Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Innepolitik

De politeschen Kamikaze vun der Corinne Cahen 

De politeschen Kamikaze vun der Corinne Cahen
paperjam.lu

 

Déi stater DP huet also hier Decisioun fir d’Gemengewahlen geholl an et ass eng riicht an d’Akaul vun der Corinne Cahen, zugläich eng voll an d’Gladder vun der Parteispëtzt! Déi Liberal aus der Haaptstad kommen einfach net zuwee mat der “C C”, wéi si munchmol genannt gëtt a schécken si an déi politesch Wüüst. Dobäi handelt et sech ëm eng ablécklech Ministesch an ëm eng Ex-Parteipresidentin. D’Madamm Cahen huet sech an den Abseits manövréiert a riskéiert sech selwer politesch ofzeschéissen!

Fir mat enger duebeler Spëtzt an d’Wahlen ze goen mat Lydie Polfer an Corinne Cahen, koum net a Fro, aus Grënn déi op der Hand leien. D’CC hätt eng Campagne fir sech gemaach, well hier Ambitiounen waren a sinn: eraus aus der Regierung, eran an de Palais vun den zwee Léiwen. An tatsächlech! Déi Blo an der Stad hunn eng Duebelspëtzt decidéiert, allerdéngs ouni Cahen.

D’Lydie Polfer kritt als Assistent de Patrick Goldschmidt, laangjärege Schäffen. Näischt géint dee Mann ze soen, ëmmer jovial, ni ze midd fir d’Patt ze ginn, eigentlech de gebuerene Lokalpolitiker. Ma dës Decisioun ass virun allem als Bollwierk ze verstoen géint de Rammbock vu baussen. Grad wéi wann d’Madamm Polfer net eleng als Spëtzekandidatin eens gi wier!

D’Madamm Cahen däerf awer mat, mä just als eng Kandidatin ënner 27. Dat ass eng batter Pëll fir d’Nach-Ministesch! Woubäi nach guer net feststeet, op wéi eng Manéier déi Lëscht optesch vun der Partei zesummegestallt gëtt. Evident ass jo mol, datt déi zwee Spëtzekandidaten op d’Plazen 1 an 2 gesat ginn. Wann duerno dem ABC-no gefuer gëtt, kéim d’CC zimmlech direkt hannendrun. Et ass allerdéngs och net auszeschléissen, datt een seng ablécklech DP-Leit am Schäffen- an am Gemengerot wëll an d’Vitrinn stellen, woumatt d’Aspirantin wäit no hannen géing rutschen.

Ma, esou oder esou huet d’Corinne Cahen de Mätsch verluer! Si geet als Ministesch mat an d’Gemengewahlen. Dat ass zwar compatibel, ma net grad gutt gesinn vu de Wieler, de fréiere Minister Robert Goebbels weess e Liddchen dovunner ze päifen. D’Chancen, anstänneg gewielt ze ginn, stinn souwisou net zum Beschten: am rezente Politmonitor koum si op der Plaz 26. Dat geet wuel kaum duer fir op den Troun an der Märei. Donieft wäert si et schwéier kréien sech besser ze platzéieren ewéi déi ablécklech Schäffen a Schäffinnen!

Sécher ass: si gëtt gewielt wéinst hirem Bekanntheetsgrad. Ma warscheinlech just an de Gemengerot, net nëmmen wéinst hirem perséinleche Wahlresultat, ma och well déi blo Kreesser ronderëm d’Märei alles wäerten dru setzen, fir si op Distanz ze halen. Also Member am Gemengerot! An dowéinst demissionéiert si aus der Regierung?! Schonn nëmmen eleng vum Finanziellen hir ass et wéi op enger ageseeftener Rutschbunn.

Awer och politesch gëtt et quokeleg. Kandidéiert si dann nees an den Nationalwahlen? Mat wat fir enger Motivatioun? De Buergermeeschterstull verpasst, da wielt mech elo zeréck an d’Regierung? Wat mir ze denke gëtt: dës Iwwerleeungen wäert d’Corinne Cahen selwer jo och maachen an esou wéi ech si aschätzen (a kennen) , wäert si alles dru setzen fir laanscht eng Blamage ze kommen. Si kandidéiert op der Lëscht DP a kandidéiert virun allem fir sech selwer. Dobäi dierft si méi ewéi eng Kéier aus der Rei danzen, bande à part maachen, hir eegen Zëppche kachen!

Dobäi ass d’Politik um Knuedler den Ament idyllesch roueg. De Koalitiounspartner CSV kuckt deem Parteiinterne Krich bei der DP geloossen – a wuel och amuséiert- no, kann eigentlech bei deem ganze Geschäerts just gewannen, an zwar op Käschten vun den Demokraten. A vun der Oppositioun an der Haaptstad héiert een esou gutt ewéi guer näischt. D’Sozialisten sinn ewéi vum Äerdbuedem verschwonnen, sinn op alle Fall déi lescht Deeg net weider opgefall an den Diskussiounen ronderëm de Budget vun der Gemeng Lëtzebuerg. An och den Nach-net-grad-Buergermeeschter François Benoy vun deene Gréngen huet sech grad esou diskret zeréckgehalen.

Just d’ADR huet gewisen, wéi et geet. Hire Mann am Gemengerot Roy Reding, souwisou bal ni present an de Sëtzungen, huet wéinst engem Verdikt um Geriicht demissionéiert. Dobäi wousst hien duerchaus, datt hien géif ersat ginn vun enger Marceline Goergen, eng Fra déi d’ADR verlooss huet an elo als “Onofhängeg” däerf am Gemengerot sëtzen. Domadder ass d’ADR weg vom Fenster, an dat 6 Méint virun de Wahlen!

Politik soll een vu Leit maache loossen, déi eppes dovunner verstinn. Just domm, datt et där net méi vill ginn!

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Jo, deem kann ee just voll zoustëmmen – besonnësch deem leschte Saz…’t ass am Fong ¨ëmmer manner ze verstoen, datt d’DP an der Stad sou gewielt gëtt – eenzeg méiglech Erklärung: d’Schwächt vun deenen aneren. LSAP – weder an der Regirung, nach an der Stad als “Sozialisten” z’erkennen, blass an ouni “Politpersonal”, CSV- a Lauerstellung (awer mat weem?), déi Gréng mat deem grad esou blassen a schläimege Spëtzekandidat, déi Lenk hu leider keen Terrain op deem bourgeoise Gebitt, déi Rechtspopuliste vum ADR sinn indiskutabel op där ganzer Linn – wéi ass et mat deenen am “Fokus”-ëmmerhinn wär dat schonn intressant, och op Landesniveau-mol ofwaarden, wat de Frank Engel a säin Entourage sech do nach afale loossen-wee weess? ‘t sollt ee sech iwwerasche loossen.
    An d’Schicksal vum CC ?…hoffentlech à la Titanic!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *