Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Paul Galles: méi Zesummeliewen fir eng besser Integratioun 

Paul Galles: méi Zesummeliewen fir eng besser Integratioun
Image par S. Hermann & F. Richter de Pixabay

                         

Enn Januar hat den CSV-Deputéierten Paul Galles seng Interpellatioun an der Chamber gehalen iwwert d’Integratiounspolitik vun an an eiser Gesellschaft. En Thema, dee wuel héich interessant as, besonnesch wat déi laangfristeg Zukunft vun eisem Land ugeet an deen trotzdeem net mam Aktualitéitssujet ‘COVID’ ka mathalen. D’Interpellatioun goung e bësselchen am Gewulls vun der Aktualitéit ënner; dofir hunn ech en Interview mam CSV-Politiker gemaach…..

Paul Galles, et geet ëm Integratioun an enger Gesellschaftsform. Do stellt sech direkt mol d’Fro: wéi ass Är perséinlech Definitioun vun der Gesellschaft “made in Luxembourg”?

De facto si mer vun eiser Geschicht an eiser ekonomescher Attraktivitéit hir eng immens multikulturell Gesellschaft, ausserdeem verwinnt mat enorme Sproochekenntnesser. Am Ausland sinn d‘Leit ëmmer erstaunt, datt am Grand-Duché op d’mannst zwou Sproooche geschwat ginn, dacks 3 bis 5 Sproochen.

D‘Fro ass: wëlle mer doraus eng gemeinsam Gesellschaft maachen oder eng mat Ofstufungen? Ech plädéiere fir eng gemeinsam Gesellschaft, well da sinn d‘Ongläichheeten an d‘Ongerechtegkeeten net sou staark.
Dat Wuert „Integratioun“ setzt awer ee Grupp viraus, deen integréiert, an een, deen integréiert gëtt. Ee Wuert, wat zesumme féiere soll, trennt. An och wann dat oft der Realitéit entsprécht, benotzen ech dofir léiwer awer een anert Wuert: „vivre ensemble“. Eng gemeinsam Liewensgesellschaft, déi eng fest Mëtt huet an an där mer een deen anere mathuelen. Dat kléngt naiv, ass awer als Grondiddi ganz wichteg!
Méi konkret! Dir hutt de Kär vun eiser Gesellschaft skizzéiert: eis Geschicht, eis Kultur, eist Demokratieverständnis, eis Sprooch…Fänkt d’Integratioun net do schonn un ze quëtschen?
Dat ass eng ganz gutt Fro, déi weist, dass et ee wichtegt an tricky Thema ass. Theoretesch kéint dat quëtschen, mee an der Realitéit, mengen ech, net.
Mir liewen zesummen net am lofteidele Raum, mee op enger konkreter Plaz, Lëtzebuerg, mat enger Geschicht. An déi Plaz ass gepräägt duerch ee politesche System, d‘Demokratie, an eis Verfassung, mee och duerch eng wonnerschéin Sprooch an zugläich duerch eis Méisproochegkeet. Ausserdeem hu mer ee staarke Rechts- a Sozialstaat. Dat sinn eis „Kärelementer“, eis Grondwäerter.

Theoretesch kéint dat alles verännert ginn, wann d‘Majoritéit vun de Leit dat wéilten. Mee dat kann ech mer net virstellen.

Image par falco de Pixabay
Ganz wichteg awer ass, dass mer eis „Kärelementer“ net mëssbrauchen, fir GÉINT anerer anzesetzen. Villméi sollte mer INVITÉIEREN se z‘entdecken an ze fleegen.
Konkret heescht dat: ech fannen, dass et wichteg ass, dass Lëtzebuergesch eng gemeinsam Sprooch ass. Mee wann een et net kann, wäert ech dat net GÉINT en asetzen, fir en auszeschléissen, mee ech wäert en INVITÉIEREN, Lëtzebuergesch ze léieren an eist Land z‘entdecken, vläicht souguer mat mir zesummen.

 

Dir setzt also op eis Méisproochegkeet, mat Akzent op dat Lëtzebuergescht. Dobäi ass et nach just eng Saach vun e puer Joer, da sinn d'”Lëtzebuerger” Résident an der Minoritéit an d’Cohesiounssprooch ass elo schonn dacks dat Franséischt….

 

Dat ass béides ganz richteg. Oft ass souguer d‘Kommunikatiounssprooch éischter Englesch wéi Franséisch oder Lëtzebuergesch. Dat gehéiert zu eiser ganz komplexer ekonomescher Realitéit zu Lëtzebuerg.

Wat ech mer géif wënschen, ass, dass déi Parallelwelten vun den Expats oder de Frontalieren sech vill méi kräizen mat der Liewenswelt vun de Lëtzebuerger. Mir kënnen ee vun deem anere léieren. A wa mer hinnen eis Freed u Lëtzebuerg vermëttelen, a wa mer hinnen d‘Chance ginn, emotional oder finanziell an eist Land z‘investéieren, da komme mer zesummen an dat Boot vun engem faarwegen, interkulturelle Lëtzebuerg.

Ärt Wonschdenken an allen Éieren, ma wat kann d’Politik maachen am Sënn vun enger Integratioun, mat där sech eng Majoritéit vun de Leit net nëmme wirtschaftlech DOHEEM fillen?

Ech ginn dervun aus, dass mer eis eens sinn, dass ee fir d’éischt eng Visioun brauch, wou een hi wëll. Dat ass kee Wonschdenken, mee eng Iddi vun engem Ziel.

Wéi komme mer dohinner? Ech gesinn do eng ganz Rei vu Moossnamen, déi ech an der Chamber gesot hunn. Ech hunn nogezielt, et waren der 34. Déi wichtegst sinn a mengen Aen:

  • Eng Reform vum «Conseil national des étrangers » (CNE), well et ass dat repräsentatiivt Organ, dat d’Stëmm vun allen « Nët-Lëtzebuerger » zu Lëtzebuerg vertriede soll. Si musse matschwätze kënnen, an der Ëffentlechkeet hir Meenung soe kënnen. Well wann ee weess, wat net gutt leeft, da si. Dofir mengen ech, misst de CNE professionaliséiert a fir all Gesetzesprojet, dee mat senger Missioun ze dinn huet, d’office em een Avis gefrot ginn. An e misst méi enk mat der Basis verlinked ginn, also mat de «Commissions consultatives communales pour l’intégration » (CCCI).
  • De Problem ass, datt dat alles fir vill vun eis wéi Spuenesch kléngt, laang Zäit och fir mech. Et felen also Begéijnungsméiglechkeeten tëscht den Nationalitéiten. Hei sinn d’Gemengen de wichtegsten Acteur. Si hunn déi grouss Chance ze wëssen, wien bei hinne wunnt. De Syvicol huet hinnen ee super Handbuch ausgeschafft, wéi se déi verschidde Leit zesumme brénge kënnen. An a ville Gemenge lafe fantastesch «best practices».
  • Et gi Programmer fir d’Auslänner, fir Lëtzebuerg kennen ze léieren. Et ass d’Iddi opkomm, déi Programmer méi ze mëschen mat Lëtzebuerger, déi mat den Net-Lëtzebuerger zesummen dee Wee ginn.
  • Ech wëll och nach zwee grouss Fässer kuerz opmaachen. Et ass dramatesch, dass mer ëmmer nees zréck kommen op de Logement. Mee an der Integratiounspolitik féiert en zu grousse Problemer : well mer es net genuch hunn, gi vill Lëtzebuerger an dat benopert Ausland wunnen, sou dass do scho bal eng transfrontalière Diaspora entsteet, déi dann vu ville Servicer vum Land net méi profitéiere kann. Wéinst dem Logementsprobleem musse vill Leit pendelen a kommen net méi genuch mat der Resident-Bevëlkerung a Kontakt. Wéinst dem Logement musse vill Leit esou ee groussen taux d’effort opbréngen, dass se an der Aarmut hänke bleiwen, wat se an der Schéier tëscht Räich an Aarm ëmmer méi isoléiert.
    Image par kalhh de Pixabay

    Wéinst dem Logement komme vill bénéficiaires de protection internationale, also Flüchtlingen mat Statut, net aus de Foyeren eraus, wat déi real Gefor vum Kommunitarismus – virun där mer zu Lëtzebuerg op kee Fall d’Aen dierfen zou maachen – erhéicht. A wéinst dem Logement hänke vill Leit, virun allem och d’sans-papiers, an iergendwellechen Kaffiszëmmere fest, déi dacks een Hohn sinn vis-à-vis vum Grondbedierfnes op Wunnen.

  • An dat anert grousst Faass ass d’Groussregioun: u sech hu mer zu Lëtzebuerg keng bewosst Politik vun der Groussregioun. Mir profitéieren awer vill dervunn.

Héiert sech un wéi eng Kritik un d’Adress vun der zoustänneger Ministesch, der Madamm Corinne Cahen…

Ech géif et wëllen anescht formuléieren: d’Ressorten Integratioun a Groussregioun musse méi bewosst matenaner verbonne ginn. Doru kann een an deenen nächste Joren moossen, ob d’Integratiounspolitik eppes mat der Realitéit ze dinn huet.

De Logement läit jo an aneren Hänn. An ech fannen, dass dee Problem eng national Prioritéit brauch, well soss vergréisseren sech d’Inegalitéiten an den Aarmutsrisiko kënnt ëmmer nach méi an der Mëtt vun der Gesellschaft un. An dat ass Gëft fir d’Integratioun.

Dir hutt an Ärer Interpellatioun och vun neie Formen geschwat vu Biergerpartizipatioun. U wat denkt Dir konkret?

Jo, dat ass richteg. Integratioun huet nämlech ëmmer eng mënschlech, eng kulturell, eng sozial, eng ekonomesch an eng politesch Dimensioun. Biergerpartizipatioun gehéiert zum politesche Beräich am wäite Sënn: Deelhuelen un der Gestaltung vun eiser gemeinsamer Gesellschaft.

D’Reform vum CNE ass schonn esou eng Iddi. Mee et ginn nach anerer. An Neibelgien gëtt et ee sougenanntent Biergerparlament. Dat ass keng zweet Chamber, mee een duerch Zoufall zesummegesatent Gremium aus Bierger, déi d’Stëmm vun de Suerge vun de Bierger vertrieden. Op ville Plazen, sou och an der Stad Lëtzebuerg, gëtt et vill Biergerbedeelegungen bei der neier Gestaltung vu Plazen oder Quartieren. Um Kierchbierg gëtt et de «Quartier Stuff», eng genial Plattform, wou d’Leit aus dem Quartier sech treffen, sech kenneléieren, zesummen ee Gemeinschaftsgaart hunn a sech Gedanke maache, wéi se hire Quartier nach méi attraktiv maache fir all seng Awunner. D’Stad Diddeléng huet e puer nei Iddië gestart, déi ech spannend fannen. A well d’Bewunner total gemëscht sinn no Nationalitéit, Kultur, Relioun asw., ginn dat Plaze, wou se sech begéinen, zesummen entscheeden an domatt Integratioun virliewen.

D’Iddi hannendrun ass einfach: d’Bierger vun engem Quartier sinn déi éischt Betraffe vu Verännerungen. Also muss een se onbedéngt ëm hir Meenung froen, an zwar am beschten sou breet wéi méiglech. Aufgab vun de Politiker ass et dann, des Wënsch ze kombinéiere mat anere groussen Ziiler, z.B. soziale Wunnéngsbau ze schafen, de Quartier un den Transport unzebannen, genuch Natur am Quartier ze loosen etc.

Ech hunn Iech elo interesséiert nogelauschtert a kommen zu där wéineg iwwerraschender Konklusioun: e groussen Deel vun der Sozialkohesioun leeft iwwer de Portmonni, iwwer d’Ekonomie. Immigranten kommen op Lëtzebuerg wéinst senger wirtschaftlecher Attraktivitéit a fir an neie Formen vu Biergerpartizipatioun kënne mat ze maachen, muss een Zäit hunn an net Owes spéit nach musse schwaarz schaffen, fir iwwer d’Ronnen ze kommen. Dir hutt de leidege Probleem vum deiere Logement ugeschwat, ma op deem Punkt hu sech bis ewell all d’Parteien d’Zänn ausgebass. Hutt Dir elo d’Léisung?

U sech misst ee gläichzäiteg op 3 Niveauen usetzen:

Deen éischten ass den iwwergeuerdenten Niveau: eng gesellchaftlech Transitioun hin zum Bien-être als Prioritéit. Da geet et ëm Froe wéi: hunn ech genuch Zäit? Kann ech gesond liewen? Kann ech entspanen? Verdéngen ech genuch? Ech sinn net de grousse Fan vu bedéngungslosem Grondakommes, mee et gi Beräicher, wou een sech froe kann, ob de REVIS net ugepasst muss ginn an ob een net awer sollt mol Pilotprojeten starten. Et dierf op kee Fall sinn, dass Lëtzebuerg zu enger eenzeger grousser Entreprise gëtt. Hannen um Enn ass et den Niveau vun der Wuesstemsfro. An den CSV-Aarbechtsgruppe stelle mer eis déi Fro grad ganz intensiv: wat fir ee Wuesstem fir wat fir eng Resultater?

Deen zweeten Niveau ass dee vum Logement, also vun de konkrete «schlëmmste Beräicher». Dat ass fir mech am Moment eendeiteg de Logement, an deem sech déi sozial Ongerechtegkeete kristalliséieren.

Mee den drëtten Niveau ass awer deen, dee vum Portemonni lassgeléist ass. Studie weise jo no, dass bis ee gewësse Punkt Suen engem déi néideg Sécherheet ginn, mee dass vun engem gewësse Punkt un Sue net zousätzlech glécklech maachen. Dofir kann een Integratioun och net einfach mat Sue steieren. Am Konträr: grad hei brauch et ganz «mënschlech» Léisungen «aus Fleesch a Blutt», also Begéinungen, Austausch, Benevolat, Zäit, Sprooch, Visitten asw.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *