Recent Posts

Post Categories

Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...
De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...

Blog Post

Divers

Jeannot Weber: d’Kromm an der Heck! 

Jeannot Weber: d’Kromm an der Heck!
Photo de Lisa Fotios: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/nature-buisson-chemin-arbre-5716410/

 

Schonn méi ewéi eng Kéier gouf op dëser Websäit op d’Geschneits vun Hecken higewise. Munchmol ass et sënnvoll, fir de Mënsch oder och fir d’Heck selwer. Meeschtens allerdéngs net. D’Grënn déi dofir ugefouert ginn, sinn allkéiers entweder d’Sécherheet fir de Mënsch, an der Haaptsaach fir Automobilisten oder Vëlosfuerer; oder awer, well eng geschnidden Heck déit méi schéin, méi propper ausgesinn. De gréissten Hecke-Schneider zu Lëtzebuerg ass den Naturschutzsyndikat SICONA.

De Jeannot Weber war op en Neits mat der Kamera ënnerwee an huet och mat Leit vun deem Syndikat geschwat. Hien huet net schlecht gestaunt iwwer verschidden Explikatiounen. Wann een zum Beispill säitlech zum Wee eng Heck schneit, huet dat näischt direkt mat Naturschutz ze dinn! Echt, geldiert!?

De Sicona ass houfereg op seng Erfarung op deem Gebitt zanter 30 Joer. Hien realiséiert ëmmerhin a 40 Gemengen eng Rei Naturschutz-Projeten a weist op seng spezial Maschinnen hin, déi extra ugeschaafe goufen fir d’Schneiden esou präisgënschteg ewéi méiglech ze maachen. Déi Maschinnen verlaangen allerdéngs en extreeme Schnëtt, dee fir de Jeannot Weber kengem Critère a Punkto Naturschutz entsprécht.

Hei säi Reportage:

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *