Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Europa

Russesch Oligarchen: d’Juegd huet ugefaangen, och zu Lëtzebuerg? 

Russesch Oligarchen: d’Juegd huet ugefaangen, och zu Lëtzebuerg?
pexels.pixabay

Geld regéiert d’Welt. A well dat esou ass, ginn déi russesch Steeräich vum Westen an d’Maangel geholl, si kréien de Krunn zougedréit, esou laang, bis si sech -am Idealfall-géint de Putin dréien. Op deem Punkt ass d’Solidaritéit grouss; esou guer Monaco an d’Schwäiz maache mat. Esou Sanktiounen hunn natierlech nëmmen dann eng Wierkung, wann si net nëmmen um Pabeier stinn, ma och tatsächlech duerchgefouert ginn.

Déi russesch Oligarchen hunn an den éischten Deeg vum Krich probéiert, hiert Geld nach huerteg ze transferéieren, a Sécherheet ze bréngen. Sollten si nach deen Ament “technesch Assistenz” vun Affekoten oder Notairen krut hunn, wären déi enger extremer Gefor ausgesat: doropper stinn Prisongsstrofen an d’Reputatioun vum Cabinet wier op éiweg Zäiten futsch!

Photo de vedanti provenant de Pexels

D’Sanktiounen betreffen virun allem den Immobiliësecteur, d’Investment-Fongen an d’Banken. Also och d’Finanzplaz Lëtzebuerg. D’Finanzinstituter hunn et an deem Sënn méi einfach, well si zanter Joer dat néidegt Handwierksgeschier prett huet fir d’Iwwerwaachung vum Wäisswäschen vu Suen oder vu Steierhannerzéiung. Nous avons des fichiers informatiques connectés aux données de Bercy ou de l’Union européenne qui nous permettraient de détecter une transaction suspecte, seet am l’EXPRESS den David Ambrosiano, president vum Conseil supérieur du notariat.

D’Banken hätten also eng relativ einfach Aarbecht, esou gutt wat normal Spuerkonte wéi och Fongen betrëfft. Ma en Oligarch ass net onbedéngt op de Kapp gefall. Hien huet och dacks seng Suen a Kryptowärung ugeluecht oder och a Konscht…Bréngen esou Sanktiounen also wierklech eppes?

“Héchstens zu 20 Prozent!”

déi wirtschaftlech Schrauwen wierken maximal tëscht 15 an 20 Prozent, seet d’Sara Brimbeuf vun Transparency international. Beispill, de vill ëmstriddenen Regëster iwwer d’bénéficiaires effectifs, deen zanter bal 5 Joer an der Europäescher Unioun obligatoresch ass. A Frankräich hätten 30 Prozent vun de Gesellschaften nach ëmmer näischt agedroen. Donieft géifen et ëmmer nach schwaarz Lächer ginn an de sougenannten Steierparadäiser. An do fält dann den Numm vu Lëtzebuerg!

Am l’EXPRESS 3688 gëtt de Quentin Parrinello vun Oxfam France zitéiert: Après, il y aura toujours le trou noir des paradis fiscaux, que l’on n’est pas prés de régler alors que la dernière liste de l’UE n’y intègre pas les îles Caïman, le Luxembourg ou la Suisse…Et mécht also duerchaus Sënn, op deem Punkt nozefroen, journalistesch an och politesch.

Dat huet bis ewell d’CSV dräimol probéiert, an dräi verschiddene parlamentaresche Kommissiounssëtzungen, mat als Invité de Chef vun der CSSF, der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur; Vertrieder aus dem Finanzministère selwer; d’Justizministesch Sam Tanson an och de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Resultat: et ginn wuel Stéchprouwen vun der CSSF gemaach, esou gutt wat d’Banken betrëfft wéi och d’Fongen, ma ënner dem Stréch wëll keen esou richteg dofir d’Haaptverantwortung iwwerhuelen. Verschidden Aussoen vun den Invité wieren esou guer kontradiktoresch gewiescht. De Laurent Mosar bedauert déi séier wéineg präzis Äntwerten an huet dat och esou dem Minister Fayot mat op de Wee ginn.

image credits. wikipedia

Doropper huet de Wirtschaftsminister méi ewéi gereizt reagéiert, soll esou guer komplett aus der Këscht gespronge sinn, hie géing esou Virwërf, net wollen déi komplett Transparenz ze spillen, net acceptéieren. Dobäi geet et ëm net méi an och net manner wéi ëm d’Reputatioun vun eiser Finanzplaz, also och vun eisem Land!

De reporter.lu huet sech fir de Sujet interesséiert. An engem excellent recherchéierten Artikel mengt de Luc Caregari, d’Iwwerpréifung vun de Sanktiounen géing esou schwéier falen, well d’Finanzstrukturen esou komplizéiert opgebaut sinn. Also kee Kannerspill. Ëmsou méi houfereg war déi nei Finanzministesch Yuriko Backes, kënnen an där leschter Sëtzung vun der Budgets- a Finanzkommissioun matzedeelen, datt an der Tëschenzäit 2,5 Milliarden Euro agefruer goufen.

Et konnten och 86 Gesellschaften am Handelsregëster identifizéiert ginn. Als Verglach: géint den Iran goufen 1,8 Milliarden Euro agefruer. An datt déi verschidde Ministèren sech an hirem Rôle onsécher, op d’mannst onwuel fillen, gouf e leschten Dënschdeg dem politeschen Observateur glaskloer: an där Kommissioun souzen gutt a gären 20 héijer Fonctionnairen!

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Am optrag vu washington get also juegd op russesch an iranesch oligarchen an hir suen hei gemaach.. suen dei op eng ganz zweifelhaft art a weis agefruer gin an domat bretzt sech eis regierung och nach.
    Seltsamerweis huet een nie eppes vun afreieren vun us konten beim iwerfall op den irak oder serbien heieren…och kapital aus saudi arabien dat am jemen bombt schingt net betraff.

  2. Phil

    Mir sollen frou sin, dass et esou Gecken mat deenen decken Yachten gett. Sie liewen gutt an gären an verbrauchen zimlech vill Suen déi der Wirtschaft als Return of investment an Form vun Steieren. Konsum an Aarbechtsplazen ze gutt kommen. D’ganz franzéisch Riviera, vum Lavandou iwwer St. Tropez an Cannes bis Menton, inkl. den Jetset Dom-Tom profitéiert vun esou Leit an hirem Lifestyle. An den franzéischen Président, egal wien et och esou ass, wärt och kee Fascht dorunner änneren… dofier als do vill ze vill ze rafen fir an d’Staatskeesen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *