De Garer Quartier an der Haaptstad rëscht nees op. D’Mobilisatioun kënnt aus dem Eck vun de Geschäftsleit: e Samschdeg gëtt manifestéiert. De Garer Commerce huet eng aner, dofir awer net manner penibel Situatioun ewéi déi ronderëm d’Groussgaass: et gëtt wuel och do geheescht, ma et gëtt virun allem gedealt. An engem Kommunikatiounsgrupp op WhatsApp schreift eng Persoun sarkastesch: et ass méi einfach zu enger Drog ze kommen ewéi eng Parkplaz ze fannen. Déi Garer fillen sech do vun der stater Politik am Stach gelooss.
D’Problematik ass nämlech alles aneschters ewéi nei. Dealen a Prostitutioun hu sech an deem Quartier scho viru Joerzéngten fest etabléiert a wat den Drogenhandel betrëfft, schéngt dat Ganzt sech nach weider zougespëtzt ze hunn. Ëmsou manner ze verstoen ass d’Decisioun vum fréiere Minister Henri Kox, de Garer Kommissariat zoumaachen ze loossen. E fréiere Polizist, den André STEFFEN huet eng Petitioun lancéiert mam Zil, déi Entscheedung nees réckgängeg ze maachen.https://bit.ly/48LKpvb
D’Geschäftsleit wëllen déi Kéier op d’déck Tromm schloen. D’Organisateuren hätte gären en Don vu 5 Euro fir sech e performante Megafon ze kafen. Dat versprécht. An déi éischt Rei vum Cortège kommen iwwregens Famillje mat Kanner; manifestéiert géif nämlech fir de Kanner hir Zukunft.
Op WhatsApp gëtt sech zanter Deeg gehéiereg opgereegt. D’Dealer sti permanent op deenen nämmlechte Plazen. Firwat geet d’Police sech déi net plécken? Et schéngt guer kee Wëllen ze bestoen, d’Geschäft vun deene Mafiosi ze ënnerbannen! De Fabio mécht déi séiss-sauer Bemierkung: et mengt ee bal, datt just déi Garer Leit déiten d’Drogenhändler gesinn; fir all déi aner existéieren si net!
En aneren am Grupp mengt, et géifen nëmmen zwou Méiglechkeete ginn: entweder d’Dealer gi vum Pappa Stat geschützt oder d’Police ass inkompetent. An deenen zwee Fäll wär et e Skandal. Dorobber hin äntwert d’Laurence: d’Dealer sinn elo e puer Meter geréckelt. D‘Bronx ass neierdéngs d’Joseph Junck-Strooss.
Nach en aneren, ouni Numm, setzt nach eng drop: haut den Owend hunn ech en Deal observéiert, just virun engem Police-Auto!
De Grupp op WhatsApp ass allemol ganz äerdeg. D’Manifestatioun krut den Accord vun der Police a vum Schäfferot. Ech si gespaant, wien do alles mattrëppelt. Ieren och déi 132 Gutmenschen, déi fir d’Heescherten um Knuedler stoungen?