Recent Posts

Post Categories

E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....

Blog Post

Divers

Frank Bertemes: Naivitéit?  

Frank Bertemes: Naivitéit? 
Image par Besno Pile de Pixabay

 

Ween näischt weess, muss alles gleewen. Sou mol eng Ausso, déi leider net sou ganz falsch ass. Dat gëllt och an engem Kontext, iwwer dee vill geschwat gëtt, vun  deem awer déi wéinegst de Fong kennen. Et verwonnert een trotzdeem, wann een zoufällegerweis genee esou eppes en passant op engem Quai vun der Stater Gare matkritt, do wou all Dag op där selwechter Plaz e puer Jugendlecher stinn, déi sech nawell an hiren Diskussiounen (an och dat gëtt et glécklecherweis nach!) un esou ee Sujet an hiren Diskussiounen eruwoen. Mäi Respekt jiddefalls, well  si maachen sech Gedanken iwwer hir Zukunft. Und das ist gut so!

Opgefall ass mir d’Stéchwuert „Pensioun“, well dat zoufällegerweis mäin Job ass a fir mech selwer geschwënn Programm wäert ginn. „Wann s Du bis dräi Joer geschafft hues, da muss Du nach just 37 Joer goen.“, sou eng Ausso. Dat beweist ëmmerhin, datt och déi Jonk sech absolut fir hir Pensiounsrechter intresséieren – wat jo scho mol gutt ass ­­– awer och, datt si der Naivitéit ënnerleien, datt et mat de Pensiounen riicht esou weidergeet, wéi mir dat bis elo gewinnt waren. Datt do awer knallhaart Interêten a Risiken op EU – Niveau bestinn, déi och an eisem „beschaulichen Ländle“ sollen duerchgesat ginn, an déi eise bis elo gudden, well ëffentleche Pensiounssystem bis op ee gewësse Grondniveau degradéieren, well dee soll  duerch privat Versécherungen zumindest deelweis ersat ginn, muss een deene jonke Leit an dësem Topic, dee grad si fir hir Zukunft awer besonnesch eppes ugeet, versichen, ze vermëttelen. An dat betrëfft net nëmmen déi klassesch 40 Joer oder 480 Méint obligatoresch Versécherungszäiten déi ee muss als Versécherten hunn, fir ee Pensiounsrecht op eng Alterspensioun opzemaachen, mä natierlech och déi spéider finanziell Leeschtungen, déi riskéieren, dramatesch erofgeschrauft ze ginn. Stéchwuert: Altersaarmut, generell sozial Problemer am Alter.

Et kann een hinne just de Message mat op de Wee ginn, datt et een „Acquis social“ och (a besonnesch) fir si an Zukunft net méi gëtt, an datt deemno och den Niveau an d’Rechter vun de Pensiounen an där Form, déi bis haut (nach) „Standard“ ass,  wäert garantéiert bleiwen. Si sollen sech deemno net der Naivitéit erginn,  ze mengen, datt alles ouni hiren Asaz sou wäert bleiwen, wéi dat haut ass.

A bon entendeur!

…an:  Courage!

Frank Bertemes

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *