Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Testen, testen, lëften, lëften, impfen, impfen… 

Testen, testen, lëften, lëften, impfen, impfen…
Image par Paul McManus de Pixabay

De Virus wäert eis nach laang an Otem halen! Déi éischt Euphorie ënner de Wëssenschaftler iwwer d’Impfstoffer ass verflunn. Et koumen nei Mutanten, Virus 2.0 wéi zum Beispill déi brittesch Variant, déi sech méi séier verbreet oder och déi südafrikanesch Variant, bei där den ablacklechen Impfstoff keng grouss Wierkung hätt; an der Bretagne schliisslech gouf eng Variant entdeckt, déi vu kengem PCR-Test kann detektéiert ginn. Dat versprécht onroueg Méint, warscheinlech bis an de Summer 2022!

An awer sinn d’Spezialisten sech eens: déi eenzeg Waff ass de Vaccin. A fir datt de Virus manner Iwwerliewenschancen – also Mutatiounsméiglechkeeten- huet, misst vill méi séier geimpft ginn, ewéi dat bis dato an den europäesche Länner de Fall ass. Länner wéi Israel a Groussbritannien maachen eis et vir. D’Infektiounen ginn zeréck, ma d’Restriktiounen am ëffentleche Liewen bleiwe bestoen.

Mat de Mutatiounen – schëngt ës allemol- gëtt et méi komplizéiert, d’Herdenimmunitéit ze erreechen. Am l’EXPRESS seet den Epidemiolog Dominique Costagliola: “Avec le virus qui circulait l’an dernier, un taux de couverture vaccinale de 67% aurait suffi. Avec le variant britannique, ce sera plutôt de 80 à 90%, toutes classes d’âge confondues”! Eng enorm Erausfuerderung, och fir e Land wéi Lëtzebuerg, dat normalerweis beim Impfen op eng Bedeelegung vun ëm déi 90 Prozent kënnt, ma wou déi Kéier d’Mësstrauen vis-à-vis vum Impfstoff méi grouss ass.

Image par Angelo Esslinger de Pixabay

Et ass deemno unzehuelen, datt no enger éischter Impfcampagne eng Zweet nokënnt, mat engem Serum, deen op déi nei Mutatiounen adaptéiert ass. Eng Drëtt, eng Véiert…? Fir elo awer musse mir déi éischt Campagne opschaffen.

“…. Punkt 12 war ech un der Rei!…”

Ausdrécklech felicitéieren ech d’Ministesch Paulette Lenert, d’Zuel vun den Impfzentren vu 4 op 6 eropzesetzen. Mam ale Findel a mat der Luxexpo derbäi sollen all Woch bis zu 55.000 Leit geimpft ginn, bannent 20 Wochen hätt also jiddereen vun eis d’Méiglechkeet gehat, sech komplett vaccinéieren ze loossen. Wann dann d’Bereetschaft dozou besteet.

Mir sinn all en Deel vun der Léisung! De Slogan ass gutt fonnt, einfach formuléiert, mä dach markant. Ech selwer sinn also och en Deel vun der Léisung a goung dëse Méindeg fir d’Mëttesstonn an d’Victor Hugo-Hal um Lamperbierg. Kee Gedrécks, weder um Parking nach bannenan. Eng eeler Damm hat vergiess, sech d’Confirmatioun fir de Rendezvous eraus printen ze loossen. Si huet mussen ëmgedréit ginn.

Meng Doktesch sot mir léif, datt ech Astrazeneka géing gesprëtzt kréien. Ech hat domadder gerechent – ëmmerhin mussen 80.000 Flaconen ënner d’Leit bruecht ginn-, ma ech sot dach pro forma, datt ech léiwer Moderna hätt oder BionTech. Ass leider net do, war d’Äntwert vun der Medezinnerin. Quetschen och! Wéi ass et dann mat Persounen, déi fir den éischte Vaccin Pfizer gesprëtzt kruten an op dësem Dag hier zweet Pick wollte maache loossen’? Op dës Fro just grouss Guckelcher bei der Doktesch, awer keng Äntwert.

Zanter e puer Deeg lafen ech also mat AZ duerch d’Liewen. Niewewierkungen bis haut: null! Dobäi hat ech vun enger Partie gestane Männer – net nëmmen Mammejéngelcher a Schockelasmännercher- ganz aner Saachen erzielt krut. Mä et ass schonn e bësselchen fake news vun der Regierung, an engem Depliant 4 Impfstoffer unzebidden an et ass an der Realitéit just een eenzegen do fir ze zapen.

Déi eeler Joergäng vum Alter un vun 55 Joer si bis d’Enn vun der nächster Woch gréisstendeels erduerch. Duerno ass de Grupp 6 un der Rei, deen mat spezifesche Kategorië vun der “allgemenger Bevëlkerung”. D’Regierung huet haut all d’Leit dra gequëtscht am Alter tëscht 30 a 54 Joer, déi bereet sinn, sech op fräiwëllleger Basis mat AstraZenika impfen ze loossen. Mat deem Appell setzt si sech iwwer den Avis ewech vum CSMI, dem Conseil supérieur des maladies infectieuses.

Dee seet nämlech just de Géigendeel: “ Le CSMI recommande….de manière temporaire…de suspendre l’utilisation de Vaxzevria (AZ) pour la vaccination des personnes de 30 à 54 ans sans critère de vulnérabilité….” D’Positioun vun der Regierung confirméiert, datt den Ament an der Haaptsaach AstraZenika am Ëmlaf ass; géif dee gestoppt ginn, géing d’Impfcampagne an e Koup falen! A wat heescht schonn op “fräiwëlleger Basis”? Sinn d’Leit bis ewell ieren an d’Impfzentren geschleeft ginn, esou wéi d’Béischt an e Schluechthaus?!

An 2 Méint kritt d’Land iwwer 300.000 Dosissen vu BionTech geliwwert. Eng ganz Partie Leit wäerten wuel esou laang waarden, net nëmmen wéinst den Thrombosen. Dëse Vaccin soll alt wéinstens e bësselchen wierksam sinn géint déi südafrikanesch Variant, déi e Fënneftel ausmécht vun den Infektiounen zu Lëtzebuerg, AstraZenika par contre esou gutt wéi guer net.

et dauert also nach déck 6 Méint bis d’Land eenegermoossen iwwer de Bierg ass, bis Ugangs Oktober. Do ass nach Loft no uewen! Wann ee kann 14.000 PCR-Tester pro Dag maachen, kann een d’Sprëtzaktioun och nach verbesseren. A wat geschitt nom Hierscht? Éischt Etude weisen, datt de Vaccin géint déi brittesch Variant zum Beispill 9 Méint gutt ass. An dann? Geet de Spektakel nees vu vir un? Joer fir Joer, esou laang, bis datt de Virus a senge Mutatioune kollabéiert an nach just e kräftege Schnapp provozéiert?

Dee Wee kann e Laange ginn, dee sech iwwer Joer erauszitt. Dofir muss déi Europäesch Unioun de richtege Kader setzen, fir datt d’Wëssenschaftler aus deene verschiddene Memberlänner kënnen effikass zesumme schaffen, fir ganz séier eng Äntwert aus de Laboratoiren ob eventuell (geféierlech) Mutatiounen parat ze hunn. Am einfachsten wier natierlech d’Entwécklung vun engem Medikament, ma op deem Plang héiert een den Ament séier wéineg…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *