Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Referendum iwwer eis Verfassung! Tatsächlech? 

Referendum iwwer eis Verfassung! Tatsächlech?
Photo de Element5 Digital provenant de Pexels

 

Wat war dat eppes viru Méint! Jiddereen wollt besser iwwer d’Revisioun vun eiser Verfassung informéiert sinn, jiddereen wollt e Referendum. D’Regierungsparteien an och d’CSV goufe massiv kritiséiert, well si Ugangs e Referendum versprach haten an duerno näischt méi dovunner wollte wëssen. D’Vollek koum sech iwwerdubbert vir! A wou stinn mir haut?

Kuerze Rappell: Enn Oktober huet de Staatsminister d’Demande vun engem Initiative-Kommitee fir dee Referendum gutt geheescht. Duerno gouf en offiziellen Avis an der Press publizéiert, an et war un de Gemengen sech ëm déi néideg zousätzlech Informatiounen ze këmmeren.

Fir déi Referendumsinitiative ze ënnerstëtzen, muss de Bierger sech op seng Gemeng deplasséieren fir sech dann do op d’Lëscht anzedroen. Um Enn vun der Prozedur muss all Gemeng hiert Resultat un de Staatsministère weiderginn; dee mécht d’Iwwerpréiwungen a publizéiert dat definitiivt Resultat no engem Delai vu spéitstens 3 Wochen. 25.000 Ënnerschrëften sinn néideg.

de politesche Spektakel dee sech viru Wochen an den Alentouren vum Krautmaart ronderëm eis Constitutioun opgebaut hat, huet sech eigentlech ni inhaltlech mat deem gedeckt, wat een um Groussgaasseck vum Vollek ze héiere krut. D’Leit hunn aner Suergen. Zum Beispill d’Pandemie. Zum Beispill eng uerdentlech Wunneng fannen. Zum Beispill mat de Suen bis d’Enn vum Mount auskommen!

Déi Diskrepanz tëscht der Politik um Krautmaart an dem politeschen Denken aus dem Vollek schéngt sech op en Neits ze confirméieren. Bis virun e puer Deeg haten sech op der Gemeng Lëtzebuerg esou just ganzer 160 Bierger op d’Lëscht agedroen! Esou grouss ass also den Interessi un der Verfassung, op d’mannst un engem Referendum doriwwer. Gone with the wind! An deenen anere Gemengen – esou héiert een- wär et net besser. Zesumme missten si op 24.800 Ënnerschrëfte kommen…an et bleiwen nach 9 Deeg Zäit.

D’Verfassung ass fir de Wieler Lambda wuel wichteg, awer net wichteg genuch fir sech eng Stënnchen Zäit ze huelen a sech op de Wee fir op seng Gemeng ze maachen. Referendum? Jo! Ma den Asaaz muss sech lounen, wann et zum Beispill ëm esou Sujeten geet wéi d’Auslännerwahlrecht viru 6 Joer. Do stoung de Wieler mat Gewier bei Fouss. Et goung deemools och drëm, der nei gewieltener Gambia I- Regierung eng auszewëschen, ma och dorobber schéngt déi Kéier keen esou richteg Loscht ze hunn!

 

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Roger Braun

    Merci haer Kaiser fir desen Artikel
    Froe mech just wou Leit sinn ob eis Verfassung hinnen soll egal sinn

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *