéier ze hëllefen.

 

  • Dëse Programme dierf net just fir Residente reservéiert sinn.

 

De ‘programme de transition entre la prison et la vie en société’ ass ee Schratt an déi richteg Richtung.

Am Koalitiounsprogramme war awer ee méi effizienten Projet versprach ginn – mir froen eis firwaat mir elo ee Schratt  zréck ginn? Lëtzebuerg wäert also weiderhin quasi daat eenzegt Land an Europa si wou et kee Projet ‚maisons de transition‘ wäert gi – an dat ass traureg.

 

D’Argumenter déi d‘Mme Tanson genannt huet fir de Projet ‚maison de transition‘ net ëmzesetzen, sinn net iwwerzeegend. Hei gëtt vun enger ‚prison après la prison‘ geschwat – dëst entspëcht net d‘Definitioun vun enger ‘maison de transition’ an d’Struktuv ‘maison de transition’ gët och a kengem aaneren Land als Prisong considéréiert.

 

Dat zweet Argument vun der Justizministesch géint de Projet ‘maisons de transition’ ass dee vun enger méiglecher Stigmatiséierung vun den Awunner vun esou enger Struktur. Déi Responsabel vun der Caritas waren sech dëser Problematik bewosst – dofir sollt et och net een eenzeg Haus si wou nëmmen Ex-Prisonéier zesumme géife wunnen, mee et sollt sech em dezentral a kleng Strukturen handelen wou esou eng Stigmatiséierung net statt fënnt.

 

Mir hu d’Impressioun wéi wann hei ‚mordicus‘ Argumenter benotzt gi fir de Projet vun der ‚maisons de transition‘ net ze realiséieren – wéi gesot gin et esou Projeten vu ‚maisons de transition‘ an all eisen Nopeschlänner.

 

Zum Schluss wëlle mir als ‚eran, eraus … an elo?‘ ganz kloer eis Enttäuschung ausdrécken, dass dee flotten an innovative Projet aus dem Koalitiounsprogramm net ëmgesaat gëtt.

 

 

www.eran-eraus-an-elo.org

[1] Les infractions liées aux stupéfiants (17,8 %) sont en légère hausse par rapport à 2019, mais restent en-dessous des années précédentes (15,9 % en 2019, 18 % en 2018, 22,00 % en 2017, 24,9 % en 2016, 26 % en 2015). – Rapport ministère de la Justice 2020 – page 560

[2] Ex-médecin chef du SMPR (service médico-psychologique régional) de la Santé

[3] https://www.ombudsman.lu/uploads/RV/RV18%20-%20Rapport.pdfpage 71

[4] Extrait aus engem Bréif vum Père Vincent – Aumônier am Prisong während baal 20 Joer – un de deemolegen Justizminister Felix Braz : « Cette étude a été présentée lors d’une réunion, le 19 septembre 2017, rassemblant des membres de la direction, du service social et de l’aumônerie de prison, ainsi que des représentants du SCAS, la Déléguée du Procureur Général d’Etat, des représentants des ministères de la Famille et de la Justice ainsi que de CAS. Le sérieux de l’étude, qui se basait sur une recherche de bonnes pratiques à partir de projets similaires dans les pays voisins a été unanimement salué lors de cette réunion et des suivantes (…). »

[5] Déi ganz Texter fennt een op eiser Internetsäit – ënnert dem Punkt ‚Maison de transition‘: http://www.eran-eraus-an-elo.org/Documents/Sujets/

[6] https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2018/12-decembre/Accord-de-coalition-2018-2023.pdfpage 25

[7] https://www.midilibre.fr/2021/02/02/montpellier-la-premiere-prison-urbaine-de-france-sortira-de-terre-en-2023-a-euromedecine-9347379.php

[8] https://annuaire.action-sociale.org/etablissements/readaptation-sociale/centre-hebergement—reinsertion-sociale–c-h-r-s—214.html

[9] https://www.hoppenbank.info/

[10] https://maisonsdetransition.be/

[11] https://exoduszuidholland.nl/about-us-english/

[12] Caritas Luxembourg – Projet pilote pour la création de structures de logement de type « maison de transition » pour certaines catégories de personnes condamnées pénalement au Luxembourg

[13] Le taux de récidivistes [en 2020] de 30 % reste proche de celui de 2019, tout comme le taux de condamnés primaires de 70% – Rapport 2020 Ministère de la Justice – page 566

[14] https://www.mdr.de/nachrichten/thueringen/west-thueringen/eisenach/entlassung-gefaengnis-kein-geld-obdachlos-100.html

[15] https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2021/10-octobre/27-tanson-cahen-programme-transition.html

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *