Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Die Rückkehr des CSV – Staates 
„Wir bedenken manches erst, wenn es bedenklich geworden ist.“ Henriette Hanke (Schriftstellerin der Spätromantik)   Eines vorweg:  Wenn man die...
Ernesto Fluni: Sucht euch eine Version aus – Politik braucht Klarheit 
Heute stehe ich vor Ihnen mit zwei Optionen – so, wie wir es in der Politik oft erleben: eine seriöse...
Fraen am Afghanistan: Kufft d’Schmull! 
D’Taliban mussen en extremen Haass op d’Fraen hunn. Oder awer si hunn e fatzege Mannerwäertegkeetskomplex vis-à-vis vum anere Geschlecht. Genee...
Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...

Blog Post

Europa

Monica Semedo: HÄPPI DIWWI? 

Monica Semedo: HÄPPI DIWWI?
image credts:dp.lu

 

D’Monica ass also am Europaparlament fir 14 Deeg als Deputéierten suspendéiert an zwar wéinst Mobbing. D’Virwërf géint hir Persoun mussen sech gewäsch hunn, well eng Suspensioun an deem Kontext rarissimm ass. Esou blouf hier näischt aneschters iwwereg ewéi alles zouzeginn. Mea culpa! Ech wäert mech besseren. Domadder ass si deen Tëschefall awer nach esou bal net lass, deen op déi eng oder aner Manéier och un hirer Partei, der DP hänke bleift!

D’Madamm ass ville vun eis an Erënnerung als lëschtegt klengt Meedchen, dat op RTL d’Lidd gesongen huet “ech sinn esou frou, esou frou…”. Virun déck zwee Joer huet si de Sprong an d’Politik gewot. Firwat och net? Schliisslech haten eng ganz Partie RTL-Kolleegen virdrun gewisen, datt dat duerchaus ka klappe. Am Parlament an an der Regierung siegéiert reegelrecht eng RTL-Fraktioun: Felix Eischen, Françoise Hetto, Corinne Cahen, Marc Hansen, bis virun zwee Joer de Felix Braz, Francine Closener…Fir d’Monica Semedo sollt et 2018 allerdéngs net klappen fir an d’Nationalpolitik, dofir dunn am zweeten Ulaf fir an d’Europaparlament.

Ganz kloer. D’Monica Semedo war -ass?- e schéint Aushängeschëld fir Lëtzebuerg! Eng jonk Fra mat Migratiounshannergrond, dräi Argumenter, déi no bausse weisen, datt de Grand-Duché open minded ass. Et war den Ufank vun enger schéiner Carrière an der Politik, déi elo e ferme Knécks krut a riskéiert, bei den nächste Wahlen d’rout Kaart gewisen ze kréien!

interessant ass, ze notéieren, wien do fir d’Demokratesch Partei op den Tëschefall Semedo reagéiert huet, fir d’Käschten aus dem Feier ze huelen. Oder soll ech soen: wien do huet mussen reagéieren?! Well, u sech wär et jo un der Parteipresidentin Corinne Cahen gewiescht, déi sech sos ni ze schued ass, de Mikro u sech ze räissen. Sollt si verhënnert gewiescht sinn, wär et um 1. Vizepresident Max Hahn gewiescht, oder um Marc Hansen, respektiv um Lex Delles, allebéid och Vizepresident vun der DP.

Eraus geschéckt an d’Arena gouf de Claude Lamberty, Generalsekretär vun der Partei. Dat weist, datt keen vun den ierweschte Parteibonzen sech wollt mat der Madamm Semedo d’Hänn knaschteg maachen oder éischter, sech net de Mond wollt fusseleg rieden an enger Saach, déi souwisou an der ëffentlecher Meenung verluer ass! Esou gëtt d’Madamm Semedo geléiert, datt Politik e knaschtegt Geschäft ass, an deem Mobben op der Alldagsuerdnung steet.

Duerch deen Tëschefall gëtt een nach op eppes aneschters opmierksam, nämlech op de Fait, datt et allgemeng méi roueg gouf un der Spëtzt vun der demokratescher Partei. D’Presidentin Corinne Cahen trëppelt zanter engem Joer vill méi lues op, just vun Zäit zu Zäit mécht si eng Pressekonferenz fir, wien wonnert et, iwwer d’Covid-Situatioun an Alters- an a Fleegeheemer ze schwätzen. Fir si, déi an aneren Zäiten sech net ze schued war, sech ze befläissen fir dem Kolleeg Xav zur Säit ze stoen, fir si, déi dat politescht Gestëppels quasi an d’Wéi geluecht krut, ass dat éischter wéineg!

Och vun engem Marc Hansen héiert een nëmme wéineg. Grad an dëse Méint vum Télétravail misst de Mann a senger Funktioun als Regierungsexpert a Saachen Digitalisatioun zu Héchstform oplafen. Ohne Fleiss, kein Preis! Dat weess hie selwer am Beschten. Ma och hien hält sech léiwer an der Ëffentlechkeet zeréck. Dat nennt sech dann déi politesch Interpretatioun vum social distancing!

 

Related posts

4 Comments

  1. Phil

    Zitat: “Eng jonk Fra mat Migratiounshannergrond, dräi Argumenter, déi no bausse weisen, datt de Grand-Duché open minded ass.”

    Wann dat d’Définitioun vun “open minded” soll sin, respektiv d’Critèren sin déi engem an d’Politik hëllefen…. majo dann!

    Dat heescht nämlech am Umkehrschluss näischt anerschters, dass wann eng männlech Persoun vun mëttlerem Alter gewielt gett, déi och nach hei am Grand-Duché gebuer ass, dass Lëtzebuerg dann eng “close minded” bzw. verkorksten an ewig gestrigen Natioun ass. Eh ben dis-donc… mat där Définitioun léen mir ons ganz Politikerriege ad acta.

    1. Heng

      Aah! e Cartésien. E Glas Wain ass gesond, also kënnen 10 Glieser nëmmen nach méi gesond sin! (oder?) Dassen esou Leit OCH dobai sin ass e Zeechen vun Open Mind, selwecht wéi wann e Homosexuellen kann Premier gin. Dat heescht awer nët dass de contraire de Fall ass wann eng 08/15 Persoun gewiehlt gëtt.

  2. Phil

    Dir hutt Recht… 10 Glieser Wäin op 10 Deeg verdeelt, kann net schueden.
    Mat beschte Gréiss vun engem 08/15!
    (Wikipedia: eine umgangssprachliche Redewendung, die oft abwertend benutzt wird, „nicht besonders“, „durchschnittlich“, „mittelmäßig“ oder „nicht erwähnenswert)

  3. Andrée JUNGBLUT-SCHMIT

    Op de Punkt- wonnerbar geschriwen an beschriwen- kéen Zweifel -Politik ass ën knaschteg Geschäft- an déen Zirkus an der Chamber, gudd bezuelten acteuren- dir zielt se Jo op- gudd bezuelt awer ëng schlëcht Virstellung- wéen ëtt nëtt hikritt bleiwt als Kolateralschued op der Strëck.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *