Muss een dem Frank Schneider seng Geschicht nach emol am Detail erzielen? De fréiere Chef vum lëtzebuerger Geheimdéngscht gouf am Abrëll zejoert heivir a Frankräich festgeholl, op Demande vun den Amerikaner. No e puer Méint am Bing gouf hien provisoresch fräigelooss, kann a sengem Haus a Frankräich wunnen, muss allerdéngs déi ganzen Zäit Foussfesselen droen.
Hie waart zanterhier op den definitive Verdikt, ob d’Fransousen hien un d’AMIS ausliwweren oder net. De Lëtzebuerger hätt gären säi Prozess – wou et ëm Korruptioun am grousse Style géif goen- an Europa gemaach, am Léifsten zu Lëtzebuerg. Säin Heemechtsland liwwert nämlech seng Leit net un d’USA aus. Ma am Grand-Duché réiert sech séier wéineg ëm hien.
Fir seng Verdeedegung um Geriicht sinn dräi Affekoten zoustänneg: e Fransous an zwee Lëtzebuerger. Ech hunn mat engem vun hinnen en Interview gefouert, mat der Madamm Lydie Lorang
Madamm Lorang, Dir an de maître Paul Urbany sidd op der lëtzebuerger Säit d’Affekoten vum Frank Schneider. Et sinn elo ronn 9 Méint hir, datt dee Mann a Frankräich festgeholl gi war. Den Ament emol gesäit et esou aus, wéi wann d’Fransousen hie kéinten un déi amerikanesch Justiz ausliwweren. Do muss de Verdikt a Cassatioun ofgewaart ginn. De Fall Frank Schneider schéngt allerdéngs wéineg bis guer net déi lëtzebuerger Autoritéiten ze interesséieren. Wéi ass dat Äerer Meenung no ze interpretéieren?
Mir hunn a Frankräich d’voies de recours nach net ganz ausgenotzt an mir mussen elo kucken wat déi franséisch Cour de cassation decidéiert. Dee Mangel un Interessi vun lëtzebuerger Säit hunn ech och Schwieregkeeten nozevollzéien. Vun aussepolitescher Säit gesinn ech nëmmen eng Méiglechkeet: et wëllt een e bras de fer mat den Amerikaner net riskéieren wéinst dem Fränk Schneider. Dat iwwerrascht mech, well an aneren Affären implizéieren si sech vill méi. Ech hunn esouguer vun enger Rumeur héieren, datt si en Auslänner dee laang hei am Land fir eng grouss lëtzebuerger Entreprise geschafft huet, réckwierkend zum Lëtzebuerger gemaach hunn fir hien eraus ze kréien. Dat schéngt am Endeffekt net geklappt ze hun, mais sie hunn sech allemol Méi gin. Hei guer näischt! Sie akzeptéieren, datt ee vun hire Leit, deen en plus nach laang fir den SREL geschafft huet an also verschidden Geheimnisser weess, ausgeliwwert gëtt un e Land, dat an mengen Aen en komescht Verständnis huet vun droits de l’homme an droits de la défense. Den Ausseminister gëtt als Excuse- sou schéngt et-, dat wär net vu sengem Ressort, an de Ball léich bei der Justiz.
Déi Excuse iwwerzeecht mech net. Den zoustännege Procureur freet d’Ausliwwerung no Lëtzebuerg net mam Motiv, dass d’Enquête eng amerikanesch Saach wär an do schonn wäit fortgeschratt. Mä wann den Fränk Schneider eppes falsch gemaach sollt hunn, dann huet hien dat och hei gemach an si kéinten och hei enquêtéieren. Mä sie hunn sécherlech keng Loscht op eng laangwiereg an komplizéiert Enquête. Och dat fannen ech regrettabel, wann ech bedenken wat fir hien um Spill steet.
Misst sech also d’Politik amëschen? Delikat, wann ee bedenkt, datt et eng strikt separation des pouvoirs gëtt….
Hei am Land ass et de Ministre de la justice deen d’extraditioun accordéiert. A Frankräich ass et in fine den Président de la république sur avis des autorités judiciaires. Et ass also net eng Fro vun séparation des pouvoirs, sou datt menger Meenung no d’Politik sech duerchaus kéint amëschen.
Ech weess net, ob Dir kënnt aus der Schoul schwätzen, mä sinn bis ewell iwwerhaapt keng Kontakter mam Justizministere gelaf?
No comment
A Frankräich – grad duerch de Fall Schneider-gëtt sech d’Fro gestallt: muss e Land net ‘seng’ Geheimagenten besonnesch schützen?
Ech mengen mir mussen eis méi eng prinzipiell Fro stellen ewéi déi vum Schutz vun den Geheimagenten. Dei Fro déi mir eis nämlech mussen stellen, ass: wéi wäit geet „politesse internationale“ am Ausliwwerungsverfaren, wann mir un en Land mussen ausliwweren, dat verschidden fundamental Problemer an sengem Rechtssystem opweist. A fir mech ass Amerika esou en Land: en Parquet deem et erlaabt ass, net all d’Piècen déi hien huet, an den dossier ze leeën an domadder der défense net all d’Méiglechkeeten gëtt, sech ze verdeedegen, e Parquet deen Dealen mat Leit maache kann iwwer eng vermindert Stroof wann se aanerer dénoncéieren. Déi hunn jo Tendenz egal wat ze soen nëmmen fir besser ewech ze kommen. Eng Verteidegung, déi – wann der se wëllt gut organiséieren-, Milliounen Dollaren kascht, en Prisongssystem dee majoritär an privater Hand ass an wou d’Käschten mussen minimiséiert ginn, mat den Konsequenzen déi dat fir d’Insassen huet, d’Strofen déi iwwerméisseg héich sinn (den Fränk Schneider riskéiert 40 Prisong) en aucune commune mesure mat deem wat hei an Europa géif gesprach ginn.
Fir e Mann am Alter vum Fränk Schneider -deen 40 Joer riskéiert-, ass dat den équivalent vun “liewenslänglech”, ouni d’Méiglechkeet seng Famille ze gesinn. Do musse mir eis froen: liwwere mir een Europäer un esou en Staat aus?. An mengen Aen missten eis ganz traites d’extradition mat den USA iwwerschafft ginn am Sënn vun méi engem groussen Respekt vun den droits de l’homme, esou ewéi mir se verstinn.
Merci fir dat Gespréich Madamm Lorang. Iwwregens sinn et gläich 12 Joer hir, datt eng Madamm Viviane Reding änlech Iwwerleeunge gemaach huet, wat eng europäesch Revisioun vu verschiddene Justizsystemer op deser Welt ubelaangt. Deemols an hirer Funktioun als EU-Justizkommissärin. 12 Joer! E laangen Dag!
Sehr interessantes interview von Me Lorang betreffend das justiz system unserer freunde in den USA.
Besonders zu empfehlen fuer all die menschen hier die noch immer glauben wir muessten die transatlantischen “freunde”dabei unterstuetzen ,der ganzen welt ihre grossartige demokratie zu bringen oder eher aufzuzwingen.