Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Gesellschaft

Mam Smutje Sven Clement e puermol ronderëm d’Welt 

Mam Smutje Sven Clement e puermol ronderëm d’Welt
Luxemburger Wort

 

De Sven Clement war bekanntlech am Politmonitor eng Zort Überflieger. An tatsächlech, hie versteet eppes vum Fléien. Op Twitter klappt hien an d’Flilleken, well de Staatsminister Xavier Bettel mam Privatfliger vu Paräis op Lëtzebuerg geflu war. Den ekologesche Foussofdrock gouf domadder net onbedéngt méi kleng. Mä, wat soll et! Och d’Annalena Baerbock hëlt net grad all Dag den Zuch! Allerdéngs ass de Pirat ënner sengesgläichen am Gespréich, bei all Geleeënheet op Däiwel komm’ eraus, de Fliger ze huelen. Hien hätt esou guer den honorary status!

Dee Status kritt een nëmmen, wann een extreem vill an der Loft ënnerwee ass, also eng Zort fliegender Holländer. In order to become a HON Circle Member, you need a minimum of 600,000 HON Circle miles in two consecutive calendar years. Et muss een am Joer also op 300.000 circle miles kommen. Wéi bréngt den Här Clement dat fäerdeg? An zugläich nach a Kommissiounssëtzungen an am Plenum present ze sinn!

Ganz rezent war de Sven Clement mat aneren Deputéierten ënnerwee fir an Amerika wéinst dem NATO-Parlament. Wéi si dohannen ukoumen, goungen se brav an de Bus fir an de Flughafen gefouert ze ginn. All, ausser de Sven Clement. Deen ass an eng schwaarz Porsche Cayenne geklommen, déi um Tarmac stoung op hien ze waarden. E besonneschen Service fir besonnesch gutt Clienten! An dat wär schonn méi dacks de Fall gewiescht. Den honorabelen Deputéierten huet also tatsächlech och een honorabelen Status an der Aviatioun?!

Ech hu mech bei him selwer ëmfrot an och beim Chamberpresident Fernand Etgen. Gëtt et e Regëster wou d’Auslanddeplacementer vun de Politiker agedroe ginn? Allebéid hu si bannent Stonnen geäntwert. Fir d’éischt awer dem Sven Clement seng Explikatiounen, ëmmerhin ass et hien, dee mat dëser Geschicht an de Fokus geroden ass.

Et goufen an de leschte Joer wéinst dem Covid eng Abberzuel Promotiounsaktiounen vu Miles&More. Zum Beispill goufen 2021 d’Meilen aus dem Joer 2019 nach eemol guttgeschriwwen. Donieft goufen et an dem Secteur richteg Solden: dat ganzt Joer 2021 bis Enn Juni 22 goufen et duebel Statusmeilen an duerno goufen et ëmmerhin nach 50% zousätzlech där Statusmeilen.

Dat bedeit eigentlech, datt een fir déi zwee Joer just huet mussen op d’Halschecht vun de Spillreegele kommen, also 300.000 Meilen fir 2021 an 2022. Den Här Clement rechent déi 120.000 Meilen aus dem Joer 2019 of a kënnt zur Konklusioun: “…ech sinn 2021 an 2022 e bësselchen méi wéi 150.000 Statusmeile geflunn, also nëmmen e bëssi méi an zwee Joer ewéi 2019 an engem Joer.

Weider weist de Pirat drop hin, datt d’Meilen och jee no Buchungsklass verrechent ginn. Esou huet de rezenten Deplacement op DC regulär 20.324 Statusmeilen abruecht; mat der Promo derbäi kënnt een op 30.000. Idem säin Deplacement a Japan: regulär 30.000 Meilen, mat Promo ronn 45.000.

wkipedia

Schliisslech ass de Sven Clement net nëmmen Deputéierten, ma huet och nach en éierbare Beruff nieft der Politik. An och fir säi Patron muss hien reegelméisseg an de Fliger klammen. De Mann léisst iwwregens déi komplett Transparenz spillen a spéngelt all seng Auslandsreesen op senger Websäit unhttps://sven.lu/dengschtreesen/ Beim Klabautermann! Dat nennt een Transparenz. Souzesoen e Mile Stone.

“…ech mengen, ech sinn deen eenzegen Deputéierten…”

deen all seng Déngschtreesen esou op senger Websäit verëffentlecht, schreift mir de Volleksvertrieder a gëtt doranner vum Chamberpresident confirméiert. Perséinlech war ech dovunner ausgaangen, datt all Politiker – och Regierungsleit- sech missten an e Regëster androen, wann si eng Rees an d’Friemt maachen. Do louch ech falsch. Zitat Fernand Etgen: esou eng Lëscht kann ech Iech leider net ginn.

Ma déi Zwee, Deputéierten ewéi President waren dovunner ausgaangen, datt mech d’Deplacementer géingen interesséieren wéinst dem ekologeschen Foussofdrock. Déi modern Beicht also. Fréier fir eng moralesch Sënd 3 Rousekränz an en Ave Maria, haut fir eng ekologesch Sënd Kompenséierung. De Sven Clement antizipéiert. Ech kompenséieren all Emissioun déi duerch d’Fléien entsteet, duebel, an zwar mat engem Mix vun Direct Air Carbon Capture an duerch Aktiounen déi zum Beispill Solarinstallatiounen an Afrika finanzéieren.

Esou Aktiounen ginn iwwregens vu Miles&More belount mat HON Cercle Meilen. Fir den Deputéierten sinn op déi Manéier zousätzlech 25.000 Meilen zesummekomm. D’Parlament ass wuel vum schlechte Gewësse geplot, well de President explizéiert mir: “….mä gären informéieren ech Iech awer, datt de Bureau vun der Chamber d’lescht Woch driwwer geschwat huet, de gesamten CO2-Foussofdrock vun der Chamber ze erfaassen. Soubal mir dëse Bilan erstallt hunn, wäerte mir natierlech och ëffentlech doriwwer kommunikéieren”.

Dat verwonnert dann dach! 9 Joer ass eng Regierung en place an där och Grénger vertruede sinn. Keen vun hinnen hat an deene ronn 100 Méint Zäit, iwwer de Foussofdrock vun hire Sandalen nozedenken. Ma dat gëtt jo elo nogeholl.

Zeréck zu de MILES&MORE. MILES: Den Här Etgen weist drop hin, datt a Krisenzäiten den Deputéierten ganz einfach gezwongen ass, méi dacks an d’Ausland ze reesen, fir datt d’Chamber eis demokratesch Wäerter kann héichhalen. MORE: dat kann dee schwaarze Cayenne sinn. Ein bisschen Spass muss sein, seet sech villäicht de Pirat. Anerer denke wuel éischter un eng Liederposch. Ma esou laang et transparent ass…

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Tjo, esou ass dat eben… esou bal am Ausland wou keen sie méi gesäit, gett eben d’Sau erausgelos. Do ass den Joe S. Biden mat sengem Cadillac One “the Beast” schon e bessen méi éierlech an weisst wat hien huet, ouni Komplexer an ouni de Kolli eropzeklappen an de Kapp eranzezéien. An hien hëlt säin Caddy op all sengen Reesen mat der Air Force One mat. Kann den Pirate-Sven dat och?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *